Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wahlen an der D.R. Kongo: D‘Land huet e neie President
International Neiegkeeten

topics to talk about when dating

No vill Gedeessems, Gewaltuwennung an esouguer Doudeger, war en Enn

https://moien.lu/what-time-does-celebs-go-dating-start/
International Neiegkeeten

Automobility Campus Biissen: IEE als éischt Entreprise um Site!

Als éischt Entreprise soll IEE S.A. sech um „Luxembourg Automobility

Wéi de Marc Hansen a FEDIL Entreprisë bei der Digitalisatioun begleede wëllen
International Neiegkeeten

Wéi de Marc Hansen a FEDIL Entreprisë bei der Digitalisatioun begleede wëllen

Gëschter huet den delegéierten Digitalisatiounsminister Marc Hansen d’Delegatioun vun der

Zoff zu Hong Kong

Peking: „Wie mam Feier spillt kënnt dran ëm“ - Eng däitlech Warnung, oder?

Zoff zu Hong Kong

De Staatsrot zu Peking huet esou lues d‘Nues voll mat dem ganze Gedeessems, dat zu Hong Kong fir zanter Woche fir schlecht Press suergt. Deen huet den Demonstranten elo an Erënnerung geruff, datt een d‘Muecht vun der Zentralregierung net ënnerschätze sollt. Dat gëtt als Kampfuso gewäert.

Hong KongE Spriecher vun der Sonnerverwaltungsregioun huet bemierkt, datt déi aktuell Protestwell, sech op de Wuelstand an d‘Stabilitéit vun Hong Kong auswierkt. Déi sëllech Manifestatioune géife d‘Stad an en Ofgrond stoussen, firwat d‘Warnung un d’Demonstranten: „Wie mam Feier spillt kënnt dran ëm“ zimlech däitlech ass. Net ze vergiessen, datt elo och d‘Volleksarméi sech „verbal“ amëscht…

Wien huet d‘Fixspéin an der Täsch?

Vun der Volleksarméi hat et déi lescht Woch scho martialesch Rhetorik ginn, wéi de Mënschen zu Hong Kong ze verstoe ginn ass, datt een all Asazméiglechkeete vun der Welt hätt, fir d‘Sécherheet vun der Sonnerverwaltungsregioun, wéi och d‘Souveränitéit vun National-China ze garantéieren.

Hong Kong

© Alexander Siu (via Twitter)

Fir den Ament ass et schwéierlech virstellbar, datt Peking op den Asaz vun der Volleksarméi géif zréckgräifen, woubäi d‘Zentralregierung och net zouloosse kann, sech vun den Demonstranten zu Hong Kong gängelen ze loossen. Vu Peking heescht et dann och, datt de Ball elo bei der Regierung vun Hong Kong läit, an déi soll haart duerchzegräifen an eng Null-Toleranz-Politik ëmsetzen.

Déi „aner“ sollen sech gefällegst eraushalen

Wéinst dem internationalen Impakt deen den „Opstand“ vun den Hong Kong Chinesen an der Welt huet, gëtt och de chineseschen Ausseministère wibbeleg, an dësem seng Annexe zu Hong Kong huet eng Message fir all déi Natiounen, déi sech genéidegt gesinn, d‘Situatioun politesch ze beaflossen.

Hong KongD‘Stad Hong Kong géif zu China gehéieren, esou eng schrëftlech Note, an där betount gëtt, datt d‘Volleksrepublik net am geréngste Mooss en Ugrëff op d‘Souveränitéit géifen zouloossen. An och dat ass eng däitlech Warnung. Si riicht sech allerdéngs an éischter Linn u Washington, vu wou aus d‘Separatisten hir finanziell a politesch Ënnerstëtzung sollen hir hunn. Staark Beschëllegungen…

Keen Damp ouni Feier

Eng amerikanesch „Bedeelegung“ un de Protester kann een, ugesiichts der trumpscher Aussepolitik a senger diplomatescher Gewandheet dann och net ausschléissen. An natierlech huet Washington en Interêt un den „internen“ Streitegkeeten tëscht Hong Kong an Zentralchina, net nëmme politesch.

Hong Kong

© Alexander Siu (via Twitter)

Ausgeléist gouf den „Dissens“ duerch en ëmstriddent Ausliwwerungsgesetz, mat deem et sollt méiglech sinn, verdächteg Strooftäter un d‘Autoritéite vun Zentralchina ze iwwerstellen. Peking gëtt an dësem Zesummenhang virgeworf, anescht wéi Hong Kong, net „Rechtsstaatlech“ ze agéieren. Dëst Gesetz ass suspendéiert ginn, wat der prodemokratescher Bewegung net duer geet.

mat indymedia/tpe/sfo

Foto: © Alexander Siu (via Twitter)

Ähnlech Sujeten China, Demokratie, Hong Kong, Protest, Volleksarméi, Zentralregierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel