Search

You may also like

D‘Faschisten hunn eege Fraktioun am Europaparlament
Neiegkeeten Stories

D‘Faschisten hunn eege Fraktioun am Europaparlament

Faschisten, rietsradikaler a Gläichgesënnter aus néng Länner hunn sech am

Kanalisatiounsaarbechten um Boulevard Pierre Werner (27.-28.06.2020)
Neiegkeeten Stories

Kanalisatiounsaarbechten um Boulevard Pierre Werner (27.-28.06.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt et um Samschdeg, de 27.

Déi zweet Editioun vun „Alkohol? Wéineger ass besser!“
Neiegkeeten Stories

Déi zweet Editioun vun „Alkohol? Wéineger ass besser!“

Vum 18. bis de 26. Mee fënnt zu Lëtzebuerg scho

Zu Steesel hu se d‘Revolutioun an eng Fläsch ofgefëllt

Zu Steesel hu se d‘Revolutioun an eng Fläsch ofgefëllt

D‘Stuff Brauerei vu Steesel huet villes ze bidden an dozou gehéiert och de „Revolutioun IPA“, een éischter traditionell „amerikanesch“ ausgeriichten Indian Pale Ale dee seng Batterstoffer de villen Happzorten ze verdanken huet, déi him dat gewëssent „Eppes“ verléint. Hei hunn d‘Jongen déi bal perfekt Balance tëscht doucer Textur an dem battere Goût, deen en IPA muss hunn, hikritt.

Et dierf een dann och ervirhiewen, datt wann et richteg ass, datt sech de Joseph „Joe“ Hallack-Wolff an den Antoine Biasino un den amerikanesche Virbiller orientéiert hunn, den Ënnerscheet däitlech ass, wat vill mat der Auswiel vun den ënnerschiddlechen Happzorten ze dinn huet. Hei sech méi op e de fruuchtegen Happ konzentréiert ginn, woubäi de Barley-Malz nees éischter klassesch ass.

D‘Stuff Brauerei, 2016 gegrënnt, ass datt wat ee sech ënnert enger Mikro-Brauerei virstelle kann: an enger Garage déi esoubal keen Auto méi wäert empfänken, kënnen eis Braumeeschter bis zu 450 Liter Béier d‘Woch zesummeschrauwen, wat och zum Deel erkläert firwat ee muss zougräifen, wann eng nei Charge sech um Marché ubitt. Jo eppes Gutts ass ebe seelen an den éischten ass vir.

Hir Produktpalett erstreckt sech iwwer mëttlerweil sechs verschidden Zorten, gëtt vum Public ganz gutt opgeholl firwat et iergendwann zur Erweiderung muss kommen. Da kéint et och méi dees IPA ginn deen d‘Revolutioun ganz nei definéiert. Mat senge 6,3% Alkoholgehalt läit hien am Niveau a verlaangt schonn eppes Moderatioun beim „schëdden“, woubäi dat engem schwéier falen dierft.

Wie souwisou der Usiicht ass, datt den IPA eppes fir de „Genoss“ ass, dee wäert och Gefalen um Revolutioun IPA vun der Stuff Brauerei fannen. Esou huet sech dësen handwierklech perfekt gebraute Béier och seng Plaz an der ëmmer méi villfälteger Béierwelt vu Lëtzebuerg etabléiert. Zum Apero, mat engem Stéck häerzhafte Kéis, an enger Betribstemperatur vu 6°C ass et e Genoss.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Craft Beers, Indian Pale Ale, Revolutioun IPA, Steesel, Stuff Brauerei
Next post Previous post