Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esch-Uelzecht: De Budget am Mëttelpunkt
International Kultur Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: De Budget am Mëttelpunkt

Déi lescht Gemengerotssëtzung vun 2017 huet sech bal integral mat

D’Gripp zu Lëtzebuerg ukomm: Op wat een elo oppasse sollt
International Kultur Neiegkeeten

D’Gripp zu Lëtzebuerg ukomm: Op wat een elo oppasse sollt

An dëser Woch konnten déi éischt Grippefäll zu Lëtzebuerg festgestallt

Thailänner zefridde mat der Militärjunta?
International Kultur Neiegkeeten

Thailänner zefridde mat der Militärjunta?

Während d‘Majoritéit vun den Observateuren déi oppositionell „Pheu Thai“ Partei

Wann 120.000 Zigarettestëmp zu bedeitender Konscht ginn

Wann 120.000 Zigarettestëmp zu bedeitender Konscht ginn

Wat den Een als Dreck ugesäit, ka sech fir een Anere gären emol als Deel vun engem Konschtwierk erausstellen. Esou och beim Negweny El Assal, een 69 Joer alen ehemolegen Apdikter, deen Zigarettestëmp fir seng eenzegaarteg Mosaiker notzt. Mat sengen Botz-Aktiounen a Kombinatioun mat der artistescher Notzung vum Offall mécht hien net nëmmen op Fëmmen als Sucht, mee och nach op d’Ëmweltverschmotzung opmierksam.

Ronn 3.000 Zigarettestëmp pro Auer – dat ass den trauregen Duerchschnëtt, deen den Assal pro Stonn opreeft. Säit hien ëm Mäerz mat dëser Botz-Aktioun ugefaangen huet, sinn eng sëlleche Konschtwierker entstanen, déi net nëmmen a sech selwer ee Message droen, mee och vum Motiv hir géint d’Verknaschtung vun der Ëmwelt an d’Schiedegung vun der Gesondheet duerch Fëmme ginn.

Zigarettestëmp

Den Negweny El Assal presentéiert seng Konschtwierker

Zahnpasta an Zigaretten – d’Mëschung mécht et

Dobäi schneit hien d’Filteren an der Halschent duerch a pecht se mat Zahnpasta op den Ënnergrond. De Geroch kann ee sech och sécherlech ouni „Gerochsinternet“ virstellen. Mat der spezieller Technik entsti vun Déieren, déi fëmmen, iwwert Doudekäpp, bis hin zu Schrëftzich verschidde Biller, déi den Impuls zum Nodenke ginn.

Den häerzleche Papp vu 6 Kanner a 4 Enkele kënnt eigentlech aus Egypten, lieft zu Lëtzebuerg, schafft awer ënnert der Woch a Groussbritannien fir Cigarette Waste Management Limited. De Grond fir dës extrem Spréng ass dem Artist säi Wëllen aus engem touristeschen Hotspot nees d’Schéinheet ervir ze bréngen, andeems hie fir propper Stroosse suergt. „Wann ech erausginn hunn ech an enger Hand eng Pëtz an ee Kuerf fir d’Zigarettestëmp ze sammelen. Ech hunn och eng Plastiktuut dobäi fir anere Knascht ze rafe wärend ech trëppelen“, sou den Assal.

Domat awer nach net genuch. A senger perséinlecher Missioun läit et dem Kënschtler och um Häerzen Entreprisen op de Problem vun den Zigarettestëmp opmierksam ze maachen. Installéiere si eng speziell Box, fir datt d’Leit de Rescht vun der Zigarett propper entsuerge kënnen, landen dës Offäll net um Buedem. Esou plangt hien ënnert anerem lokale Firmen eng 1.400 Entsuergungsbehälter fir d’Filteren ze offréieren.

Zigarettestëmp

© Negweny El Assal

De Problem mat den Zigarettestëmp

Nieft dem übleche Plastikoffall sinn et d’Zigarettestëmp, déi am heefegsten an eise Gewässer a Weltmierer ze fanne sinn an domat net nëmmen der Waasserqualitéit zousetzen, mee och d’Liewewiese schiedegen. „D’Leit realiséieren net, datt Filteren och aus Plastik sinn. Si mengen et wier Kotteng. Den Offall gëtt oft vu Méiwen opgeraf a genotzt fir Näschter ze bauen“, erkläert den Egypter.

Dobäi kënnt, datt dëst mëllt Stéckt Plastik och nach mat ënnerschiddleche Chemikalie vollgesuckelt ass, déi fir all Liewewiesen toxesch sinn. Den Trend geet iwwregens hin zu ëmmer méi klenge Filteren, déi duerch hir Gréisst nach méi einfach am Kierper vun Déieren oder och als Réckstänn am Waasser ze fanne sinn.

Fir d’Zukunft hofft den Assal, datt et méi streng Gesetzer zur Entsuergung vun Offall ginn. Et sollten d’Zigarettenhiersteller sinn, déi de Präis fir d’Botze bezuelen, mat Sensibiliséierungscampagnen d’Leit opklären an hiren Deel zum Ëmweltschutz bäidroen, an net een eelere Mann, deen de Knascht vun Aneren opreeft.

Ziler soll ee sech héich setzen, an esou wier et een Häerzenswonsch vum Assal, fir all eenzelen Zigarettestomp vun de Stroosse vun der Stad ze eliminéieren. Wéi een et unzegoen huet, weist hie selwer a geet soumat als Virbild ervir.

Ähnlech Sujeten Blackpool, Dreck, Ëmweltverschmotzung, Entsuergung, Fëmmen, Filter, Gesondheet, Groussbritannien, Knascht, Lëtzebuerg, Negweny El Assal, Plastiksoffall, Zigarettestëmp
Nächsten Artikel Virrechten Artikel