Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng grouss Dagesuerdnung fir de Regierungsrot
Meenung Neiegkeeten

Eng grouss Dagesuerdnung fir de Regierungsrot

E Freideg hat et nees eng Sëtzung vum Regierungsrot ënnert

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen
Meenung Neiegkeeten

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen

Am Dateskandal ronderëm Facebook, deen duerch Cambridge Analytica ausgeléist ginn

Schéisserei an Hessen: Aacht Mënsche Stierwen
Meenung Neiegkeeten

Schéisserei an Hessen: Aacht Mënsche Stierwen

An der hessescher Stad Hanau (bei Frankfurt am Main) sinn

Editorial: Jo och zu Lëtzebuerg gëtt et Raten

Editorial: Jo och zu Lëtzebuerg gëtt et Raten

Et ass nawell ëmmer nees erstaunlech iwwert wat ee sech alles opreege kann oder zuweilen och wëll opreegen. Esou soll et Mënsche ginn, déi kierzlech wëllen entdeckt hunn, datt et an eiser schéiner aler Stad och Rate gëtt. Woubäi, Raten an eiser Haaptstad, déi gëtt et zanter se besteet an de Mënsch sech hei breet gemaach huet. Deen ass schliisslech de „Provider“ vu Ressourcen.

Datt een déi schei awer iwwerduerchschnëttlech intelligent „Matbewunner“ seelen zu Gesiicht kritt huet manner mat der Tatsaach ze dinn, datt d‘Raten un eis Mënschen net direkt interesséiert sinn an et zudeem méiglech ass, datt och d‘Raten an de leschte Joerhonnerte matkritt hunn, wat Mënschen am grousse Ganze vun hinnen halen. Si si virun allem Nuetsaktiv a liewe gären eppes zréckgezunn.

Mat de grousse Chantieren, besonnesch déi vum Tram an/oder ënnerierdesche Parkingen, ginn dës Déieren nawell zolidd gestresst. Oder anescht ausgedréckt: si ginn aus de Lächer gedriwwen! Esou gesäit een déi am groe Pelz agepaakten Intelligenzbestien elo och zuweile matten am Dag. Hir Spillwiss sinn d‘Kanalisatiounen a soss däischter Plazen, op deenen sech de Mënsch net ophält.

An iert elo nees Panik ausbrécht: d‘Stad Lëtzebuerg kennt de „Problem“ a suergt mat zwee mol am Joer mat extensive Campagne géint d‘entsoe vun enger Plo. Ganz lass ginn awer wier einfach net méiglech, well de Mënsch duerch säi beholl, d‘Raten ëmmer nees drop hiweist, wou et einfach a ganz bequem Fudder gëtt. Et soll ee jo och keen Iessen an d‘Kanalisatioun aleeden…

Et ass ebe mat de Rate wéi mat villen anere Problemer och. Si gi vum Mënsch erbäigefouert, deen da vun anere Mënschen erwaart dee selwer erbäigefouerte Problem ze léisen. Gutt ee „schéint Bild“ si Rate wuel éischter net, mee et sollt ee bedenken datt si, ee bëssi wéi d‘Heinzelmännercher, ganz vill Knascht ewech maachen. Et dierf een si net iwwerhand huele loossen, mee soss si se nëtzlech.

Illustratioun: Thomas Skirde / Pixabay

Ähnlech Sujeten Raten, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel