Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Aretha Franklin, Queen of Soul, ass vergaangen
Neiegkeeten

D‘Aretha Franklin, Queen of Soul, ass vergaangen

Déi amerikanesch Soul-Legend Aretha Franklin, Sängerin an onermiddlech Militantin fir

Stad Lëtzebuerg: JCDecaux behält de „Vël‘oh“ am Grëff
Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: JCDecaux behält de „Vël‘oh“ am Grëff

Am Abrëll hat d‘Stad Lëtzebuerg de Service vum Locatiounsvëlo nei

Halbzeit fir de franséische President: Messias oder Blender?
Neiegkeeten

Halbzeit fir de franséische President: Messias oder Blender?

Et ass déi franséisch Versioun vum amerikanesche „Midterm-Bilan“ woubäi sech

Zodi um Härebierg

Wann e Gewerkschaftler zum Problem gëtt, muss en ausgelagert ginn…

Zodi um Härebierg

Béi der Lëtzebuerger Arméi ass Salz am Kaffi. Säit Mëtt der Woch leien sech d‘Gewerkschaft vun der Force Publique (SPFP) an den Etat-Major vun der Arméi an den Hoer. Grond: D‘Arméi hätt wëlles de President vun der Gewerkschaft vum Personal vun der Arméi (SPAL), Christian Schleck, op en neie Posten ze (ver)setzen.

De SPAL-President war den 13. Mee, kuerz virun der Generalversammlung vum Beruffsverband, convoquéiert ginn. Et wier sech iwwert déi berufflech Zukunft vum Interesséierten ënnerhale ginn, esou den offiziellen Hannergrond. Wat ass dem Christian Schleck, seng Missioun: sech ëm d‘Press, d‘Reklamm an dem Erscheinungsbild vun der Arméi ze këmmeren.

Elo géif him vum Etat-Major de Virworf gemaach, datt säi gewerkschaftlecht Engagement zum Problem verkomm ass. Aus dësem Grond – zumindest sinn sech d‘Beruffsverbänn doranner eeneg – soll de Mann eng nei Affektatioun kréien. An der Motivatioun, esou den SPFP, géif et eng Rei generell an ondäitlech Virwërf, déi eenzeg zum Zweck hunn der Kontestatioun entgéintzewierken.

En ongemittleche Charakter

Motivéiert ass dem Etat-Major vun der Arméi säin ongléckleche Beholl, duerch d‘Interventioun vum Christian Schleck bei der Generalversammlung vum SPAL, wou haart Wierder géint de neie Verdeedegungsminister François Bausch (déi gréng) soll gebraucht gi sinn. De SPAL-President freet sech ënnert anerem wéi et mat der Reform vun der Arméi soll weidergoen.

Hien a seng Kollegen si beispillsweis géint eng gréisse Ëffnung vun der Arméi fir Auslänner déi zu Lëtzebuerg wunnen. Sécher géif et Problemer beim Rekrutement (an de Christian Schleck, dee matgehollef huet de Rekrutementsbüro um Boulevard Royal anzeriichten) mee déi wieren an éischter Linn dem Fakt geschëlt, datt et ze wéineg Zukunftsperspektiven nom „Service“ géif ginn.

Den Etat-Major dementéiert

Elo schléit „de Changement vun der Carrière“ natierlech am Land grouss Wellen an den Etat-Major huet et net gäre wann déi „knaschteg Wäsch“ an der Ëffentlechkeet ausgedroe gëtt. Éischter genéidegt wéi bedrängt, huet sech den Etat-Major dann elo zu Wuert gemellt, an dementéiert alles wat bis ewell an de Medien a vun de Beruffsverbänn esou an d‘Welt gesat ginn ass.

„D‘Personal (also d‘Zaldoten) ass der Arméi seng wichtegst Ressource“ esou den offiziellen Toun. Den Etat-Major hätt ëmmer d‘Personaldelegéiert am Interessi vun der Arméi ënnerstëtzt an et wier ni e Syndikalist wéinst senger Funktioun oder Gewerkschaftsaarbecht geschiedegt oder op soss eng Manéier bedrängt ginn. E verstouss géint gewerkschaftlech Rechter géifen och net toleréiert.

Eng klassesch Prozedur?

An der „Erklärung“ vum Etat-Major heescht et weider, datt et üblech ass, datt en Zaldot no dräi bis fënnef Joer versat géif ginn. Dat hätt och domatter ze dinn, datt een hinnen déi gréisst méiglech Chance well bidden, an der Carrière ze evoluéieren. Fir den Adjutant-Chef Schleck, zanter 2014 op dësem Posten, wier den Zyklus ofgeschloss an et wier un der Zäit sech nei ze orientéieren.

Säin Adjoint – säit 2017 – wier elo fit genuch dem SPAL-President seng Missioun ze iwwerhuelen. D‘Rotatioun wier an d‘A gefaast ginn, well den Ament sech ubitt eng Transitioun ouni Tëschefäll op d‘Rei ze kréien. Zudeem géif et sech fir den Adjutant-Chef um Enn jo och finanziell Lounen, et géif ee jo bei der Arméi éischter d‘Trapp eropfalen. Schued datt de Christian dat anescht gesäit…

Ähnlech Sujeten Arméi, CGFP, Christian Schleck, Etat-Major, Härebierg, SPAL, SPFP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel