Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Washington: Tëleerealitéit am Wäissen Haus
Kultur Stories

Washington: Tëleerealitéit am Wäissen Haus

E Méindeg huet sech den Donald Trump, mir näischt, dir

Fir méi Sécherheet op eise Stroossen
Kultur Stories

Fir méi Sécherheet op eise Stroossen

Wann een zréck op d‘Joer 2017 bléckt, wou mat 25

Italien: Manifestatioune géint e Gesetzprojet zur Reform vum Familljerecht
Kultur Stories

Italien: Manifestatioune géint e Gesetzprojet zur Reform vum Familljerecht

E Samschdeg ass et an Italien a enge 60 Stied

Die Lieferantin vum Zoë Beck liwwert eng realistesch an erschreckend Zukunftsvisioun

Die Lieferantin vum Zoë Beck liwwert eng realistesch an erschreckend Zukunftsvisioun

D’Zoë Beck, gebuer 1975, schreift, iwwersetzt a leet zesummen mam Jan Karsten de CulturBooks Verlag. Hatt huet englesch an däitsch Literatur, ënnert anerem a Gießen, Bonn an Durham studéiert. Nieft senger Schrëftstellertätegkeet ass hatt och fir literaresch Iwwersetzungen an Synchronproduktiounen zoustänneg. Seng Romaner an Erzielungen goufen bis elo schonn an néng Sproochen iwwersat, fir verschidde Wierker krut hatt och Präisser. Die Lieferantin ass säin neiste Buch.

Die Lieferantin

Dem Zoë Beck säin Roman ‘Die Lieferantin’ spillt an der noer Zukunft. Och wann de Roman an där Zukunft spillt, esou huet en awer näischt mat Science Fiction ze dinn, et ass einfach ee realistescht, spannend Szenario wat d’Autorin sech do erausgesicht huet. D’Behandlung zum aktuellen Thema Brexit gëtt dem Buch een seriöen Realitéitsbezuch. Wunnengskrisen, ee schlecht Gesondheetssystem, a gewalttäteg Demonstratiounen sinn un der Dagesuerdnung. D’Regierung plangt eng Verschäerfung vun den Drogegesetzer, si wëll ënnert anerem d’Ënnerstëtzung an d’Versuergung vun den Ofhängegen ënnerbannen.

An dëser Geschicht gëtt de Lieser a London entfouert, et ass esou realistesch opgebaut, dass engem d’Geschéinisser scho bal wouer erschéngen.

A London dreift een doudegen Drogendealer an der Themse. Wéi wann dat net scho genuch wier, ass och nach ee Schotzgelderpresser spuerlos verschwonnen. D’Ellie Johnson ass a grousser Gefor, hatt huet sech ee risegrousst Geschäft opgebaut – iwwert eng App kann ee bei him Droge a beschter Qualitéit bestellen, déi dann vun Drohnen anonym a sécher geliwwert ginn. Alles ass perfekt organiséiert, mä d’Londoner Ënnerwelt fillt sech vun him bedroht an huet ee Kappgeld op hatt ausgesat. D’Ellie decidéiert sech ze kämpfen, mä seng Géigner si mächteg a laueren iwwerall.

D’Lieferantin verbënnt hiren Drogeverkaf mat sozialem Aktivismus, mam Erléis finanzéiert hatt zum Deal d’Anti-Druxit-Kampagne. Et kléngt paradox, dass den illegale Verkaf vun Drogen d’Legaliséierung erreeche soll. Dës Widdersprëch maachen den Thriller zu engem komplexen, gesellschaftskriteschen Wierk. Et steet net nëmmen Gutt a Béis géigeniwwer, et sinn allerlee Charakteren, déi hier eege Pläng verfollegen.
Se sinn esou präzis, individuell a bidden dem Lieser déi perfekte Fläch, fir op Mëssstänn an eiser Gesellschaft opmierksam ze maachen, wéi z.B. de sech entwéckelte Rassismus.

D’Autorin huet wierklech gutt recherchéiert. D’Duerstellungen vun Drohnen an hieren Asazméiglechkeeten, souwéi och vum Darknet waren informativ. Ech hunn awer fonnt, dass déi typesch Thrillerspannung gefeelt huet, et géif d’Buch éischter als gudde Krimi katalogiséieren. Och wann et haaptsächlech ëm Drogenhandel geet, stellt sech awer d’Fro, wat passéiert, wa Rietsextremen fräi Hand gelooss gëtt … Wéi passt sech de Bierger hiert Liewen der Politik un?

Et ass awer erschreckend, wann ech mir virstellen, dass et dëst Geschäftsmodell wierklech eemol kéint ginn.

Ähnlech Sujeten Kultur, Literatur, Zoë Beck
Nächsten Artikel Virrechten Artikel