Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hëtztwell iwwer Lëtzebuerg fuerdert eis Opmierksamkeet
Neiegkeeten

Hëtztwell iwwer Lëtzebuerg fuerdert eis Opmierksamkeet

Et ass waarm dobaussen. Ze waarm fir Mënsch a Natur,

Dësen Donneschdeg: Jobday vir d’Cloche d’Or!
Neiegkeeten

Dësen Donneschdeg: Jobday vir d’Cloche d’Or!

De 7. Mäerz 2019 organiséiert d’ADEM, zesumme mam Reseau EURES

Schëffleng: Commemoratioun a Krisenzäiten
Neiegkeeten

Schëffleng: Commemoratioun a Krisenzäiten

Wéinst der Covid19-Pandemie wat et de Schëfflenger Leit an de

Vun zougeschneite Fënsteren, Summerpneuen an aneren Delikter

Vun zougeschneite Fënsteren, Summerpneuen an aneren Delikter

Am Kader vun der Verkéierscampagne déi all Mount vun der Police organiséiert gëtt, goufen am Januar net manner wéi 466 Kontrollen duerchgefouert. De Schwéierpunkt vun der Campagne huet am Januar op de Pabeiere geleeën, woubäi net nëmme kontrolléiert ginn ass ob een dës och derbäi hat, mee ob se gülteg waren. An iwwer 200 Fäll war dat anscheinend net de Fall…

Esou ergëtt et sech, datt tëscht dem 14. an dem 20. Januar d‘Beamte vun der Police 477 Protokoller ausgestallt goufen. Nieft de Pabeiere – a well et zur Joreszäit passt – ass d‘Lieserlechkeet vum Nummereschëld an déi allgemeng gutt Siicht (Gesinn a Gesi ginn) op d‘Gefier gepréift ginn. Eng futtis Luucht, mee och de Gurt deen net ugedoe war, sinn entspriechend „Verwarnt“ ginn.

Interessant och, datt et während der Campagne vill „Aktivitéit“ an de sozialen Netzwierker bemierkt ginn ass. Hei hunn anscheinend vill leit op verschidde Verstéiss higewisen. Esou och d‘Police, déi widderholl den Automobilisten agetriichtert hunn, wéi sécherheetsrelevant grad zu dëser Joreszäit propper Fënstere sinn. Ageschränkte Siicht geet guer net!

Wéi kanns de nëmmen?

An der Nuecht zu Donneschdeg ass de Wanter zu Lëtzebuerg ukomm, an dat bedeit generell Chaos op eise Stroossen. Net datt eis Servicer d‘Stroossen net géife vum Schnéi befreien oder ze mann streeën, nee dofir huet et aner Ursaachen, a wat eis Polizisten dobäi esou ënnert d‘Ae kënnt, traut ee sech kaum ze erzielen. An ëmmer nees muss ee sech d‘Fro stellen: „Wéi kanns de nëmmen?“.

Esou zu Zolwer, wou d‘Beamten op ee Schlag 14 Gefierer aus dem Verkéier hu missen zéien, well d‘Chaufferen hir Fënsteren net vum Schnéi befreit hunn, an éischter op „Gefill“ wei op „Siicht“ mat hirem Timer ënnerwee waren. Sech kenger Schold bewosst – déi aner kënne jo och oppassen – hunn se elo, nodeems „Léiergeld“ fälleg ginn ass, hoffentlech eng aner Astellung zu hirem Verhalen.

Ganz krass gëtt et, besonnesch nodeems widderholl drun erënnert ginn ass, datt een zu Lëtzebuerg – a sief et, et hätt 30°C am Schied – am Wanter mat den entspriechende Pneue muss ënnerwee sinn. Hei geet et dann och net mat enger Verwarnung (74 Euro) duer. D‘Gefier muss een ofschleefe loossen, wann een net grad véier Wanterpneuen am Auto leien huet. Dat war 15 mol de Fall…

Legal, illegal, sch….

Um Kommissariat an der Stad waren um Mëttwochowend géint 20.30 Auer dräi Hären opgetruede vun deenen een um Fouss blesséiert war. Si hate keng Pabeieren derbäi mat deenen si sech hätten offiziell identifizéieren, firwat de Verdacht opkomm ass, datt sech bei dëse Persounen eventuell ëm „Illegaler“ handele kéint. Et ass entspriechend gepréift, an déi zoustänneg Servicer informéiert ginn.

No Récksprooch mam Ausseministère huet sech erginn, datt e vun de Männer eigentlech am „Centre de Retention“ sollt sinn. Ob de Mann nees dohinner zréckgefouert ginn ass, geet aus dem Bericht net ervir. Géint déi aner Persounen ass eng Ermëttlung ageleet ginn, de Mann dee sech verletzt hat, ass zur Ënnersichung an d‘Spidol verfracht ginn.

Wann‘s de kee Bong hues, da bezuel op der Tankstell!

Op enger Tankstell am Pommerlach war e Mëttwoch kuerz viru 17 Auer e Mann iwwerzeegt, dat Bensin net zwéngend eppes muss kaschten. Nodeems hie säi Gefier opgetankt hat, huet hie sech a Richtung Ettelbréck verdréckt, wat dem Mann vun der Pompel esou guer net gefall huet, firwat hien d‘Police alertéiert huet. Déi konnten de „vergiesserlechen“ an der Baaschtnecher Strooss stellen.

Well de Mann sech engem Delikt schëlleg gemaach huet, ass säi Gefier eppes méi genee ënnert d‘Lupp geholl ginn, an d‘Beamte sollten net enttäuscht ginn. Nieft engem zolitte Messer, hunn d‘Polizisten och Pefferspray fonnt. Zudeem war de Pilot ouni Lizenz ënnerwee, an esou huet de Won einstweile missen op der Plaz stoe gelooss ginn. E Rendez-vous mam Riichter huet hien och.

Foto: © Police

Ähnlech Sujeten Déifstall, Führerschäin, Illegal Migratioun, Pabeierkontroll, Policekontroll, Summerpneuen, Wanter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel