Search

You may also like

ArcelorMittal als Invité vun de Chamberkommissiounen
Neiegkeeten

ArcelorMittal als Invité vun de Chamberkommissiounen

Mat dëser „Restrukturatioun“, sti ronn 20% vun den effektiven Aarbechtsplaze

D‘Pëll bleift trotz Niewewierkungen
Neiegkeeten

D‘Pëll bleift trotz Niewewierkungen

D’Pëll ass a bleift eent vun de beléiftesten Verhütungsmethod zu

E Standuert fir de CIS Beetebuerg/Diddeleng
Neiegkeeten

E Standuert fir de CIS Beetebuerg/Diddeleng

Den 20. Mee hat den DP-Deputéierte Gusty Graas bei der

Vu Fueren ënnert Alkohol-Afloss, Bedreeung mat enger Waff a méi

Vu Fueren ënnert Alkohol-Afloss, Bedreeung mat enger Waff a méi

D’Lëtzebuerger Police hat leschte Weekend nees zolidd Aarbecht. Direkt e puer Permise goufen agezunn, zwou Persounen hu misse festgeholl ginn. Jo, eng Fra ass souguer op der Felg gedréint.

Um Freideg koum et géint 17:30 Auer zu engem Accident tëscht e puer Gefierer. Kuerz virum Tunnel Schengen sinn déi beschiedegt Gefierer op der Pannespur ofgestallt ginn. Op der Plaz ukomm huet d’Police bemierkt, datt zwou Persounen um Virfall involvéiert waren, wouvunner een ze déif an d’Glas gekuckt hat. Zwee weider Gefierer sinn duerch d’Stécker vun de futtissen Gefierer beschiedegt ginn.

Nieft dem Alkohol waren awer och nach Drogen am Spill, wouduerch dës Persoun zur Kontroll a Beobachtung an d’Spidol bruecht ginn ass.

Ma, an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg koum eng weider Meldung vun engem Accident eran. Géint 00:50 Auer wëll een Zeien a Virfall an der Avenue de la Libération gesinn hunn. De Chauffeur ass an d’Déifgarage vun engem Appartement geflücht, konnt awer gepëtzt ginn. Och hei war Alkohol am Spill. De Führerschäin ass fort.

E wierklech sëffege Weekend

D’Nuecht drop huet et net anescht ausgesinn. Eng Fra hat kuerz no 01:00 Auer zu Rolleng en Auto gemellt, deen hir duerch uerg Beschiedegungen opgefall ass. Kuerz Zäit méi spéit ass de Chauffeur weider an de Rondpoint a Richtung Rue du Lycée weidergefuer, wou hien schliisslech an d’Leitplanken gerannt ass.

Nodeems d’Police de Chauffeur fonnt huet, huet dësen sech queesch gestallt, fir en Alkoholtest ze maachen. Heivir, an duerch déi däitlech Unzeeche vun Alkoholafloss, gouf de Führerschäin ewech geholl.

Ëm déi selwecht Zäit ass zu Keel e Mann op engem Feldwee an der Géigend vum Kierfecht kontrolléiert ginn. D’Geliits an de Moteur waren un, wouduerch d’Police op hien opmierksam ginn ass. Den Alkoholtest huet bewisen, datt den erlaabten Héchstwäert iwwerschratt war, wouduerch och hien elo vum ëffentlechen Transport profitéiere muss.

Liewensgeféierlech blesséiert

Um Samschdeg Mëtteg koum et zu Bech um CR138 zu engem Accident tëscht engem Camion an engem Scooter, woubäi de Scooter-Chauffeur liewensgeféierlech blesséiert ginn ass a sech nach ëmmer an engem kriteschen Zoustand befënnt.

An enger Kéier ass de Fuerer vum Scooter op d’Géigespur gerutscht, wou et dunn zur Kollisioun mam anere Gefier komm ass.

D’Beamten hunn de Parquet informéiert, deen duerch d’Ëmstänn eng Spuresécherung, sou wéi d’Beschlagname vum Scooter an der Kleedung ugeuerdent huet. Nom Alkohol-an Drogentest gouf festgestallt datt de Camionschauffer drogéiert war.

Zu engem weideren uergen Accident mat engem Motorrad-Fuerer koum et um spéiden Nomëtteg. De Mann ass aus ongekläerte Grënn virun enger Kéier an d’Feld gesteiert an huet sech elle blesséiert. Éischten Erkenntnisser no ka Friemverschëlden ausgeschloss ginn.

Weider mam Alkohol

Um fréie Sonndeg Moien gouf der Police eng Fra gemellt, déi mat hirem beschiedegten Auto bei der Tankstell zu Réimech stoung. Wou d’Beamte bis ukomm sinn, huet d’Madamm ouni Succès probéiert hire Pneu ze wiesselen. Wéi si erzielt huet, hat si sech verfuer, de Rondpoint Elleng-Gare iwwersinn an ass mam Trottoir an engem Verkéiersschëld kollidéiert. Uschléissend ass si e puer Kilometer op der Felg gefuer, ier si endlech stoe bliwwen ass.

Wien elo denkt „Do war dach Alkohol am Spill“, dee läit vollkomme richteg! D’Gefier gouf ofgeschleeft an d’Fra krut de Permis ewech geholl.

E weidere Verdacht op Fueren ënnert Alkohol-Afloss gouf der Police um 16:15 Auer gemellt. Op der Houschterdéckt hat de Camionschauffer e geféierlecht Iwwerhuelmanöver gewot, säi Säitespigel hätt just nach u Kabelen gehaangen. Zudeem wier hien Schlaangelinne gefuer.

Um CR338 a Richtung Rossmillen konnt de Camion endlech gestoppt an de Chauffeur kontrolléiert ginn. De maximalen Héchstwäert un Alkohol ass ëm dat Duebelt iwwerschratt ginn, sou datt hien e Fuerverbuet kritt huet.

An der Nuecht géint 2:30 Auer ass d’Police dunn nach op ee Chauffeur opmierksam ginn, deen um Viaduc a Richtung Gare duerch eng rout Luucht gefuer ass. Op d’Bloluucht vun de Beamten huet d’Persoun net reagéiert, wouduerch dunn zur Siren gegraff ginn ass. Bei der Kontroll ass den Alkoholtest positiv ausgefall. Elo ass de Führerschäin fort.

An nach zwou Festnamen

Kuerz no Mëtternuecht wollt eng Fra hire Bistro zu Gréiwemaacher zouspäre, wou bemol e Mann mat enger Waff erakoum, d’Waff op d’Leit gehalen huet an dunn fortgelaf ass. De Parquet huet zwou Hausduerchsuchungen ugeuerdent, fir déi gemellte Waff ze fannen. Un der Adress konnt de Mann ugetraff ginn huet awer ofgestridden eng Waff ze besëtzen.

Op Uerder vum Parquet ass hie festgeholl an dem Ënnersichungsriichter virgefouert ginn. Kuerz no 11 Auer konnt e Rucksak mat der Gaspistoul a Munitioun ënnert enger Grenzbréck un der Musel fonnt ginn. D’Material gouf natierlech beschlagnaamt.

Dobäi kënnt nach e Fall um fréie Mueren. Kuerz viru 5:00 Auer huet eng Persoun e Chauffeur gemellt, dee mat héijer Vitess a Richtung Rondpoint Tinnesbruch gesteiert ass. D’Beamte ware wéinst Verkéierskontrolle souwisou an der Géigend a konnten d’Gefier schnell stoppen. Si hu misse feststellen, datt de Fuerer sech net u säin nationaalt an internationaalt Fuerverbuet gehalen huet. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an dem Ënnersichungsriichter presentéiert.

Related topics Accident, Alkohol um Steier, Alkoholtest, Beamten, Bedreeung, Kontroll, liewensgeféierlech blesséiert, Pistoul, Police, Waff
Next post Previous post