Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UN-Sécherheetsrot beschléisst humanitär Wafferou fir Syrien
youth pastor dating student Neiegkeeten

https://moien.lu/free-online-dating-sites-in-virginia/

No iwwer 500 Doudeger a 7 Deeg am ëstleche Ghuta,

dating a police officer memes
youth pastor dating student Neiegkeeten

De Studente nei a besser Opportunitéite bidden

Zwee nei „Bachelor professionell“ (BTS) ginn op der UNI-Lëtzebuerg agefouert.

1. Mee beim LCGB: selbstbewosst ewéi nach ni!
youth pastor dating student Neiegkeeten

1. Mee beim LCGB: selbstbewosst ewéi nach ni!

Et war nach roueg um Mëttwoch de Moien zu Réimech

Zivil Loftfaart braucht bis 2036 iwwer 600.000 Piloten

Zivil Loftfaart braucht bis 2036 iwwer 600.000 Piloten

De Wuesstem an der Loftfaart verlaangt bis 2036 de Rekrutement vun iwwer 600.000 Piloten uechter d‘Welt. Esou d‘Evaluatioun vun der internationaler Organisatioun vun der ziviller Loftfaart (ICAO) déi drop hiweist, vill Piloten och ufänken an den Alter ze kommen.

Och verduebelt sech d‘Zuel vun de kommerzielle Flich (Fracht a Passagéier) all 15 Joer, während déi qualifizéiert Aarbechter an dësem Secteur ofhuelen. Dat de Message vun der ICAO-Generelsekretärin Fang Liu, virum Conseil vun den internationale Relatioune vu Montreal (CORIM).

Interessi schafen

D‘Fang Liu huet op „déi onweigerlech Alterung vun der Bevëlkerung, de Réckgang vun de Gebuerten a weider Faktoren higewisen, wéi de Fait, datt jonk Talenter vun aneren héich technologesche Secteuren ugezu ginn“. Déi zivil Loftfaart muss also „besser gi fir déi qualifizéiert Leit unzezéien a sech ze erhalen, déi si iwwer déi nächst Joerzéngte benéidegt“.

Zemools wou d‘ICAO, eng Agence vun de Vereenten Natioune, der Usiicht ass, datt ee bis 2036 „op mannst 620.000 Pilote“ wäert brauchen, fir d‘Fliger ab 100 Sëtzplazen oder méi ze bedéngen. „An 80% vun dësen neie Piloten, wäerten dann och just hir Formatioun ofgeschloss hunn, de Kommando iwwert de Fliger kréien déi dann nach net“, betount d‘Fang Liu.

De Problem gëtt et och an aner Beräicher

„An dës Problemer sinn net op d‘Pilote beschränkt. Dat gëllt gläichermoosse fir Fluch-Kontroller, d‘Personal dat sech ëm d‘Maintenance vun de Fliger soll këmmeren, an e sëllechen aner technesch Beruffer vun der ziviller Loftfaart“, ënnersträicht d‘Generalsekretärin vun der ICAO.

De Wuesstem vun der ziviller Loftfaart hänkt natierlech mat der Liberaliséierung vum Tourismus zesummen, mee och d‘Loftfracht hëlt bestänneg zou. Verdierflech a besonnesch deier Gidder ginn haut zu 90% mam Fliger ausgeliwwert. 2010 waren et do nach 16%.

All Joer reese bis zu 4,1 Milliarde Mënsche mam Fliger, an en Drëttel vun de Wueren déi op der Welt transportéiert ginn, benotzen dofir de Fliger. An dësem Kontext muss och drop higewise ginn, datt et net méi genuch Fluchhäfe gëtt. D‘Kapassitéite sinn aktuell „ganz no“ um Limitt.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Cargolux, CORIM, ICAO, Piloten, Zivil Loftfaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel