Search

You may also like

D’EU-Parlament wëll e Verbuet fir d’Fësche mat „elektreschem Impuls“
International Neiegkeeten

D’EU-Parlament wëll e Verbuet fir d’Fësche mat „elektreschem Impuls“

Um Dënschdeg huet d’EU-Parlament sech géint d’Fësche mat elektreschem Impuls

Bass du prett, fir däi Lëtzebuergesch ze testen?
International Neiegkeeten

Bass du prett, fir däi Lëtzebuergesch ze testen?

[onionbuzz quiz-id=201][/onionbuzz] Ëmmer erëm stousse mer beim schreiwen op komplizéiert

Buchpresentatioun vu „Meat Market“ – Déi donkel Säit vum Modelen
International Neiegkeeten

Buchpresentatioun vu „Meat Market“ – Déi donkel Säit vum Modelen

D’Autorin Juno Dawson erzielt eis am fiktive Jugendbuch „Meat Market“

Baden-Würtemberg: Schwéiert Zuchongléck bei Freiburg

Baden-Würtemberg: Schwéiert Zuchongléck bei Freiburg

E Gidderzuch vun der Schwäizer BLS ass onwäit der Schwäizer Grenz accidentéiert. No éischten Erkenntnisser ass den Zuch bei Auggen (Baden-Würtemberg) an ee Stéck vun enger Bréck gerannt an entgleist. D‘Rettungsdéngschter an d‘Police sinn op der Plaz. Een Affer gëtt et ze bekloen.

Bei engem heftegen Zuchaccident um Donneschdegowend onwäit der Universitéitsstad Freiburg, ass de Kondukter vum Zuch gestuerwen. Esou, déi traureg Confirmatioun, säitens der Spriecherin vum Police-Präsidium zu Freiburg. Zéng Persounen si beim Ongléck liicht blesséiert ginn. Bei dësem Zuch huet et sech ëm eng sougenannt „Landstrooss op Schinnen“ gehandelt, dee Camione mat de Chaufferen op der Nord-Süd-Achs transportéiert huet.

FreiburgDe Spriecher vun der BLS-Cargo, Stefan Dauner huet op Nofro bestätegt, datt sech den Onfall géint 19.30 Auer zougedroen huet. Den Zuch wier um 19.19 Auer zu Freiburg mam Zil Novarra (Italien) fortgefuer. Am Detail, heescht et, datt den Zuch wuel vun enger BLS-Lok gezu gouf, mee déi Schwäizer SBB-Cargo bis Basel d‘Verantwortung fir de Eisebunnsverkéier ass. Den Zuch ass op der „Rheintalstreck“ bei enger Bréck accidentéiert.

Vun der Freiburger Police-Spriecherin heescht et zur Onfallursaach: „En Deel vun der Bréck ass op d‘Schinne gefall an de Kondukter konnt den Zuch net méi zäiteg ofbremsen“. Den Thorsten Krenz, Konzernbevollmächtegte vun der DB (Deutsche Bahn) fir Baden-Würtemberg huet sech betraff gewisen: „Ons Gedanke sinn elo beim Kondukter a senger Famill. De Blesséierte wënsche mir eng séier Erhuelung“. D‘Streck ass elo viraussiichtlech bis ee Méindeg gespaart.

FreiburgDen Accident huet och zolidd Auswierkungen op den internationale Persouneverkéier – och wann dëse wéinst der Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, staark zréckgaangen ass. D‘Intercity-Express-Zich (ICE) a Richtung Norde kënnen eréischt ab Freiburg hir Faart ophuelen. Tëscht Basel (CH) a Freiburg (D) gëtt de sougenannte Schinnenersatzverkéier vu Busser a Regionalzich geleescht. D‘Reeszäit verlängert sech ëm 90 Minutten.

mat indymedia/bsl/zrh/str

Foto: © Privat /baden.fm

Related topics BLS-Cargo, DB, Freiburg, Rheintalstrecke, SBB, Zuchongléck
Next post Previous post