Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerger Lidder – op der Sich nom Sonili!
online dating success rate 2017

Lëtzebuerger Lidder – op der Sich nom Sonili!

De Jean Kandel, deen dofir bekannt ass, Lëtzebuerger Lidder erëm

old actors dating young actresses
online dating success rate 2017

a dating site for farmers

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg 2019 ass och bei

money
USA wëllen Indien an Tierkei d‘Handelsvirdeeler entzéien
online dating success rate 2017

USA wëllen Indien an Tierkei d‘Handelsvirdeeler entzéien

Déi vun den USA fir d‘Tierkei an Indien agefouert Vergënschtegungen

Zu Hesper sinn se eppes Verwonnert

Zu Hesper sinn se eppes Verwonnert

De Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot vun der Gemeng Hesper huet sech zu de Pläng vum Minister fir nohalteg Verkéiersproblemer, François Bausch (déi gréng), betreffend den Bau vun engem Tunnel am Kontext vum Contournement, „iwwerrascht gewisen.

Si verweisen an op eng Rei „Problemer“ déi esou e Projet mat sech bréngt. Esou wier ze bedenken, datt esou eng Entreprise – also en Tunnel ze bauen – richteg vill Geld kascht. An dat schonn eleng fir d‘Constructioun vun esou engem Tunnel, woubäi deen och muss ënnerhale ginn, wat dann och nees eng zolidd Staang Geld verschléngen dierft.

Et sollt och beduecht ginn, datt den Tunnel net duerch en Iwwerschwemmungsgebitt sollt féieren. An emol ugeholl „Geld géif keng Roll spillen“, ugesiichts der Urgence de Verkéiersfloss an der Gemeng nees op en erdréiglechen Niveau ze schrauwen, da wier et gutt ze wëssen, an wéi engem Zäitraum de Minister gedenkt de Porjet ze realiséieren.

De Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot vun der Gemeng Hesper, weist drop hin, datt d‘Ausschaffe vun esou engem Plang eng éischter laangwiereg Ugeleeënheet ass. Datt een esou eppes och net iwwert de Knéi brieche ka wier zwar verständlech, mee et hätt een elo einfach net déi Zäit fir esou en zäitintensive Projet ofzewaarden.

Hei geet dann och nach bedauert, datt déi ëffentlech Consultatioun, déi fir 2017 virgesi war, net stattfonnt huet. Am Communiqué vum Ministère (26. Juli 2019) heescht et awer, datt dës Ëmfro nach soll kommen. Fir den Ament jiddefalls ass de Minister nach an de betraffene Gemengen (Hesper, Réiser a Lëtzebuerg) op Informatiounstour.

Foto: © Gemeng Hesper

Ähnlech Sujeten Contournement, François Bausch, Hesper, Stau, Tunnel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel