Search

You may also like

Eng Sozial Visioun fir Europa
Neiegkeeten

Eng Sozial Visioun fir Europa

Viru kuerzem hat den „SPD-Europa-Ortsverein Luxemburg“ an d‘LSAP-Fraktioun zu enger

Huet d’Regierung d’Formatioun am Gesondheetssecteur vergiess?
Neiegkeeten

Huet d’Regierung d’Formatioun am Gesondheetssecteur vergiess?

Zënter 2001 setzt d’ALEPS (Associatioun Luxembourgeoise des Enseignants pour Professions

Wiessel un der Spëtzt vun ArcelorMittal
Neiegkeeten

Wiessel un der Spëtzt vun ArcelorMittal

Beim Leader am weltwäite Stolsecteur, ArcelorMittal, huet et e Méindeg

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen

Ugangs Oktober huet eng Lëtzebuerger Delegatioun mat der Gesondheetsministesch eng offiziell Rees a Japan absolvéiert. Sënn an Zweck vun der Rees war et, déi wëssenschaftlech Zesummenaarbecht tëscht béide Länner, am Gesondheetsberäich ze fërderen an ze stäerken.

Esou konnt d’Lydia Mutsch sech mat der japanescher Vizeministesch fir Gesondheet, Mizuho Onuma an enger Entrevue iwwert déi gemeinsam Themen ënnerhalen. Am Mëttelpunkt stounge Sujete wéi déi chronesch Krankheeten, d’Prise en Charge vun de Betraffene Leit an d’Aktiounen déi géint d’Alterung vun de Bevëlkerung, Alzheimer an d’Demenz, ageleet kënne ginn.

D’Mizuho Onuma huet eiser Ministesch dann och de „Plan Orange“ erkläert. Bei deem geet et virrangeg drëm der japanescher Bevëlkerung Informatiounen zu an iwwer d’Problemer am Beräich vun der Demenz ze ginn.

En Ofkommes fir d’Fuerschung

Am Kader vun der Rees, war d’Lydia Mutsch derbäi, wéi den Accord fir eng Zesummenaarbecht tëscht der Universitéit vu Juntendo an dem LCSB (Luxembourg Center for Systems Biomedecine)vun der Universitéit Lëtzebuerg ënnerschriwwe ginn ass. Hei geet et méi prezis gesinn, ëm d’Fuerschung am Beräich vun der Parkinson-Krankheet.

Dës Zesummenaarbecht sollt dann och Mëttelfristeg en direkten Impakt fir d’lëtzebuergesch Patienten hunn an enk verbonne gi mam Projet NCER-PD, wou déi vill Parkinson-Patienten zesummegeféiert ginn.

D’Kollaboratioun ronderëm d’Parkinson-Krankheet schaaft dann och Synergië mat der sekundärer Preventioun vu verschiddenen Demenz-Krankheeten. Hei notamment d’Ophuele vum Programm PDP (Programm zur Preventioun vun der Demenz) dee vum Gesondheetsministère ausgeschafft ginn ass.

D’Zesummenaarbecht tëscht RIKEN (Japan) an den zwou Lëtzebuerger Institutioune LIH (Luxembourg Institute of Health) an dem LCSB baséiert op engem Accord aus dem Joer 2015. Dee war vum FNR (Nationale Fong fir d’Fuerschung) mat RIKEN ënnerschriwwe ginn. Hei ka betount ginn, datt d’Aktivitéite ganz op der Linn vu Projeten ass, déi schonn ugelaf sinn. Esou de Projet „Clinnova“, bei deem et drëms geet d’Fuerschung an d’Spidol a bei de Patient ze bréngen.

D’Atoute vun der Zesummenaarbecht erkennen

Mat dëser „Visite“ huet Lëtzebuerg säin Interessi un enger enker Zesummenaarbecht bekräftegt. Dat net nëmmen op politeschem Niveau, méi besonnesch am Beräich vun der Wëssenschaft an dem Gesondheetssecteur.

Et war och eng gutt Geleeënheet fir d’Membere vun der Delegatioun, déi aus Vertrieder vum LCSB, dem LIH an dem FNR bestanen huet, sech mat de japanesche Kollegen auszetauschen. D’Relatioun tëscht de lëtzebuergeschen a japaneschen Institutioune sinn dann och besonnesch am biomedezinesche Beräich verstäerkt ginn.

Hei huet Lëtzebuerg mam LCSB an dem LIH zwee Organer déi eng unerkannten Expertis hunn, esouwuel am Beräich der neurodegenerativer Krankheet (z.Bsp. Parkinson), wéi an der Immunologie. An der Immunologie huet Lëtzebuerg dann och scho ganz vill Efforte gemaach fir eng Bréck tëscht der Recherche an dem Patient ze bauen.

Fir de Gesondheetsministère, deem de Fortschrëtt bei der Fuerschung vun degenerativen a demenzielle Krankheeten um Häerz läit, demonstréiert dës „Rees“ wéi wichteg d’Ënnerstëtzung an d’Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteuren ass. Et ass ebe méi einfach zesummen op en Zil hin ze schaffen, an esou zäitno nei Behandlungen ze entwéckelen déi de Patiente hëlleft nees gesond ze ginn.

mam SIP

Related topics Gesondheet, Japan, Lëtzebuerg, Lydia Mutsch, Parkinson, Universitéit
Next post Previous post