Jonk an talentéiert: d’Kart-Pilotin Zoé Knebler, een Interview
17 Joer jonk a schonn e grousst Zil virun Aen. Zoé Knebler, eng „grande Dame“ am Karting-Sport, huet Bensin am Blutt, ass esou talentéiert wéi motivéiert a mécht de Bouwen d’Liewen op den europäesche Rennpiste richteg schwéier.
Si ass eng „roueg“ Persoun, ee bëssche verschloss an och net op Publicitéit aus. Et war dann och elo keng mince Affär d’Knetzel fir en Interview ze gewannen. D’Pilotin, déi aktuell an der Seniore-Klass „X30“ den Usproch op mindestens den Europameeschter stellt, huet dann och all d’Viraussetzunge fir deem gerecht ze ginn.
2017 kann een elo net als seng erfollegräichst Saison virstellen. Technesch Suergen hunn him d’Liewen net grad méi einfach gemaach. Wéi dunn och nach eng Blinddarmoperatioun op de Weekend vun der Weltmeeschterschaft vu Le Mans gefall ass, wou et Chancen op de Podium hat, war d’Saison endgülteg versaut.
Wien elo awer mengt, datt d’Zoé mat esou Réckschléi ze kämpfen hätt, deen ënnerschätzt ganz kloer d’Motivatioun an de Wëllen, deen an dëser grousser Hoffnung vum Lëtzebuerger Automobilsport stécht. Net ofgehuewe mee selbstbewosst wann et op der Piste ass, e gutt ofgestëmmte strategescht Denken, an eben déi Grëtz Talent déi et brauch fir zu de beschten ze gehéieren.
Komm, erziel eis alles…
Am Kader vun der internationaler Motorshow um Kierchbierg, wou jo och den ACL Sport offiziell eng Restrukturatioun vum Automobilsport-Departement annoncéiert huet, hu mir vun der Geleeënheet profitéiert a hunn dem Zoé Lächer an de Bauch gefrot, mir wollten alles wëssen, an et huet eis dann och bal op alles geäntwert.
moien.lu: Ugesicht dengem Palmarès kann ee soen, datt’s du schonn iwwer eng gutt Erfarung verfüügs. Wéi huet dann alles ugefaangen?
Zoé: Mäi Papp ass vill a gäre Renne gefuer. A scho vu klengem un hunn ech dierfen derbäi sinn. Et war einfach décke Gas an ech wollt dat natierlech och maachen. Mee ech hunn weder iwwert d’Steierrad gesinn, nach sinn ech mat de Féiss un d’Pedalle komm. Esou hunn ech dann 2006 mäin éischte Kart kritt.
Et huet sech erginn, datt ech vum Papp déi richteg Genen iwwerdroe krut a séier verstanen hunn ëm wat et geet, wat wichteg ass an op wat ech oppasse muss. Wéi et sech dunn och nach erginn huet, datt ech mech duerchsetze konnt a ganz virbäi konnt mathalen (Note: et huet esou zimlech alles gewonne wat e gewanne kann) sinn och d’Ziler méi däitlech ginn.
moien.lu: Du gehéiers zu den Top-Piloten déi Lëtzebuerg am Karting huet, wat leeft aktuell?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Zoé: Fir de Moment fueren ech an der Seniore-Klass X30. D’Ziler fir 2018 sinn fir mech ganz däitlech den Titel als Europameeschter, a wann et richteg gutt leeft, da stellen ech och den Usproch Weltmeeschter ze ginn.
Ech trainéieren Haart, schenke mer näischt a wäert et verstoe mech an der Saison géintiwwer menge Konkurrenten duerchzesetzen. Et wier allerdéngs gutt wann d’Material och seng Roll matspillt. Woubäi ech eng gutt Ecurie hunn, déi och alles dru setzt fir déi gemeinsam Ziler ze erreechen.
moien.lu: Automobilsport verlaangt vill mental Kraaft mee och physesch muss ee gutt virbereet sinn. Am Kapp schéngt et jo beschtens ze sinn, wéi ass et mam „sportlechen“?
Zoé: Jo mental sinn ech gutt virbereet, wat net zu gudder Lescht um gudden Ëmfeld läit. A jo, eigentlech sollt ech méi Muskel- an Ausdauertraining maachen. Mee ech droe jo de Schoulsak all Dag an d’Schoul, dat gläicht et aus. (Seet et mer riicht an d’Gesiicht a laacht sech eng Boss)
moien.lu: Karting ass jo u sech d’Entréesdier fir vill Richtungen am Automobilsport, wat wier do esou de Beräich deen dech géif reizen?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Zoé: (hei mus kuerz iwwerluecht ginn) Also am léifste géif ech scho muer an enger Formel-Klass wëlle matfueren. Mäin Zil ass et an der Formel 1 matzefueren. Dat kléngt hefteg an ass et vläicht och. Zu Lëtzebuerg dierft et zudeem schwiereg sinn déi néideg Sponsoren an den Appui ze fannen, mee dat hunn ech mer an de Kapp gesat.
Zudeem wier et eng gutt Saach, wann d’Männer et mat der Gläichstellung géife méi eescht huelen an och de Meedercher hir verdéngte Chance géife ginn. Datt mir et versti mat eise Maschinnen ëmzegoen ass jo erwisen, a Beispiller, datt ee Mathale ka gëtt et oder ass et esouwuel am Rallye wei och bei den Toureween ginn.
moien.lu: Dat kléngt no Virbiller?
Zoé: Mäin Zil ass et Formel 1 ze fueren, an do ass mäi Vilbild de Sebastian Vettel. E véierfache Weltmeeschter dee och iwwert de Karting, wou hie ganz erfollegräich gefuer ass, de Sprong an d’Kinneksklass gepackt huet.
Ech sinn dann och, egal et elo iwwerhieflech kléngt, iwwerzeegt, datt wann e mir meng Chance gëtt, ënner Beweis ze stellen, datt ech do och zu de beschte ka gehéieren. Wann ech 2018 d’Europameeschterschaft gewannen, wier ech dann och frou wann ech meng Chance dierft kréien. Awer vläicht sinn all déi „Männer“ besuergt eng Fra als Weltmeeschter mussen ze Éieren. (Seet et mat engem risege Grinsen an Aen déi däitlech maachen dat et dem Zoe dout eescht ass)
moien.lu: Vill Training, Coursse a Schoul, wéi kritt een dat ënnert een Hutt?
Zoé: Also Weekend ass Training oder Meeschterschaft. D’Schoul ass wichteg fir mech an och do ginn ech mer Méi uerdentlech Resultater ze erreechen. Ech ginn op den „Art et Metiers“ a wier interesséiert Auto-Design ze studéieren.
Wat heiansdo Stress ass, betrëfft de Versteesdemech deen d’Direktioun fir mäi Sport a meng Ambitiounen huet. Et ass net ëmmer einfach fräigestallt ze gi wa wichteg Rennen ustinn. Ech hunn dann d’Gefill, datt se net iwwerzeegt sinn, datt Karting e richtege Sport ass.
moien.lu: Den Automobilsport, also och de Karting, dat ass jo elo awer e Sport dee schonn emol richteg Budget verlaangt. Gees du niewelaanscht schaffen oder kriss du dat finanziellt iwwer Sponsore gereegelt?
Zoé: Nee, schaffe goe muss ech net (an schonn erëm laacht et). Mee et ass richteg, datt et zu Lëtzebuerg net einfach ass Sponsoren ze fannen, déi engem et dann och erméiglechen technesch beschtens opgestallt ze sinn. Mäi gréisste Sponsor ass aktuell mäi Papp an dat rechnen ech him ganz grouss un.
moien.lu: Wann du vun „technesch gutt opgestallt“ schwätz, mat esou engem Kart fiert ee jo awer eng ganz Saison, oder wéi muss ech mer dat virstellen?
Zoé: Also wat Technik ugeet, esou ass et manner beim Motor wou et an d’Geld geet, och wann déi natierlech och séier „midd“ ginn. Mee wann een den Usproch op den Titel stellt, da kënnt een net derlaanscht no all zweetem bis drëttem Asaz de Chassis ze wiesselen.
Beim Kart, dee jo net gefiedert ass, spillt de Chassis eng primär Roll. Seng Steifegkeet entscheet kloer iwwer Zéngtelssekonnen. An all déi Schléi déi de Kart bei engem Rennen ofkritt wierken sech negativ op d’Ronnenzäiten aus. Do geet also e groussen Deel vum Geld hin, an hei dierf ech mech glécklech schätze mat der Ecurie „Weis Kart Racing“ en oprechte Partner ze hunn deen zou mir steet.
De Mike an d’Zoe op hirem Stand um Kierchbierg bei der internationaler Motorshow. Eng gutt Equipp déi 2018 op d’Juegd no Europameeschter- an esou wéi et ausgesäit och Weltmeeschtertitel wäert goen.© Martine de Lagardère/moien.lu
Randnotiz
Op d’Ecurie „Weis Kart Racing“ komme mir nach a weidere Reportagen zréck. E t war eis awer e grousse Pleséier de Mike schonn emol op sengem Stand kennegeléiert ze hunn. E Geck wéi och de Rapporter vun dësem Interview. Mee awer och e Mann deen et versteet seng Prioritéiten ze setzen.
Foto: D’Zoé Knebler mat sengem Kart um Stand vum ACL Sport. Vun deene muss ee sech erhoffen, datt se sech hire Virsätz trei bleiwen an, firwat net dem Zoé déi Ënnerstëtzung zoukomme loossen, déi sengen Ambitiounen, awer virun allem sengem Talent gerecht ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu