Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

GIMB: Gesond iessen, méi bewegen
International Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-sites-farnborough/

Et ass dann elo scho fir déi zéngte Kéier wou

celebs go dating 2017 when does it start
International Neiegkeeten

Verjéngt fënnt d’DP no iwwer 30 Joer de Wee zeréck op Fréiseng

Fir d‘Gemengewahlen huet sech d‘Demokratesch Partei zimlech am ganze Land

Dës Kooperatioun soll d’Fuerschung zu Lëtzebuerg stäerken
International Neiegkeeten

Dës Kooperatioun soll d’Fuerschung zu Lëtzebuerg stäerken

NVIDIA sinn zwar haaptsächlech fir hier Grafikkaarte bekannt, déi néideg

De Mark Zuckerberg gesäit sech an der Verantwortung, stellt sech awer géint eng Zensur

De Mark Zuckerberg gesäit sech an der Verantwortung, stellt sech awer géint eng Zensur

De Skandal deem sech Facebook selwer ausgesat huet, an deem si Entreprisen erméiglecht hunn, d‘Donnéeë vu Milliounen Notzer ofzegräifen, ass um Dënschdeg am Kongress zur Staatsaffär ginn. Sécher huet sech de Grupp entschëllegt a Besserung versprach, trotzdeem huet de Patron, Mark Zuckerberg, sech de Froe vum US-Kongress misse stellen.

Flott erausgefiizt wann et eescht gëtt, esou huet sech de Mark Zuckerberg ongewinnt am beschte Kostüm gewisen. An et ass dann och eescht ginn, virum Handel- a Justizausschoss, wou den 33 järege Milliardär stonnelaang vun de Senateure befrot ginn ass. Dem Zuckerberg seng Strategie war scheinbar einfach: esou éierlech wéi méiglech an d‘Verantwortung iwwerhuelen.

Um Méindeg hat de Kongress schonn d‘Stellungnam – fir d‘Auditioun – vum Mark Zuckerberg verëffentlecht. Eng Ausso déi sech net wierklech vun deenen ënnerscheet, déi et zanter dem bekannt gi vum „Dateverloscht“ bal deeglech ginn huet. Vill Entschëllegungen an d‘Erkenntnis, datt d‘Entreprise hirer Verantwortung de Notzer géinteniwwer net gerecht ginn ass.

En interessante mea culpa

Eppes wat een elo éischter aus der asiatescher Kultur hir kennt, ass d‘Aart a Weis wéi e (grousse) Patron d‘Feeler déi d‘Entreprise gemaach huet, mat der eegener Persoun verbënnt. An de Mark Zuckerberg huet sech als grousse Patron presentéiert: „Et ass mäi Feeler an et deet mir leed. Ech hu Facebook lancéiert, ech leede Facebook an ech si verantwortlech“.

Datt de Facebook-Chef déi eegen Naivitéit zum Géigestand vu senger Krisestrategie gemaach huet, ass en interessanten, well och politesch verwäertbare Schachzuch. Esou huet de Mark Zuckerberg ëmmer nees sengem opmierksamen Auditoire erzielt, wéi hien sech d‘Welt vu Facebook viru 14 Joer am Studentenheem virgestallt huet. Eng Missioun, déi idealistesch motivéiert war.

Am Mëttelpunkt vun der Auditioun, de Skandal deen duerch den „ongewollten“ Zougrëff op d‘Date vun de Notzer bekannt ginn ass. An hei huet de Mark Zuckerberg däitlech gemaach, datt et en zweete Fall „Cambridge Analytica“ net dierf an och net wäert ginn. Facebook hätt dann och schonn eng Rei Mesure getraff, an et soll sech och dorunner gehale ginn.

Sozial Netzwierker reguléieren, geet dat duer?

D‘US-Administratioun, déi generell alles kontrolléieren an reguléiere wëll, ass vum Ausschoss gutt vertruede ginn. An de Mark Zuckerberg huet och zougesot, datt hien „eng Reguléierung am Prinzip ënnerstëtzt, mee et misst dann och déi richteg Reguléierung sinn“. Hei konnt een dann och gesinn, datt de Facebook-Chef, wann et drëms geet Reegelen ze vermeiden, ganz selbstbewosst optrëtt.

Selbstbewosst war de jonke Milliardär och an deene Momenter, wou hien den däitlech eelere Senateuren huet missen déi technesch Grondlagen erklären. Net all Fro huet dat néidegt Verständnis gewisen, datt eigentlech fir d‘Unhéierung vum Patron vun engem Internetkonzern zwéngend wier. An dëse Momenter konnt een dem Mark Zuckerberg ugesinn, datt hie genervt war.

Un engem Punkt huet sech de Facebook-Chef festgehalen: déi kënschtlech Intelligenz. D‘Roll déi an Zukunft kënschtlech intelligent Systemer iwwerhuele kéinten, wéi beispillsweis problemateschen Inhalt vun der Plattform ze läschen, misst ee berécksiichtegen. Facebook hätt sech operluecht, sech net nëmme méi op d‘Meldunge vun den Notzer ze verloossen.

E „Filter“ als Instrument vun der Zensur?

Kënschtlech Intelligenz kann awer net alles, an datt sech Facebook domatter neie Problemer zouwennt, dat huet de Mark Zuckerberg dem Kongress dann net op d‘Nues gebonnen. Well Maschinnen, déi mat automatiséierte Filtersystemer iwwert dat entscheede wat online ze gesinn ass, kënne séier zur Gefor fir d‘Demokratie ginn. Et ass och erkennbar eng Form vun Zensur.

An de Mark Zuckerberg huet während der Auditioun och villes nëmmen approximativ erläutert. Zu der Fro: wéi e Wee d‘Date vun de Notzer huelen, déi Facebook späichert, huet de Milliardär net wierklech zefriddestellend geäntwert. An hei wier et gutt gewiescht, engersäits éierlech ze sinn, an esou ze erklären, datt och jidderee et ka verstoen.

De Mark Zuckerberg huet beispillsweis geäntwert, datt de Notzer iwwert d‘Astellungen zu der Privatsphär, d‘Kontroll doriwwer hätt wien seng Date kann agesinn oder drop zougräifen. Fakt ass awer, datt Facebook selwer op alles zougräife kann, an d‘Daten zur Profilbildung notzt. An et ass Facebook och egal, ob dës Donnéeën ëffentlech oder nëmme fir „Frënn“ bestëmmt sinn.

Ze komplex fir op alles eng Äntwert ze hunn

Erstaunlech bei der Auditioun vum Chef vum gréisste „social network“ op der Welt, d‘Feststellung: alles wat bei Facebook geschitt, weess och de Patron net. Esou huet et sech erginn, datt de Mark Zuckerberg ëmmer nees dem Auditoire huet misse verspriechen, Informatiounen nozereechen. Dat grad bei Froen zum aktuelle „Skandal“, zu deenen et awer Äntwerte sollt ginn.

Den Ausschoss vum US-Kongress wollt wëssen, wéi eng Daten an a wéi engem Ëmfang, vun der britescher Firma Cambridge Analytica „ofgezweigt“ goufen. Et wollt een zudeem och nach wëssen, wéi Facebook seng Notzer iwwert déi ënnerschiddlech „Apparater“ verfollegt, a wéi laang d‘Daten am System bleiwen nodeems se „geläscht“ gi sinn.

Froen op déi de Mark Zuckerberg keng Äntwerten hat. Den Handel- a Justizausschoss huet de Facebook-Chef awer net wierklech ënner Drock gesat kritt. Op en echt Zougeständnes mussen d‘Senateuren dës Kéier verzichten. Um Enn dierfte méi Froen opbliwwe sinn, wéi et Äntwerte ginn huet. Elo heescht et sech gedëllegen, an op d‘Conclusioune vum Ausschoss waarden.

mat AFP

Foto: Eng ganz nei Erfarung huet de Mark Zuckerberg, Chef vu Facebook, um Dënschdeg gemaach. Den 33 järege Milliardär huet dem Handel- a Justizausschoss vum US-Kongress misse Ried an Äntwert stoen, well duerch eng „Onopmierksamkeet“ déi britesch Firma Cambridge Analytica op Milliounen Donnéeë vun Notzer zougrëff erhalen hat. © Brendan Smialowski/AFP

Ähnlech Sujeten Cambridge Analytica, Dateschutz, Facebook, Mark Zuckerberg, US-Kongress
Nächsten Artikel Virrechten Artikel