Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: d‘EU erhéicht den Drock
Kultur Stories

Brexit: d‘EU erhéicht den Drock

En Donneschdeg hunn déi europäesch Staatscheffen den Drock op d‘Premierministesch

dislike
Zwielef Joer Prisong well hien op e Student geschoss huet
Kultur Stories

Zwielef Joer Prisong well hien op e Student geschoss huet

E jonke Mann vun 21 Joer muss fir 12 Joer

USA: D‘Verëffentlechung vun enger geheimer Notiz soll den FBI diskreditéieren
Kultur Stories

USA: D‘Verëffentlechung vun enger geheimer Notiz soll den FBI diskreditéieren

D‘Gestreids tëscht dem US-President Trump an dem FBI hëlt keen

D’Zoë Beck iwwert Ieselsoueren, Thrilleren an Ofschalten um Mier

D’Zoë Beck iwwert Ieselsoueren, Thrilleren an Ofschalten um Mier

Nodeems mer gëschter dat aktuellt Wierk vum Zoë Beck ënnert d’Lupp geholl hunn, wëlle mer iech haut e kuerzen Interview mat der Schrëftstellerin presentéieren.

Dir schreift Thriller… Firwat?

Ech weess net – schreiwen ech Thriller? Ech fannen dës Kategorien ëmmer ganz schwiereg, well se Erwaardungen wakereg këddelen, déi dann méiglecherweis net ageléist ginn, a well se menger Usicht no vill ze starr sinn. Ech schreiwen (hoffentlech spannend) Geschichten, déi sech mat Gewalt a Verbriechen, an de perséinlechen a gesellschaftlechen Auswierkungen dovu beschäftegen.

Wéivill Zäit verbréngt Dir mat de Recherchen?

Dat kënnt ganz op d’Thema un. Normalerweis schreiwen ech iwwert Themen, mat deenen ech mech souwisou beschäftegen, oder scho méi laang beschäftegt hunn. Dofir kann ech do keen Zäitraum benennen. Heiansdo dränge sech eréischt beim Schreiwen Froen op, da sinn ech frou, dass ech weess, wee vu mengen Expert*innen ech kontaktéiere kann.

Wéi huet sech Äert Liewen no deenen éischten Verëffentlechungen verännert? Sidd Dir vum Erfolleg iwwerrascht ginn?

Oh, dat ass elo schonn eelef Joer hier… Nee, eng Buchverëffentlechung ass kee grousse Knall, an et gëtt een dono och net op der Strooss erkannt.
Et gi souvill Bicher, déi all Joer verëffentlecht ginn, do ass et schonn een Erfolleg, wann een dat eegent Buch nom Erschéngen am Bicherbuttek leie gesäit. An dann kommen gläich déi nächst Neierscheinungen, an et muss een dat nächst Buch schreiwen… Et ass vill Disziplin fir dësen Beruff erfuerderlech, an et gëtt net onbedéngt mat all Buch méi liicht, ech hunn den Ament éischter d’Gefill, dass et méi schwéier gëtt.

Wéi schalt dir am beschten of?

Op d’Waasser kucken. Ech fuere gären un d’Mier, a wann dat zäitlech net geet, dann eben un ee Séi (ech wunnen zum Gléck nëmmen e puer Minutten vun verschiddene Séier ewech). Waasser berouegt mech. Beweegung, spadséieren goen, Sport fannen ech zum Ofschalten och ganz wichteg.
An Iessen. Gutt Iessen. Ganz wichteg.

Wat hutt Dir léiwer? Ebooks oder Pabeierdrock? Wéi stitt Dir zu Ieselsoueren an de Bicher?

Ech liesen Ebooks a gedréckte Bicher, dat eent schléisst dat anert net aus. Ebooks fannen ech wahnsinneg praktesch a sënnvoll. Ech kann awer och an ee Bicherbuttek goen, ouni mat engem Stapel Bicher erauszekommen. Ieselsoueren? Nee, ech benotzen Lieszeechen, mä wann ech Bicher fir Recherchen benotzen, schreiwen ech dran, a pechen Ziedelcher dran, eben alles wat néideg ass. Fir de Recht, ginn ech ganz uerdentlech mat Bicher ëm.

Wéi géift Dir Iech an dräi Wierder beschreiwen?

Oh, dat muss wann ech gelift ee beäntwerten, dee mech kennt. Ech kann dat net.

Hutt Dir ee Liiblingszitat?

A mengem Wantergaart hänkt e Poster vun der Berliner Schaubühne, op deem steet: “Irgendetwas stimmt nicht.” Et ass aus der Bühnenfassung vun “Die gelbe Tapete”, no der Erzielung vum Charlotte Perkins Gilman, Regie: Katie Mitchell. Dëst “Irgendetwas stimmt nicht” passt iergendwéi. Ech hunn dauernd dat Gefill, dass iergendeppes net stëmmt.

Kaffee oder Téi?

Téi. Ech hunn nach ni Kaffi gedronk. Ech hunn awer gär wéi e richt.

Dir sidd och Buchiwwersetzerin… Fält et schwéier, déi richteg Wierder ze fannen?

Oh jo. Et ass ee stännege Kampf. Et gleewt ee guer net, wéi ënnerschiddlech sech eenzel Sätz iwwersetze loossen.
Dee richtegen Tounfall ass immens wichteg – a sou fuerchtbar schwéier.

Bleift Dir dem Buchgenre trei, oder sidd Dir net ofgeneigt eng Komödie, oder ee Kannerbuch ze schreiwen?

Ech hu schonn méi lëschteg Bicher geschriwwen, dorënner och ee Jugendroman, an och aner Bicher, déi ouni Mordfäll a gréisser Verbriechen auskommen, mä iergendwéi läit dat wat ech schreiwen, mir vill méi, dofir hunn ech déi aner Saachen och si gelooss. Ëmmerhin hunn ech et ausprobéiert. Verschiddenes hat souguer richtege Succès, entweder kommerziell oder well d’Bicher fir Präisser nominéiert goufen, mä et verbréngt een awer esou vill Zäit domat ee Buch ze schreiwen, dass ech decidéiert hunn, nëmmen nach dat ze schreiwen, wat ech wierklech schreiwe wëll, an näischt méi, well d’Editioun denkt, et kéint een Erfolleg ginn.

Wéini kënnen Är Fans mat deem nächste Buch rechnen?

Et ass elo eréischt ganz frësch ee Buch erauskomm. Iwwert dat nächst wëll ech elo nach guer net nodenken… Wahrscheinlech d’nächst Joer?

Wéi ee Rot kënnt Dir nach onerfuerene Schreiwer mat op de Wee ginn?

Liest ganz vill. An nëmmen dat, wat Iech gefält, a vun deem Dir denkt: “Wow, ass dat gutt!” Fir schlecht oder mëttelméisseg Saachen ass keng Zäit, an dee Gedanken “Dat kann ech awer och” ass verdammt geféierlech. Beim Liesen musst Dir denken:”Wann ech dat dach nëmmen och kéint!” Da sidd Dir um richtege Wee. Maacht d’Aen op, wa Leit Iech soen, dass si Iech an engem Weekend, oder engem Mount d’Schreiwe léiere kënnen an dofir da Geld wëllen. Et gi gutt Couren, déi de Schreifprozess iwwert ee längeren Zäitraum begleeden, ëmfrot Iech virdrun, wiem Dir Äert Geld gitt.
Wann Agenturen oder Editiounen Suen vun Iech wëllen – Fanger ewech! Agenturen schaffen mat Erfollegsbedeelegung, an Editiounen ginn Iech Geld, si huelen keent! An ëmmer weiderüben. Ëmmer um Stil schaffen. Ni zefridden sinn.  A liesen.

Ganz vill liesen.

Foto: (c) Victoria Tomaschko

Ähnlech Sujeten Interview, Kultur, Literatur, Zoë Beck
Nächsten Artikel Virrechten Artikel