Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kaffisgespréich mam Stater Schäfferot
league of gentlemen dating agency cash warren dating history

radiocarbon dating canada

Et ass ëmmer nees e Pleséier, emol de Mount um

https://moien.lu/a-christian-perspective-on-dating/
league of gentlemen dating agency cash warren dating history

What the Fakt – D’Aweiung vum Paräisser Schandfleck!

Op den Dag genau ass sinn et 130 Joer, datt

LINC Coworking – ee villfältegt Ekosystem fir Start-Ups a Spezialisten
league of gentlemen dating agency cash warren dating history

LINC Coworking – ee villfältegt Ekosystem fir Start-Ups a Spezialisten

Virun 10 Joer ass LINC SA gegrënnt ginn. Och no

Ziilféierend Krichsrhetorik aus Washington

Am Dissens mam Iran ginn dem US-President d‘Optiounen aus

Ziilféierend Krichsrhetorik aus Washington

De Konflikt tëscht den USA an dem Iran ass nom Ofschoss vun enger Dron elo an eng geféierlech Phas agetrueden. Ëm een Hoer wier et zum Vergeltungsschlag komm. Interessant zudeem: Béid Lager wiere bereet fir e Krich, esou d‘Rhetorik. Mee wier et e Krich deen de Iran verléiere géif?

Nodeems den Donald Trump sech via Twitter „ausféierlech“ zur Saach geäussert a virun allem den Ofbroch vum Géigeschlag begrënnt huet, muss der Welt kloer sinn, datt den US-President hei ee ganz geféierlecht Spill dreift. Woubäi hien hei net eleng agéiert an vill Hänn am Hannergrond un de Fiedem zéien. Esou de Sécherheets Beroder John Bolton, wéi och de Vizepresident Mike Pence…

Krichsrhetorik

Wann ee dann och nach bedenkt, datt den Donald Trump ass senger leschter Wahlcampagne gesot huet, datt hien d‘USA aus de Konflikter am Noen Osten erauszéie wëll – wat mat der Reduzéierung vun der Truppestäerkt am Afghanistan, Irak oder Syrien jo eigentlech de Fall ass – ass ee genéidegt sech ze froen, wéi eng Strategie hien hei verfollegt a wie vun den Alliéierten ënnerstëtzt dat Ganzt?

Krichsrhetorik

Elo kann een natierlech dovunner ausgoen, datt d‘USA déi „besser“ Mëttel hunn an de‘Iraner am Fall vun enger bewaffenter Ausenanersetzung de Kierzeren zéie géifen. Sech awer nëmmen drop ze verloossen, datt e Land e Krich aus Mangel u wirtschaftleche Ressource verléiert, ass e Feeler. Den Iran huet sech eng schiitesch Verdeedegungsachs opgebaut, déi bis an de Libanon reecht…

An elo wéi geet et weider?

Interessant an dëser Situatioun, dat ass de Fait, datt den US-President vu sengen Unhänger an dem Haussender „Fox-News“ fir säi Réckzuch a leschter Minutt gefeiert gëtt. Woubäi ee bei Fox-News schonn d‘Krichsrhetorik ausgepaakt hat: „Mir stinn un der Schwell zum Krich. Mee all Kris enthält och eng Chance“, esou de Fax-News Journalist Geraldo Rivera. E Weltkrich als Kris mat Chancen?

Krichsrhetorik

Laut der New York Times géif de Milliardär selwer an enger Kris stiechen. Eigentlech wollt den Donald Trump seng Jongen aus der Regioun ofzéien. De Revirement awer wier sengem Kabinett vun Hardliner geschëlt. An nieft dem Sécherheetsberoder an dem Vizepresident, sinn och déi nei CIA-Cheffin Gina Haspel an den US-Ausseminister Mike Pompeo, engem Konflikt net ofgeneigt.

Krichsrhetorik

Hier Virstellung: et muss analyséiert ginn ob en Ugrëff verhältnesméisseg ass an derzou féiere kann, datt sech d‘Ajatollahen iwwerleeën ob et net besser ass nozeginn an sech den USA ënnerwerfen. E Regimewiessel zu Teheran ass jo dat eigentlech Zil vun der trumpscher Aussepolitik. Mee d‘Iraner sinn nach net u Gespréicher mat engem President interesséiert, dee Verträg einfach zerrappt.

mat indymedia/was/nyc

Foto: Robert Waghorn/Pixabay

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Iran, Krichsrhetorik, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel