Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CoPil-Mëllerdall: Staark Acteure fir méi Liewensqualitéit
dating site headshots Neiegkeeten

parrot dating

D‘Natura-2000 Zone vum „Pilotage-Comité Natura 2000 Mëllerdall“ kënnen sech op

https://moien.lu/free-soweto-dating-site/
dating site headshots Neiegkeeten

Sea Shepherd Luxembourg: Weltwäit a lokal aktiv

Zu Esch Belval hat ee Samschdeg déi Lëtzebuerg Sektioun vun

dislikemoney
Fräihandel: USA op Kollisiounskurs mat Kanada, Mexiko hält sech zréck
dating site headshots Neiegkeeten

Fräihandel: USA op Kollisiounskurs mat Kanada, Mexiko hält sech zréck

D’Reiwereien tëscht dem Kanada an den USA sinn um Héichpunkt,

Zu Berlin hunn se eppes Kappwéi

Neonazi gëtt „Ortsvorsteher“ am hesseschen Altenstadt an dat mat de Stëmme vu CDU, FDP an SPD

Zu Berlin hunn se eppes Kappwéi

Wat een net fir méiglech gehalen hätt, awer elo Fakt ass: de stellvertriedende Landesvirsëtzende vun der Hessen-NPD, ass an der Wetterau-Gemeng Altenstadt vun de Parteie CDU, FDP an SPD zum Ortsvorsteher – de Vertrieder vun engem net autonomen Uert géintiwwer der zoustänneger Gemeng – gewielt ginn. Alles och Parteien déi eigentlech de Verbuet vun der NPD gefuerdert haten.

D‘Landtagswahlen a Sachsen a Brandenburg sinn nach net aus der Aktualitéit verschwonnen, scho kënnt et op neits an Däitschland zum politeschen Eclat. Iwwerall konnt d‘Alternativ fir Däitschland (AfD) beuechtlech Resultater virweisen an awer kënnt déi als populistesch a rietsextrem verkläerte Partei fir keng aner Partei als Koalitiounspartner a Fro. Besonnesch CDU an SPD verweigeren sech.

CDUElo kann een dat guttheeschen oder och net, mee wann e sech dann ukuckt wat sech déifste Weste vun Däitschland elo grad zoudréit, dierf e gewëssent Erstaunen zum Ausdrock bréngen. Hei hunn déi verantwortlech Politiker vu CDU, FDP an SPD engem bekennenden Neonazi d‘Schlësselen an d‘Verantwortung vun engem Duerf zougestanen. An hir Argumenter „firwat“ sinn „iwwerzeegend“.

Wat soll dee Schäiss?

Um Beispill vum CDU-Deputéierten Norbert Schielasko gëtt déi onbegräiflech Dommheet vun de Politiker déi fir den Neonazi gestëmmt hunn ersiichtlech. Deen huet am hessesche Radio seng Wiel folgendermoosse begrënnt: „Mir hu keen aneren dee sech mat Computer auskennt an e-Mails verschécke kann. Mir hu virun allem kee méi e jonken“. Datt nennt een net d‘Lat héich halen…

Et gëtt nach besser, wëll fir d‘CDU ass et kee „Problem“ datt de Stefan Jagsch e Member vun der NPD (déi gesinn sech al déi direkt an eenzeg berechtegt Ierwe vun der NSDAP) ass. Och dofir gëtt et en Argument: „Mir sinn am Uerts-Bäirot vëlleg parteionofhängeg. Mir si do fir d‘Bierger vun dësem Deel vun der Gemeng“. Esouvill Dommheet un engem Stéck veriergert d‘Cheffin zolidd.

CDU

Deen eenzegen dee sech zu Altenstadt mat „Internet“ an „e-Mail“ auskennt ass en Nazi. Bei der CDU sichen se och esou een fir hiren Internetoptrëtt ze gesalten.

D‘Annegret Kramp-Karrenbauer huet als nei CDU-Cheffin wuel eppes „geschléckt“ a bestëmmt och nogefrot wéi eng Drogen an der Wetterau ageworf ginn. Am ARD Summerinterview huet si dann awer gemengt datt dës Wahl esou séier wéi méiglech muss Réckgängeg gemaach ginn an een elo Parteiintern préiwe misst, wéi esou eppes iwwerhaapt konnt geschéien. Vill Spaass dobäi…

An tatsächlech mussen sech d‘Sozialdemokraten och froen, ob hir Leit an Hessen se nach all der Rei no hunn. De SPD-Fraktiounschef Ralf Stegner kritt dat ganzt fir den Ament net zortéiert. En Neonazi, esou ee vun de richtegen, een aus enger „Partei“ déi vum Bundesverfassungsgeriicht als „Verfassungsfeindlech“ erkläert ginn ass, ass mat de Stëmme vun der SPD nominéiert ginn.

Strof muss sinn

Elo stellt sech dann awer och d‘Fro, ugesiichts den Interventioune vun de „Volleksparteien“ wéi si sech dat dann elo virstellen, déi Wahl réckgängeg ze maachen. Aus enger juristescher Approche ass et eigentlech onméiglech, dem Stefan Jagsch dëst Mandat nees muedebëtzeg ze maachen. D‘Wahl war offiziell an entspriechend de Regelen ofgehale ginn. Si ass „amtlech“ an net widderleebar.

CDUDéi eenzeg Méiglechkeet déi elo nach géif bestoen, ass dem NPD-Politiker eng Flichtverletzung nozeweisen. Dat ass dann awer erwisenermoossen net de Fall an just well hien en Neonazi ass a Member vun der NPD, kann him dëst Mandat net verwiert ginn. Wéi dëst politescht a brisant Koméidistéck nach ze retten ass? Dozou wollt sech bis ewell nach kee äusseren…

mat indymedia/fra

Karikatur: © Schwarwel (via die Linke)

Ähnlech Sujeten Altenstadt, CDU, FDP, Neonazis, NPD, SPD
Nächsten Artikel Virrechten Artikel