Search

You may also like

Lëtzebuerger Ausseminister besuergt
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Ausseminister besuergt

Zwee Deeg laang hat déi vun den europäeschen Ausseminister ofgehale

Potter-Fans opgepasst: Den Harry huet haut Gebuertsdag!
Neiegkeeten

Potter-Fans opgepasst: Den Harry huet haut Gebuertsdag!

Bekannt ginn ass d’Figur Harry Potter duerch d’Fantasy-Roman-Rei vum J.

Coronavirus: EU a Groussbritannien beroden iwwert Schutzmoossnamen
Neiegkeeten

Coronavirus: EU a Groussbritannien beroden iwwert Schutzmoossnamen

An der Provënz Hubei si bannent 24 Stonnen 107 Mënschen

Zu Réimech gouf geschoss – d‘Police sicht no Zeien

Zu Réimech gouf geschoss – d‘Police sicht no Zeien

Wéi d‘Police de Moie matgedeelt huet, ass gëschter am spéiden Owend zu Réimesch zu engem Virfall mat enger Feierwaff komm. Géint 23 Auer, esou d‘Police, goufen hir am Beräich vun der Grenzbréck Schëss gemellt, och eng Persoun wier blesséiert ginn.

Direkt hu sech Unitéite vun der Police an och d‘Rettungsdéngschter op de Wee gemaach, fir der Saach nozegoen an der gemellter Persoun zu Hëllef ze kommen. Déi blesséiert Persoun konnt dann och séier ermëttelt ginn. D‘Affer wier um Bee verletzt ginn. No enger Éischtversuergung op der Plaz ass déi blesséiert Persoun dann an d‘Spidol iwwerstallt ginn.

Wien, firwat op de Mann geschoss huet, geet net aus dem Bericht vun der Police ervir, dann Täter wier onerkannt entkomm, esou d‘Police. De Procureur ass iwwert de Virfall informéiert ginn an d‘Judiciaire ass mat der Enquête beoptraagt ginn. An dësem Zesummenhang sicht d‘Police dann elo och no méiglechen Zeien, respektiv Persounen, déi zur Opklärung vun dëser Affär Informatioune bäidroe kënnen. Datt kann iwwert den 113 gemaach ginn.

Illustratioun: © Tommy Dykes / unsplash

Related topics Police, Réimesch, Schéisserei, Schosswaffen, Strofdot
Next post Previous post