Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Escher Theater an de Conservatoire hunn e volle Programm
fast meet dating app japanese dating apps in english

https://moien.lu/dating-app-auto-liker/

De Kulturschäffe vun Esch/Uelzecht, de Jean Tonnar, ass e Mann

https://moien.lu/dating-again-at-27/
fast meet dating app japanese dating apps in english

Äishockey 2020: Dat erwaart d’Beaufort Knights!

Wéi den Trainer John Bierchen matgedeelt huet, kënnt och am

Nom Sommet vu Singapur: Entspanung op der koreanescher Hallefinsel
fast meet dating app japanese dating apps in english

Nom Sommet vu Singapur: Entspanung op der koreanescher Hallefinsel

Den Donald Trump huet beim Sommet zu Singapur, eng Invitatioun

Däitschland: Zoff tëscht de konservative Schwësterparteien

Däitschland: Zoff tëscht de konservative Schwësterparteien

Zrécktrieden oder bleiwen? Tëscht dem däitschen Inneminister Horst Seehofer (CSU) an der Bundeskanzlerin Angela Merkel (CDU) hänkt d‘Kräiz schif. Um Sonndeg huet hie senger Cheffin dann och säi Récktrëtt ugebueden, well et scheinbar a punkto Migratioun kee Konsens gëtt.

Am spéide Sonndegowend, huet de fréiere bayresche Ministerpresident, dann awer de Récktrëtt suspendéiert. Den Horst Seehofer wëll nach e „lescht“ Gespréich mam Angela Merkel féieren, fir de Sträit tëscht de Schwësterparteien nees bäizeleeën. Sollt et bei dëser „Entrevue“ net zu enger Eenegung kommen, da stellt den Inneminister seng Mandater zur Verfügung.

Elo kënnt et dann haut zu engem – vläicht leschten – Spëtzentreffe wou d‘CDU am Sträit ëm d‘Asylpolitik soll zum alenke beweegt ginn. No enger laanger Sëtzung vun der Parteileedung ass sech derzou entscheet ginn, datt wann déi chrëschtlechsozial hei der CSU net entgéintkënnt, datt trëtt den Horst Seehofer zréck, woumatter och d‘Koalitioun a Gefor geréit.

„Ech hu jo gesot, datt ech béid Mandater zur Verfügung stellen, an datt ech dat an de nächsten dräi Deeg duerchzéien“, esou den Inneminister no der CSU-Sëtzung zu München. D‘Gespréich mat der CDU wier awer nëmmen eng Tëschenetapp, déi op der Hoffnung fousst, datt ee sech dann awer nach kéint eens ginn. Dat misst een dann elo gedëlleg ofwaarden, iert et weider Entscheedunge gëtt.

Keen Interessi un Neiwahlen

Dës politesch „Sprangprëssessioun“ begrënnt den Horst Seehofer: „Mir wëllen am Interessi vum Land an der Handlungsfäegkeet vun der Regierung – déi mir erhale wëllen – versichen eng Eenegung an dëser zentraler Fro zur Zréckweisung erbäizeféieren“. Mat senger Offer, matenaner ze schwätzen, géif hien der Kanzlerin entgéint kommen. „Soss wier et haut eriwwer gewiescht“.

Laut dem leschte Stand, soll d‘Entrevue tëscht dem Inneminister an der Kanzlerin am spéiden Nomëtteg stattfannen. Virdru gëtt et awer nach eng Fraktiounssëtzung, un där d‘Deputéiert vu CDU an CSU zesummen deel huelen. Experte ginn dovunner aus, datt et bei dëser Sëtzung dorëms goe wäert, wéi eng Optiounen et am Fall gëtt, wou den Inneminister zrécktrëtt.

An de Sträit dréit sech grondsätzlech ëm d‘Entscheedung vum Horst Seehofer, Demandeure fir Asyl, déi schonn an engem anere Land vun der EU registréiert gi sinn, op der Grenz ofzeweisen. Eesäiteg Aktioune sinn awer fir d‘Angela Merkel keng Léisung. D‘Bundeskanzlerin besteet op enger europäesch ofgestëmmter Virgoensweis.

D‘Optioune vun de Bayern si séier opgezielt

Wann een dem Inneminister gutt nogelauschtert huet, datt ginn et fir d‘CSU, nom Treffe mat der Kanzlerin, ganzer dräi Optiounen: als éischt awer wéineg probabel Méiglechkeet, muss een op d‘Ënnerwerfung vun der CSU hiweisen. Als zweet, kéint de Seehofer d‘Zréckweisung vun de Migrante beschléissen, mat alle Geforen déi et fir déi grouss Koalitioun (GroKo) bedeit.

Déi drëtt a lescht Optioun, ass dem Horst Seehofer säi Récktrëtt als Minister an als Parteichef. Et ass dann och déi Optioun déi vu villen als déi wahrscheinlechst gesi gëtt, well hie selwer gesot hätt dat wëlles ze hunn. Am Alter vu geschwënn 69 Joer, ass et dann och vläicht un der Zäit, der Politik, e Beräich an deem hie vill erreecht huet „Äddi“ ze soen.

Hien hat beklot, datt de „Migratioun-Accord“, dee beim EU-Sommet zustane komm ass, kee gläichwäertegen Ersatz fir säi „Konzept“ ass. Op där aner Säit huet d‘CDU-Generalsekretärin Annegret Kramp-Karrenbauer, d‘Conclusioune vum Sommet, als eng gutt Grondlag zur wierksamer Begrenzung zum Reesen tëscht den EU-Länner, fir Asyl-Demandeure beschriwwen.

mat AFP

Foto: Den Horst Seehofer wëll seng Migratiounspolitik ëm- an Duerchsetzen. D‘Angela Merkel wëll eng europäesch Léisung, statt enger eesäiteger Entscheedung. Op sech béid „Géigner“ bei hirem haidegen Treffen nach emol eens ginn, schéint wéineg wahrscheinlech. © Christof Stache/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Däitschland, GroKo, Horst Seehofer, Migratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel