De Xi op Besuch beim Emmanuel
De chinesesche President Xi Jinping ass zu Besuch bei sengem
De chinesesche President Xi Jinping ass zu Besuch bei sengem
D‘USA hunn déi vum Iran ugekënnegt Auswäitung vun der Uranuräicherung
Um Samschdeg soll et entspriechend sech iwwerschneidende Berichter vu béide
De Mark Zuckerberg, Chef vu Facebook, gëtt haut am europäesche Parlament erwaart. Hien soll Ried an Äntwert wat d’Verstéiss géint den Dateschutz ugeet, stoen. Dëst am Kader vum Skandal ronderëm Cambridge Analytica.
Seng Auditioun an dësem Nomëtten sollt ursprénglech hannert zouenen Diere stattfannen. Mee elo gëtt se och Live iwwert den Internet iwwerdroen. Dëst geschitt op Drock vun den Europadeputéierten. Dräi Deeg virum a Kraaft trieden vum neien europäesche Gesetz zum Schutz vun den Daten ass dësen Drock ëmmer mi grouss ginn. En ähnlechen Event gouf et virun engem Mount virum amerikanesche Kongress. Do gouf et eng reegelrecht Flut vu Froen. Haaptsächlech goung et dorëmmer, ze verstoen, wéi Cambridge Analytica et konnt hikréien, fir d’Donnéeën vu Millioune Facebooknotzer fir politesch Zwecker kënnen ze mëssbrauchen.
De Chef vun den liberalen Europadeputéierten, Guy Verhofstadt (ALDE) huet mat engem Boykott gedreet, sollt dës Befroung privat bleiwen. “Et gi méi Facebooknotzer an der Europäescher Unioun wéi an den USA an d’Europäer hunn et verdéngt ze wëssen, wéi hier Donnéeë gebraucht ginn”, huet d’Vera Jourova, Europakommissärin fir Justiz, gesot.
D’Europäer hunn et verdéngt ze wëssen, wéi hier Donnéeë gebraucht ginn
D’Ukënnegung vun enger direkter Iwwerdroung gouf wäitgoend begréisst. “D’Transparenz huet gewonnen (…) Eng Begéignung hannert zouenen Diere wier eng Farce gewiescht”, huet de Chef vun den sozialdemokrateschen Europaduputéierten, den Däitschen Udo Bullmann gesot. “Den Drock huet funktionéiert”, esou déi Gréng.
D’Vera Jourova huet an de leschte Wochen e puer mol op ironesch Aart a Weis dem Mark Zuckerberg Merci gesot, datt en esou e Beweis erbruecht huet, datt eng mi streng Datesécherheet néideg wier. Och wann sech d’Gigante vum Internet, déi och grouss Konsumente vu privaten Date sinn, dogéint géinge striewen.
De Chef vu Facebook hat sech virum amerikaneschen Parlament entschëllegt. Hien hat erkannt, datt Facebook net genuch Responsabilitéit iwwerholl hätt. Dëst souwuel, wat den Dateschutz ugeet, wéi och bei der Verbreedung vu Fake News, der Wahlmanipulatioun duerch aner Natiounen oder bei der Haassried. Hien huet di nei Dateschutzreegelen an der EU als eng positiv Entwécklung bezeechent.
Den General Data Protection Reglation (GDPR) wäert d’individuell Rechter stäerken a strikt Obligatioune fir Entreprisen, déi Donnéeë sammelen oder traitéieren, operleeën. Dobäi spillt et kleng Roll, wou se hire Sëtz hunn, esou laang d’Donnéeë vun Europäer betraff sinn. All Entreprise oder Organisatioun, déi Date sammelt, op se online sinn oder net, mussen dëse Reegele follegen. Falls dëst net geschitt, si schwéier Strofe virgesinn. Dëst gëllt och fir Plattformen wéi Facebook, Google oder Twitter.
An dëse Reegele mat abegraff ass d’Recht op d’Vergiesse. Och sollen Eenzelpersounen drop higewise ginn, wann een en net autoriséierten Zougrëff op hir Donnée mécht.
Mam Cédric Simon an Céline le Prioux (AFP) (gekierzt)
Foto: AFP PHOTO / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / JUSTIN SULLIVAN