Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Landwirtschaft- a Fëschereiminister aus der EU zenséieren den Internet
Fail Neiegkeeten

Landwirtschaft- a Fëschereiminister aus der EU zenséieren den Internet

Et war an ass e „krätzege“ Vott deen d‘EU Landwirtschaftsminister

Regierungsrot: Thermalbad Munneref, international Accorden a eng Rei Konventiounen
Fail Neiegkeeten

Regierungsrot: Thermalbad Munneref, international Accorden a eng Rei Konventiounen

E Freideg huet sech, ënnert der Leedung vum Premierminister Xavier

Editorial: Pass op… däi Boss huet dech am A
Fail Neiegkeeten

Editorial: Pass op… däi Boss huet dech am A

Zanter der Leschter Woch brauchen d‘Entreprise keng Autorisatioun méi, fir

dislike

Wéi steet et ëm d‘Leit, déi zu Lëtzebuerg keng Sozialversécherung hunn?

Wéi steet et ëm d‘Leit, déi zu Lëtzebuerg keng Sozialversécherung hunn?

D‘Regierung huet e Méindeg op en Fro vun der LSAP-Deputéiert Taina Bofferding geäntwert. Déi Escher Deputéiert wollt wëssen, op bekannt ass, wéi vill Leit vun eisem Gesondheetssystem ausgeschloss sinn. Déi Leit missten, fir Zougang zu enger Behandlung ze erhalen, sech un ONGe wéi Doktere vun der Welt (Médecins du Monde) wennen.

Laut der Familljeministesch Corinne Cahen an dem Sozialversécherungsminister Romain Schneider, wier et aktuell awer net méiglech hei Zuelen ze nennen. Weder de Ministère vum Romain Schneider, nach d‘CCSS (Centre commun de la sécurité sociale), déi sech ëm d‘Affiliatioune këmmert, mee och de Familljeministère, hätten Informatioune séi sech der Unzuel vun net versécherte Mënsche géifen unhuelen.

Sech „fräiwëlleg“ affiliéieren

D‘Corinne Cahen an de Romain Schneider erënneren dann awer drun, datt zanter dem 1. Januar 2008, d‘CCSS eng fräiwëlleg Affiliatioun bei der Krankekeess (CNS) zouléisst. Dat gëllt fir all Demandeur deen eng Adress zu Lëtzebuerg iwwer sechs Méint ka noweisen. Wier dat net méiglech, esou ass et dem Demandeur och nach erlaabt, aner Beweiser fir säin effektiven Openthalt am Land virzeleeën.

Ginn déi Piècen ugeholl, a bezilt de Demandeur reegelméisseg seng Bäiträg, kënnt hien no enger Stageszäit vun dräi Méint an de Genoss vun enger Krankeversécherung. D‘CCSS iwwerpréift dann all sechs Méint, op de Versécherten och weider säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg huet. Zudeem gëtt d‘CCSS all Joer de Numm an d‘Adress vun de betraffene Persounen un de Sozialversécherungsministère weider.

Et gëtt „Dispositiounen“

Laut dem leschte Rapport vun der CCSS un de Ministère, wieren aktuell 355 Persoune fräiwëlleg affiliéiert. Déi meescht dovunner hätten déi portugisesch Nationalitéit (40%) oder kommen aus engem aneren EU-Land (18%), mee och Lëtzebuerger (7%) wieren an deem Fall. Och Persounen aus engem sougenannten Drëttland wiere „fräiwëlleg verséchert“, ouni dofir eng legal Adress zu Lëtzebuerg ze hunn.

Laut dem Romain Schneider wieren awer spezifesch Dispositiounen ergraff ginn, fir Persounen ze ënnerstëtzen, déi sech ouni Sozialversécherung kéinten erëmfannen. Esou erhale Refugiéeën esou wéi se zu Lëtzebuerg ukommen, Zougang zu medezinesche Soinen, bis déi „fräiwëlleg“ Affiliatioun déi fir si ofgeschloss gëtt, a Kraaft kann trieden. Wien op Sozialhëllef ugewisen ass an d‘Konditiounen erfëllt, kann sech jidderzäit u säin Office Social wennen.

Fir béid Minister wier domatter kloer, datt mat deenen zwou Dispositiounen, all Persoun déi eng Openthaltserlaabnes zu Lëtzebuerg hunn, sech och bei der CCSS verséchere kann. Zudeem ass drop higewise ginn, datt de Gesondheetsministère iwwert e Budget verfüügt, mat deem d‘Käschte vun enger medezinescher Behandlung (onbezuelte Rechnunge vum Spidol oder dem Dokter), fir Persounen ouni Versécherung iwwerholl ginn.

Ähnlech Sujeten Corinne Cahen, Doktere vun der Welt, Romain Schneider, Sozialversécherung, Taina Bofferding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel