Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weltkriibsdag 2020: All Joer ginn et 3.000 nei Kriibspatienten zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten Stories

Weltkriibsdag 2020: All Joer ginn et 3.000 nei Kriibspatienten zu Lëtzebuerg

Um Internationalen Dag géint de Kriibs gëtt zu Lëtzebuerg d’Haaptaamierk

Hei leeft d’Realitéit, awer virtuell, an dat am Neimënster
Neiegkeeten Stories

Hei leeft d’Realitéit, awer virtuell, an dat am Neimënster

Nom immense Succès vum VR Pavilion gëtt och 2020 déi

Chamberwahlen: D‘CGFP wéist nawell gären, wou ee mat de Parteien drun ass
Neiegkeeten Stories

Chamberwahlen: D‘CGFP wéist nawell gären, wou ee mat de Parteien drun ass

Den Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem ëffentlechen Déngscht (CGFP)

Justiz an Datesécherheet ginn net Hand an Hand

Revelatiounen an de Medie féieren zum handfesten Zodi an der Chamber an et wäert net dobäi bleiwen

Justiz an Datesécherheet ginn net Hand an Hand

Nodeems Mediahuis iwwert eng exklusiv awer detailléiert Asiicht a bei der Justiz illegal ofgezunne Fichieren an Date bericht huet, huet de Parquet iwwerraschend séier reagéiert. Och d‘CSV ass hei ganz Rapid op den Artikel aus dem Lëtzebuerger Wort agaangen, wéi aus der drénglecher Fro vum Deputéierte Laurent Mosar ze enthuelen ass.

Datt Verwaltungen et mat der Datesécherheet net einfach hunn ass zanter der Affär mat de geheime Justiz- a Policefichieren oder dem informatesche Skandal an der Chamber net nei, an ugesiichts de Reaktiounen an de sozialen Netzwierker, schéngt et zudeem kaum den ëffentlechen Interessi ze erwächen. Laanscht eng Enquête, kënnt de Parquet awer net an och politesch stellen sech hei Froen.

Wat elo de politesche Volet betrëfft, esou hätt deen och kënnen ënnert de medialen Dësch falen, mee gewëss Ëmstänn, hunn dëse Sujet gehéierlech an de Virdergrond gestallt. Schold dorunner dréit de Chamberpresident Fernand Etgen (DP) dee gëschter d‘Urgence vun der drénglecher Fro vun der CSV verworf huet, an zolidd, wann och verbal grenzwäerteg, de Kapp gewäsch kritt huet.

Et war déi berühmten Drëps déi d‘Faass zum iwwerlafe bruecht huet, an d‘Oppositioun huet hir bedenken zur Kompetenz vum Chamberpresident ganz däitlech zum Ausdrock bruecht. An esou ass et och net beim Gestreits ëm déi Urgent parlamentaresch Fro bliwwen. De Fernand Etgen, vun deem erwaart gëtt, datt hien all d‘Membere vun der Chamber vertrëtt, huet es vun alle Säite kritt.

En dommt Gesiicht a leider kee gudden Androck

De Fernand Etgen, hat déi vun den Deputéierte Mosar a Roth agereechten drénglech Fro mam Argument: „Ech hunn d‘Urgence vu gewësse Froen net unerkannt, well se an eng Villfalt vun ze laangen Niewefroen ënnerdeelt war“ zréckgewisen. Dat esou ee politesch brisante Sujet, deen duerchaus de Kritär vun der Aktualitéit erfëllt, senger Appreciatioun ënnerworf ass, inakzeptabel.

Elo ass gewosst, datt de Chamberpresident scho weess aus wéi enger Famill hie kënnt a wiem verflicht ass, och wann dat faktesch net mat sengem Amt vereenbar ass. Et ass och net säin éischte Versuch den Deputéierten – deenen hiert fundamentaalt Recht doranner besteet d‘Aarbecht vun der Regierung ze iwwerwaachen an mat Froen ze beliichten – hir Froe muedebëtzeg ze maachen.

Hien huet sech eng helle Wull u Virwërf miss gefale loossen, an huet dat mat enger Nonchalance hi geholl, déi de Wuertschatz vun den Oppositiounsdeputéierten u seng Grenze bruecht huet. Nodeems d‘Piraten, d‘ADR an déi lénk dem liberale Politiker d‘Chambersreglement wuertwiertlech ëm d‘Ouer geschloen huet, gouf ersiichtlech, datt de Fernand Etgen den Dissens aussëtze wollt…

Eppes méi am Detail

Als éischt huet d‘CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen Positioun zu der drénglecher Fro geholl a festgestallt, datt engersäits vu 17 urgente Froen 1 ugeholl ginn ass, vun de leschte véier dofir guer keng. Nieft der Fro zum „Datelach“ bei der Justiz, wou et ëm „sechs Meter Bicherregal“ u vertraulechen Informatioune goe soll, sinn och d‘Froen zur HORESCA an der Schoul-Reprise als net urgent appreciéiert ginn. Si huet d‘Objektivitéit an de Seriö vum Chamberbüro hannerfrot.

De Fernand Etgen huet erwiedert, datt déi meeschten urgent Froe scho vun anerer Säit als „einfach“ Fro géife virleien, d‘Froen ze laang, ze komplex an och soss net dem Reglement, esou wéi hien dat mam Generalsekretär interpretéiert, géifen entspriechen. Hie wëll dëst Argument dann och nach als gutt gemengte Rot verstane gesinn, a den Dissens hannert zouen Dieren an der Presidentekonferenz am Fong zur Diskussioun bréngen. Dat ass wuel eng Optioun, mee et koumen nach Riedner…

Esou den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen, dee feststellt, datt ee wuel nach ëmmer am Etat de Krise ass, mee d‘Kontroll vun der Regierung duerch d‘Parlament nach ëmmer Bestand huet. Esou hunn déi Deputéiert d‘Recht hir Froen un d‘Membere vun der Regierung ze stellen, a wann et néideg ass, ass dës eben urgent. An de Problem deen sech hei opdeet, betrëfft jo och net eleng déi drénglech Froen. Ëmmer ëfters gi Froe verworf an eng nei Formuléierung vun eenzele Wierder/Sätz gefrot.

An de Gast Gibéryen schléit dem Chamberpresident vir, datt et jo wuel méi einfach wier, wann den Deputéierten dem Chamberbüro Bescheed seet zu wat hien eng Fro stelle wëll, an si déi da mat hire Wierder stellen, an se dem Deputéierten „pour Accord“ zréckginn. De Fernand Etgen huet och op dës kuerz Interventioun just mam Hiwäis op d‘Chambersreglement reagéiert. Den David Wagner (déi lénk) huet d‘Argumenter vun de Virriedner gestäipt a fuerdert nees d‘Reform vum Reglement.

Och säitens de Piraten, ass déi eegewëlleg Interpretatioun vum Chamberbüro bei de Froe vun den Deputéierte Grond sech ze iergeren. Esou huet de Sven Clement – wéi eigentlech all d‘Kolleegen aus der Oppositioun – net wëlles sech beléieren ze loossen, wéini eng Fro ze komplex ass, fir datt se kéint urgent sinn. Dat ass kee Kritär fir d‘Urgence, grad wéi d‘Ernimmung vun enger Entreprise déi dem Staat gehéiert (also pseudo privat ass) dem Kritär vum „generellen Interessi“ entsprécht.

Wat d‘Delaie betrëfft, déi éischter seele vun den zoustännege Ministere respektéiert ginn, esou géif et elo. D‘Martine Hansen hat schonn hiren Onmutt dozou geäussert a sech beschwéiert den Äntwerten ëmmer mussen nozelafen. Wéinst de Kris hätt ee sech wuel drop gëeenegt net esou streng mat dësen Delaien ëmgoen ze wëllen, an et géif jo d‘Méiglechkeet vun enger Verlängerung vun dësem Delai, dee muss just schrëftlech gefrot ginn, wat anscheinend scho länger net de Fall ass.

Et wäert een also, wa sech jiddereen op de Punkt an de Komma vum Reglement berifft, dann elo mussen, am Fall wou den Delai iwwerschratt gëtt, déi Froe Regelkonform an der Plenière opwerfen an op eng Äntwert bestoe mussen. Dem Fernand Etgen seng „Äntwert“ op d‘Interventioun vum Sven Clement huet fir eppes „Tumult“ bei der Oppositioun gesuergt. A wann ee scho mam Läffel an de Bräi schléit, ass et net verkéiert nach eng drop ze leeën. Eppes Zeréckhaltung war keng Optioun.

Bei der Invitatioun un den nächste Riedner, huet de Fernand Etgen gemengt: „Den Här Roth wëll och nach säi Pefferkär bäisteieren…“. Erneit Tumult bei der Oppositioun an de Gilles Roth – et konnt een him et ofgesinn an net verdenken – war gelueden. „Mir sinn hei net an engem Bimbo-Theater“ esou den CSV-Deputéierten, deen et du lafe gelooss huet, an dem Fernand Etgen nach emol zu Häerze geluecht huet, seng Decisioun nach emol ze iwwerdenken an d‘Fro zouzeloossen.

Wärend dëser schonn zimmlech intensiver a weeweisender, zum Gléck awer nëmme verbaler, Ausenanersetzung, huet de Vizepremier François Bausch (déi gréng) sech mat der Justizministesch Sam Tanson (déi gréng) ënnerhalen. Hie schéngt d‘Situatioun gutt duergestallt ze hunn, wëll d‘Ministesch erkennt hirersäits d‘Urgence vun der Fro un a kënnt Haut an d‘Chamber fir den CSV-Deputéierte Roth a Mosar Satisfaktioun ze ginn. Eng weider Néierlag fir de Chamberpresident?

Illustratioun: © Lopez Robin / unsplash

Ähnlech Sujeten Chamber, Chamberpresident, Deputéiert, Fernand Etgen, Oppositioun, parlamentaresch Fro, urgent Froen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel