Search

You may also like

Hëllef fir Portugal: D’Luxembourg Air Rescue am Asaz géint Corona
Kultur Neiegkeeten

Hëllef fir Portugal: D’Luxembourg Air Rescue am Asaz géint Corona

Duerch d’Pandemie ass a ville portugisesche Spideeler d’Situatioun immens kritesch.

Fraepower am Verwaltungsrot (kommentéiert)
Kultur Neiegkeeten

Fraepower am Verwaltungsrot (kommentéiert)

Aus LSAP-gefouerte Ministère kommen – dat war an der läscht

Een ze waarmen Hierscht mat iwwerduerchschnëttlech vill Reen
Kultur Neiegkeeten

Een ze waarmen Hierscht mat iwwerduerchschnëttlech vill Reen

Pünktlech zum Ofschloss vum meteorologeschen Hierscht 2019 huet de sraatleche

Zu Nouspelt feieren se d‘Eemaische ganzer dräi Deeg laang

Zu Nouspelt feieren se d‘Eemaische ganzer dräi Deeg laang

„Eemaische misst et dat ganzt Joer iwwer ginn“ sot mer nach gëschter Owend d‘Knetzel, dat béis enttäuscht wäert sinn, well den heiten net gewëllt ass de Superjhemp alias Vullejhemp als „Päif“ oder wéi een zu Nouspelt seet „Péckvillchen“, ze kafen. Fir de Rescht wäert et awer wéi al Joer dohinner goen, an eent vun de flottste Volleksfester genoss ginn.

Et ass dann och schonn déi 63. Ausgab vun der Nouspelter Eemaischen, déi dëst Joer schonn e Samschdeg ufänkt a sech bis e Méindeg soll hinzéien. Dat ass flott, ënnert anerem och dowéinst, well et keng wierklech gutt Entschëllegung gëtt, elo grad no keen „acte de Presence“ ze maachen. Wéi et heescht hu se och nach gutt bis bessert Wieder bestallt.

Fir de Sonndegowend ass de „Millenium-Bal“ mam DJ Duschti am DJ Neppy annoncéiert ginn. Et soll Musek aus den 80er ginn. Well et op der Plaz selwer wierklech net bequem ass eng Parkplaz ze fannen, sollt een dovunner Ofstand huelen an sech direkt mat der Navette ufrënnen. Déi zirkuléiert tëscht dem P&R an der Industriezon an der Schoul.

De Maart dee mir als „Eemaischen“ kennen, fënnt dann awer wéi gewinnt e Méindeg Statt. Et soll um 10 Auer lass goen, an dat wéi gewinnt an de Gaasse vum schéinen Nouspelt. Wéinst den EU-Wahle kann et passéieren datt een iwwert deen een oder anere Politiker fält, mee dann Akzent läit eendeiteg op de Péckvillercher an dat ass et och ëm wat et hei geet.

An dësem Kontext kann iech nëmme gerode ginn d‘Krapperten anzepaken, well wéi et vum Organisateur, der Asbl Nouspelter Eemaischen, matgedeelt gouf, soll et eng Rei Demonstratioune ronderëm d‘Poterie-Handwierk ginn, an natierlech gëtt et eng helle Wull un Animatiounen. Net ze vergiessen: zu Nouspelt gëtt et nëmme Konschthandwierk ze kafen.

Foto: Andreas Almstedt / Pixabay

Related topics Eemaischen, Nouspelt, Péckvillchen
Next post Previous post