Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

2017 war e gutt Joer fir Fraen am Kino
Meenung Neiegkeeten

2017 war e gutt Joer fir Fraen am Kino

  D’Golden Globes sti virun der Dier. An anescht wéi

Editorial: Wien sech u Kanner vergräift…
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Wien sech u Kanner vergräift…

Den Uschlag op ee Concert zu Manchester, dee vum islamesche

D‘Patronat mëscht sech an de Wahlkampf an
Meenung Neiegkeeten

D‘Patronat mëscht sech an de Wahlkampf an

Offiziell ass d‘Campagne fir d‘Chamberwahle vum 14. Oktober nach net

Editorial: Vläicht sinn zoue Grenzen awer besser

Editorial: Vläicht sinn zoue Grenzen awer besser

Wann ee sech d‘Unhänger vum Motto „Wir sind das Volk“ bei eisen däitschen Noperen esou ukuckt – dee sech mëttlerweil an esou demokratesch „Beweegunge“ wéi Widerstand2020, oder Querdenken 711 deklinéiert – déi vun der AfD an der FDP ënnerstëtzt ginn. Wann ee gesäit wéi koherent 16 Bundeslänner sech mat hiren Deconfinementsmoossnamen openaner ofstëmmen, da wier et engem bal léiwer, net déi däitsch Bundespolizei géif d‘Grenzen zoumaachen, mee eis Autoritéiten.

awer

D‘Vanessa Pfeifer – dat ass déi Damm mam Davidstär – ass rietsradikal, och wann de rouden T-Shirt deen sech d‘Krawallmeedche mat hirem Liewenspartner iwwergesträift huet, duerchaus en aneren Androck vermëttele soll.

Gutt, et ass sécher richteg, datt mir déi stänneg Ermahnung a Widderhuelunge vun der Regierung, och eppes kritesch begleeden, mee bei deem wat sech um Europadag bei eisen däitschen Noperen nees zougedroen huet, musse mir eis zolidd selwer hannerfroen. D‘Schlussfolgerung ass kloer an net diskutabel: Mir leie falsch, an de François Bausch huet mat senger Ausso: „Mir widderhuelen eis stänneg, well et wichteg ass an et nach ëmmer Leit gëtt, déi net matmaachenleider Recht.

Wochelaang Talkshowe mat ëmmer deene selwechte Prominenten, kee wierklechen Debat mat de Kritiker – wou een d‘Argumenter vernënfteg a fundéiert zerleeë kann – an enger „gewësser Press – där hiert Geschäftskonzept op Dommheet a Populismus, sécher awer net op Informatioun an Opklärung, fundéiert – hunn an de leschte Wochen zu sougenannten Hygiène-Demonstratioune gefouert, bei deenen ëmmer méi oft Journalisten a Poliziste gezillt ugegraff a blesséiert ginn.

awer

De Springer(Stiefel)Verlag huet en duerchaus „publizistesch motivéiert Uleies“ den Dissens an der Bevëlkerung unzeheizen. Mat der „Bild“, déi een duerchaus als déi aflossräichst Zeitung am däitschsproochege Raum bezeechnen dierf, geet et net ëm Informatioun am eigentleche Sënn, mee gezillt dorëms aus der Dommheet maximale Profit ze erzilen. Den Axel-Springer Komplex setzt bewosst op Spaltung a bekennt sech esou indirekt zu senger faschistescher Gesënnung.

Och bei eis am Land huet et Impfgéigner, Populisten a Faschisten, déi ganz opmierksam verfollege wat sech déi aner Säit der Sauer an der Musel esou deet. De medialen Erfolleg vun den „Hetzer“, déi wuel däitlech an der Minoritéit sinn, awer sech net enger Géigebeweegung stelle mussen, kann sech esou zu enger zu engem grenziwwerschreidende Flächebrand entwéckelen, deen all eis Efforten an virun allem déi scho virbildlech Disziplin vun der Bevëlkerung kéint a Fro stellen.

Foto: Si streide fir Grondrechter déi si verurteelen, si verdäiwelen d‘Impfstoffer a bezweiwelen d‘Erkenntnisser vun der Wëssenschaft, well d‘Politik se entspriechend de perséinlechen Interessen „interpretéiert“. Hir Argumenter enthuelen se de sozialen Netzwierker, virzuchsweis vun dubiéisen Accounts déi kloer dem rietsradikale Spektrum zouzeuerdne sinn. © Matthias Meisner, Korrespondent vum Tagesspiegel (via Twitter)

Ähnlech Sujeten AfD, Axel Spinger, Bild Zeitung, CDU, Coronavirus, Covid19, Däitschland, Deconfinement, Faschisten, FDP, Impfgéigner, Verschwierungstheoretiker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel