Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Petitioun zum „Tiers Payant“ leeft gutt
Neiegkeeten

D‘Petitioun zum „Tiers Payant“ leeft gutt

Et ass ee matten an der Chrëschtvakanz, an trotz allem

Déi Escher CSV presentéiert sech als demokratesch alternativ
Neiegkeeten

Déi Escher CSV presentéiert sech als demokratesch alternativ

Datt d‘CSV an der Minettemetropol wuel net als stäerkste Partei

Chamberwahlen: de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot mat engem Rot
Neiegkeeten

Chamberwahlen: de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot mat engem Rot

Déi Lëtzebuerger Wieler sinn opgeruff e Sonndeg an d‘Wahlkabinnen ze

D‘Zukunft vun der Zousazversécherung CMCM

D‘Zukunft vun der Zousazversécherung CMCM

Vum demographesche Wandel profitéieren an den Affiliéierte méi Servicer ubidden, dat ass d‘Zil datt sech d‘Direktioun vun der „Caisse Medico-Complémentaire Mutaliste“ (CMCM) fir 2019 gesat huet. Fir dëst ambitiéist Zil ze erreechen, huet sech d‘CMCM op e Partenariat mat der Bâloise agelooss. Dës Partnerschaft soll der CMCM och nei Memberen zouféieren.

D‘CMCM ass mat ronn 270.000 Affiliéierten déi gréissten Zousazversécherung, an esou sollt och bleiwen. Et ass ee sech dann och bewosst, datt d‘Leit haut méi konsequent Choixen treffen, an een net méi allgemeng Versécherungen an Zousazversécherunge kumuléiert. Dat bréngt onweigerlech mat sech, datt ee sech der Konkurrenz stelle muss, an déi huet Lëtzebuerg als attraktive Standuert längst entdeckt. Fir sech an dësem „Kampf“ ze behaapten, huet d‘CMCM Mesuren ergraff.

Mat enger neier „Visibilitéit“ – d‘Aféierung vun engem neie Logo, Engagement an de sozialen Netzwierker an enger neier App – soll de Look verjéngt an de Kontakt zu de Membere verbessert ginn. Dëse „Changement“ huet fir 2018 éischt positiv Resultater bruecht: 3.850 nei Verträg säit dem 1. Januar, entspriechen engem Zouwuess vun 9.000 Memberen. D‘Direktioun ass erfreet a wëll elo op dëse gudde Resultater opbauen. Dat ganzt interessanterweis ouni d‘Cotisatioun ze erhéijen.

D‘Roll vun der Bâloise

Fir déi gesaten Ziler ze erreechen, mee och am Hibléck op e besseren Zougang zu den Entreprisen an deenen hire Mataarbechter, huet sech d‘CMCM mat der Bâloise op e Partenariat agelooss. Dës Versécherungsgesellschaft, déi bis ewell keng Zousazversécherung am Gesondheetsberäich verkaf huet, soll also an Zukunft den Entreprisen d‘CMCM opschwätzen. De Grond fir dës „Operatioun“ läit op der Hand: et wëll ee keng Memberen un d‘Konkurrente verléieren.

An et ass ee scheinbar gutt gerëscht. Fir d‘Attraktivitéit vun der Offer géintiwwer de bestoende Memberen, an deenen déi e fir sech gewanne wëll, ze verbesseren, solle Prestatioune verbessert an neier derbäi kommen. Dat beispillsweis fir Jonker ënner 30 Joer, am Beräich vun der Reeducatioun, de Protheesen awer och der Preventivmedezin, fir nëmmen déi ze ernimmen. Esou eppes huet awer och e Präis, an dee beziffert d‘CMCM op eppes Manner wéi véier Milliounen Euro.

D‘CMCM verléisst sech allerdéngs net eleng op d‘Partenariat mat der Bâloise. Si wëll och weiderhi Veräiner ënnerstëtzen, déi am Gesondheetsberäich aktiv sinn. An dësem Sënn si Partenariater mat der Lëtzebuerger Federatioun vun de Gesondheetssportveräiner (FLASS), der Stëftung „Hôpitaux Robert-Schuman“ – am Kader vum Programm PROTEA, deen dem Burnout-Syndrom virbeuge soll – an dem GesondheetsZentrum. An dat wier, esou déi Responsabel nëmmen den Ufank…

Ähnlech Sujeten Caisse Medico-Complémentaire Mutaliste, CMCM, Gesondheet, La Bâloise, Preventioun, Protheesen, Rehabilitatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel