Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
https://moien.lu/bsa-rifle-dating/

Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn

Wat fir vill Automobilisten tëscht dem Freideg 21:00 an dem

sagar dating in the dark
https://moien.lu/bsa-rifle-dating/

taxx.lu – Esou ass d’Steiererklärung easy gemaach

Esou einfach a schnell war d’Steiererklärung nach ni erleedegt. Mam

D‘Lava vum Vulkan Kilauea bedreet eng geothermesch Fabrick op Hawaii
https://moien.lu/bsa-rifle-dating/

D‘Lava vum Vulkan Kilauea bedreet eng geothermesch Fabrick op Hawaii

D‘Lavastréim déi sech lues awer bestëmmt aus dem Vulkan Kilauea

Zesummenaarbecht mat eise belschen Noperen am medezinesche Beräich konventionéiert

Zesummenaarbecht mat eise belschen Noperen am medezinesche Beräich konventionéiert

Fir de Leit e besseren Zougang zu de Medikamenter an Gesondheetsproduiten ze erméiglechen, hunn d‘Belsch a Lëtzebuerg dëse 17. Januar, hir Deklaratioun vum 4. Juli 2016, bekannt ënnert der Bezeechnung „Gäichel IX“, an enger Kooperatiounskonventioun festgeluecht, mat där eng Verdéiwung vun der Zesummenaarbecht an dësem Beräich verankert gëtt.

Déi Belsch Gesondheetsministesch Maggie de Block an d‘Lydia Mutsch waren déi Haaptacteure bei dëser Zeremonie. Zu der Konventioun mengt d‘Maggie de Block: „Dank der grëndlecher Iwwerwaachung duerch d‘AFMPS, eiser Agence déi kompetent ass wat d‘Medikamenter an d‘Gesondheetsproduiten ubelaangt, kënnen déi Belsch Patiente sécher sinn, Medikamenter vun héijer Qualitéit ze erhalen, déi sécher an efficace sinn“.

„Dës Garantie fir de Patient gëtt elo duerch eng méi enk Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerg gestäerkt. Duerch den Informatiounsaustausch mat Lëtzebuerg gëtt et der AFMPS erméiglecht, nach méi séier anzegräife wann dat néideg ass“, esou déi Belsch Gesondheetsministesch weider.

Vum Accord si betraff:

  • d‘Iwwerwaachung vum Marché während dem ganze „Liewenszyklus“ vum Medikament an de Gesondheetsproduiten;
  • d‘Inspektioun an alle viséierte Matièren;
  • d‘Iwwerwaachung vun den Etüden, de Versich an de klineschen Investigatiounen;
  • d‘Evaluatioun vun den Dossieren;
  • den Austausch vun Expertisen, Ressourcen an Informatiounen;
  • d‘Aktivitéiten a Verbindung mat de Medikamenter, de medezineschen Dispositiounen, d‘Humanmaterial (Blutt, Zellen, Gewebe)

Wat d‘Medikamenter betrëfft, esou ass den Austausch vun den Auditte „JAP“ am Beräich vun der Hierstellung an der Konventioun virgesinn. Dat sinn d‘Auditten, déi vun der EU-Kommissioun mandatéiert ginn, an d‘Zil hunn eng Harmoniséierung vun der Uwennung bei der Hierstellung sécherzestellen.

Lëtzebuerg attraktiv fir d’Pharmaindustrie maachen

„Zil vum ganzen ass et, de Patienten e schnellen Zougang zu Qualitéitsmedikamenter ze erméiglechen. Déi systematesch Zesummenaarbecht mat der AFMPS, déi exzellent Kompetenzen an dësem Beräich virweise kann, erlaabt et eng kontinuéierlech Inspektiounsqualitéit oprecht ze erhalen, déi och dozou bäidréit, d‘Attraktivitéit vu Lëtzebuerg als Hierstellungssite fir Pharmazeutika ze steigeren“, betount hirersäits d‘Lydia Mutsch.

Am Accord ass dann och festgehalen, datt gemeinsam Equippen (Belsch a Lëtzebuerger) d‘Inspektiounen um Lëtzebuerger Territoire duerchféieren. D‘Formatioun vun der Lëtzebuerger Inspekter gëtt vun erfuerene belschen Inspekteren iwwerholl.

Zudeem gëtt den Austausch am RAS (Rapid Alert System), deen de Retrait vun net konforme Medikamenter iwwerwaacht, an den Austausch vun Informatiounen zu den Iwwerwaachungsprogrammer vum Marché, mat der Analys vun de Medikamenter gestäerkt. Grenziwwerschreidend Echangen a koordinéiert Inspektioune gehéieren och dozou.

mam SIP

Ähnlech Sujeten Gesondheetsministère, Kooperatioun, Lydia Mutsch, Maggie de Block
Nächsten Artikel Virrechten Artikel