Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – d’Etta James als Ikon vun der „Black Music“
Neiegkeeten

What the Fakt – d’Etta James als Ikon vun der „Black Music“

Dës Powerfra ass eent vun de wéinege weiblechen Idoler an

Jemen: eng Senatrice erhieft schwéier Virwërf géint den US-Ausseminister
Neiegkeeten

Jemen: eng Senatrice erhieft schwéier Virwërf géint den US-Ausseminister

En Donneschdeg huet eng demokratesch Senatrice den US-Ausseminister, Mike Pompeo,

Frankräich: Dokter bezeechent Schwangerschaftsofbroch als Mord
Neiegkeeten

Frankräich: Dokter bezeechent Schwangerschaftsofbroch als Mord

„Mir sinn net do fir Liewen ze entzéien“: a Frankräich

Staatsbeamten: 80/80/90 Reegelung endgülteg vum Dësch

„Méi wéi nëmmen e Geste zugonschten de kommende Generatiounen“

Staatsbeamten: 80/80/90 Reegelung endgülteg vum Dësch

Am Juni 2018, hatt sech d‘CGFP mat der Regierung op en Zousazpabeier zum Gehälterofkommes vun 2016 gëeenegt. E Kärelement vun dësem Accord, war d‘Ofschafe vun der kontraproduktiver 80/80/90 Reegelung. D‘Stagiären erhalen esou zukünfteg nees e vollt Gehalt während hirer Formatioun. Zudeem gëtt d‘Stageszäit vun 3 op am Prinzip 2 Joer verkierzt. Den entspriechende Gesetzprojet war den 1. Februar vum Ministerrot gebëllegt ginn an ass elo och um Instanzewee.

Bei der gemeinsamer Pressekonferenz mam Minister fir den ëffentlechen Déngscht, Marc Hansen, huet sech d‘CGFP fir eng zügeg Ëmsetzung ausgeschwat. Et gëtt héich Zäit, dës Ongerechtegkeet aus der Welt ze schafen. D‘Verbesserunge sollen no der Ofstëmmung an der Chamber, réckwierkend zum 1. Januar 2019 a Kraaft trieden. Fir d‘Stagiairen, déi schonn am drëtte Joer vun hirem Praktikum sinn, drängt d‘Zäit, wann och fir si nach déi verkierzte Stageszäit gëlle soll.

Zanter Abrëll 2017, huet d‘CGFP onermiddlech Drock gemaach, fir dës ominéis Reegelung nees lass ze ginn. D‘Grënn ware villfälteg. Zum enge war déi mat der virechter Regierung vereenbaart Reform vum Stage net zefriddestellend ëmgesat ginn. Zum anere wollt d‘CGFP net méi laang hinhuelen, datt duerch d‘80/80/90 Reegel beim Staat „bëllegt“ Aarbechtsplaze geschafe ginn. Och am Konjunkturelle Kontext, war dës Reegel net méi géintiwwer der CGFP ze rechtfäerdegen.

Et wier e vëlleg falscht Signal, d‘Aspuerungen op Käschte vun de Beruffsufänger fortzesetzen. Hei am Land ass laut enger Etüd, all fënneften Aktiven am Alter vun 18 bis 24 Joer vun Aarmut bedreet. Dozou kënnt d‘Feststellung, datt d‘80/80/90 Reegel net zur Attraktivitéit vum Staat als Patron bäigedroen huet. Ugesiichts dem Mangel u qualifizéierte Kräften am ëffentlechen Déngscht war et dat falscht Mëttel fir de Problem ze behiewen.

Den Zousazpabeier zum Gehälterofkommes vun 2016 stellt zudeem e Novum duer. D‘CGFP huet op eng Punktwäerterhéijung verzicht, fir esou d‘Ophiewe vun der 80/80/90 Reegel zugonschte vun de kommende Generatiounen ze erméiglechen. Andeems si dem erziilten Ofkommes gréng Luucht erdeelt hunn, hunn d‘CGFP Fachverbänn op eng virbildlech Aart a Weis gewisen, datt Solidaritéit bannent der CGFP keng huel Phrase ass. An ouni Zesummenhalt och net ze iwwerwannen.

D‘80/80/90 Reegel war en „no-go“ an hätt am Fong ni dierfen agesat ginn. Well et wichteg ass vollstänneg ze sinn, muss op dëser Plaz drun erënnert ginn, datt d‘CGFP dëse Kompromëss am Joer 2011 mat ganz vill „Bauchwéi“ agaange war, fir wäitaus schlëmmer Pläng vun der deemoleger Regierung ze verhënneren. Et war allerdéngs scho sengerzäit gewosst, datt dës e bëssi erzwongen „Zoustëmmung“ sech net bis an all Éiwegkeet kéint halen.

Et ass och kee Wahlkaddo vun der Blo-Rout-Grénger Koalitioun déi 80/80/90 Regel ofzeschafen. Déi jéngst Wuertmeldunge vun der gréisster Oppositiounspartei sinn fir d‘CGFP onverständlech. Esou huet eng CSV-Deputéiert rezent gemengt, datt d‘Regierung hätt missen eng Etüd duerchféiere loossen, iert een déi Regel ofschaaft. Esou Aussoe verwonnere besonnesch ëmmer dann, wann engem virun de Wahlen d‘CSV verséchert, dem Zousazpabeier bedéngungslos zouzestëmmen.

A Sonndesrieden der Jugend no dem Mond ze rieden, dat geet net duer. Konkret Dote musse follegen. Geschitt dat net, verléiert d‘Politik all Glafwierdegkeet.

Esou ass een zefridden, datt en Deel vum Zousazpabeier zum Gehälterofkommes vun 2016 schonn an der Chamber ugeholl ginn ass. Déi Deputéiert haten den 12 Februar dem Gesetzesentworf zur Opwäertung vun der Iessenszoulag zougestëmmt. Dat léisst hoffen, datt elo ganz séier zur Ëmsetzung komme kann. Réckwierkend zum 1. Januar 2019, klëmmt d‘Iessenszoulag fir den ëffentlechen Déngscht, vun 144 op 204 Euro. Dat ass eng konsequent a gerecht Upassung.

Bei der Aféierung vun den Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht, ass d‘Geleeënheet genotzt ginn, zugläich Upassunge beim extraordinäre Congé virzehuelen. Säit Oktober 2018, kënne Pappe statt véier elo zéng Deeg Pappecongé ufroen. Esou gouf en Zousaz an d‘Gesetz opgeholl, mat deem entscheet ass, datt all d‘Beamten déi 2018 virum 1. Oktober Papp gi sinn, hir „sechs“ Deeg net verléieren, méi hinnen dës Deeg am Kontext vun der Zäitspuerkonte guttgeschriwwe gëtt.

Matgedeelt vun der CGFP, aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: (v.l.n.r.) Marc Hansen, Minister fir den ëffentlechen Déngscht; Romain Wolff, President CGFP; Steve Heiliger, Generalsekretär CGFP. © CGFP

Ähnlech Sujeten CGFP, Gehälterpfkommes, Marc Hansen, Romain Wolff, Staatsbeamten, Steve Heiliger
Nächsten Artikel Virrechten Artikel