Search

You may also like

What the Fakt – den Dag vum häerzhafte Laachen
International Neiegkeeten

What the Fakt – den Dag vum häerzhafte Laachen

De weltwäiten Dag vum häerzhafte Laachen (engl. Global Belly Laugh

Kriss du eng 1 an eiser Lëtzebuergesch-Prüfung oder éischter eng Datz?
International Neiegkeeten

Kriss du eng 1 an eiser Lëtzebuergesch-Prüfung oder éischter eng Datz?

[onionbuzz quiz-id=137][/onionbuzz] D’Lëtzebuergesch Sprooch huet nawell seng mi schwéier Säiten!

Interview mam Tom Sauber (LSAP): Wat kann zu Dikrech nach alles erreecht ginn?
International Neiegkeeten

Interview mam Tom Sauber (LSAP): Wat kann zu Dikrech nach alles erreecht ginn?

An der Nordstad ass niewent Ettelbréck Dikrech wuel dee wichtegste

USA: Wann d‘Natur d‘Soen huet

Eppes méi Loft wéi soss an den Zonk op der Mexikanescher Grenz ass einfach ëmgeknéckt

USA: Wann d‘Natur d‘Soen huet

Et ass en Trappewitz vun der Geschicht an et sollt eis e Grinsen net verwieren: Staark Loft a Süd-Kalifornien hu Stécker vun der nei erriichter Grenzmauer tëscht den USA a Mexiko ëmgeknéckt.

Déi nei Stolkonstruktioun sollt eng eeler Anlag ersetzen, an déi néng Meter héich Stolpanneaue ware grad eréischt am Bëtong verankert ginn, an eventuell hätten déi Verantwortlech tatsächlech, esou wéi dat sengerzäit den Donald Trump gefuerdert hat, d‘Mexikaner mat dëse Bauaarbechte beoptrage sollen. Dee Bëtong war nämlech net ausgehäert an de Wand hat en einfacht Spill…

Staark Wandstéiss hunn déi riseg Stolelementer deels einfach „ewechgeblosen“. Villes ass a Mexiko gelant, aner Stécker goufe vu Beem „opgehalen“. An d‘leit an der Regioun (wéi sécherlech an der ganzen USA) hunn nach dem US-President säi Saz am Ouer: „Mir bauen eng grouss, wonnerschéin nei Mauer!“ Wann een sech esou eppes virhëlt, sollt een Leit beoptragen, déi sech auskennen…

GrenzDéi ëmgestierzte Stolelementer sollten en Deel vun 3.100 Kilometer „Grenz-Spär“ zu Mexiko ginn. An de Grenzstied Calexiko-Mexicali oder Sand Diego-Tijuana gëtt et schonn éiweg Befestegungen, während an den dënn besidelte Wüsteregiounen d‘Barrièren elo opgeriicht solle ginn. Ee Projet dee vun der Oppositioun net konnt opgehale ginn an de Steierzueler Milliarde kaschte wäert.

mat indymedia/san

Foto: (Videoausschnëtt)

Related topics Donald Trump, Grenzmauer, mexikanesch Grenz, USA
Next post Previous post