Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du Réimech?
womens funny dating profile examples Neiegkeeten

https://moien.lu/cougar-dating-apps-australia/

Réimech nennt sech gären d’Pärel vun der Musel. An déi

https://moien.lu/signs-he-is-dating-you/
womens funny dating profile examples Neiegkeeten

Den Tour de France 2017: Eng Analyse

Als Klassiker ënnert de Klassiker schreift den Tour de France

Eva-Stories: Wann et am Holocaust Instagram ginn hätt!
womens funny dating profile examples Neiegkeeten

Eva-Stories: Wann et am Holocaust Instagram ginn hätt!

Iwwert 1,2 Milliounen Abonnenten huet den Instagram-Account eva.stories schonn. Dobäi

Zil erreecht: 1 Millioun Ënnerschrëfte fir eis Déieren!

Zil erreecht: 1 Millioun Ënnerschrëfte fir eis Déieren!

Säit September 2018 ass déi Europäesch Biergerinitiativ fir d’Enn vun der Käfeghaltung (End The Cage Age) gelaf. Heibäi ass déi Europäesch Kommissioun dozou opgefuerdert ginn, mat der Déierenhaltung an de Käfeger opzehalen.

Elo ass bekannt gemaach ginn: dat ambitiéist Ziel vun 1. Millioun Ënnerschrëften an op mannst 7 Memberstaaten ass erreecht ginn. Zu Lëtzebuerg waren am Ganzen 4.500 Ënnerschrëften noutwenneg an dës Zuel ass souguer iwwertraff ginn. De Grand-Duché zielt soumat zu de 7 Länner, déi bei der Biergerinitiativ gebraucht gi sinn, fir esou d’Kommissioun zu enger Stellungnam opzefuerderen.

D’EU-Deputéiert Tilly Metz kommentéiert: „D’Erreeche vun den 1.000.000 Ënnerschrëften ass eng fantastesch Nouvelle fir déi sougenannt Notzdéieren an Europa a setzt ee staarkt Zeeche géint d’Käfeghaltung an Europa. D’EU-BiergerInnen suergen sech ëm d’Wuel vun den Déieren a fuerderen eng aartgerecht Haltung.

Vun der neier EU-Kommissioun erwaarden ech net nëmmen, datt si sech dem Thema unhëlt, mee och datt si mat ganz konkrete Gesetzesvirschléi weist, datt si d’Fuerderung nom Enn vun der Käfeghaltung eescht hëlt. Ech si stolz op dat, wat a Lëtzebuerg geleescht ginn ass a soe vu ganzem Häerzen den Déierefrënn an de Membere vun der Zivilgesellschaft Merci, déi dës Victoire fir d’Déiere mat hirem onermiddlechen Asaz méiglech gemaach hunn!“

Hannergrond

Fir datt déi europäesch Biergerinitiativ Erfolleg huet an d’Kommissioun reagéiere muss, huet et an engem Joer 1.000.000 Ënnerschrëften aus minimum 7 verschiddene Memberstaaten vun der EU gebraucht. Dobäi gëtt et fir all Land eng Mindestzuel un Ënnerschrëften, déi sech op d’Gesamtbevëlkerung rechent.

Ähnlech Sujeten Déierefrënd, Déiereschutz, End the Cage Age, EU-Kommissioun, Käfeghaltung, Notzdéieren, Petitioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel