Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg wiisst, an dat ëmmer méi
Neiegkeeten

Lëtzebuerg wiisst, an dat ëmmer méi

Zum éischte Januar vun dësem Joer huet Lëtzebuerg 590.667 Awunner

My Urban Piano – d’Gewënner vum musikalesche Concours
Neiegkeeten

My Urban Piano – d’Gewënner vum musikalesche Concours

Am Kader vum Projet My Urban Piano, den vum 31.

San Francisco: FBI verhënnert Attentat
Neiegkeeten

San Francisco: FBI verhënnert Attentat

Um Samschdeg hunn sech d‘Enquêteure duerch d‘Vergaangenheet vum Ex-Marine gewullt.

Zukunft ass méi!

D‘LSAP bitt konkret Alternative fir eng optimistesch zukunftsorientéiert Politik

Zukunft ass méi!

An der „Endphas“ vun der Campagne fir d‘Chamberwahlen, hunn sech d‘Sozialisten e Mëttwoch géint d‘Ausso „De Wahlkampf ass monoton, d‘Parteien ënnerscheeden sech kaum vun enaner“ gewiert. Dës Feststellung géif net op d‘LSAP zoutreffen, an dat ënnermaueren si mat Argumenter.

Esou war et dann och en engagéierten Etienne Schneider, deen am Märeler Park, Neel mat Käpp gemaach huet: „E Sonndeg geet ëm méi wéi d‘Wahl vu Persounen oder Parteien. (…) Et geet hei ëm d‘Wiel tëscht zwou Astellungen: tëscht enger Politik vun Angscht an Schwaarzmolerei, an enger Politik vum optimistesche proaktiven Handelen“.

Hie betount dann och, datt d‘LSAP sech konsequent an zukunftsorientéiert fir méi Gerechtegkeet, méi Chancen a méi Solidaritéit wäert asetzen. A dësem Sënn schwätzt sech d‘LSAP ganz kloer géint eng Reduktioun vun der Betribssteier aus. Den Etienne Schneider weess datt et sech heibäi nëmmen ëm e Steierkaddo handelt, dee CSV an DP den Entreprise maache wëllen.

E Kaddo dee kee Sënn mécht, weder wirtschaftlech nach politesch. De Präis dofir wier héich. Laut der Berechnung vum Wirtschaftsminister, géif dëse „Kaddo“ 600 Milliounen Euro pro Joer ausmaachen. Geld dat d‘LSAP op anerer Plaz gutt gebrauche kann. Esou bei enger weiderer Entlaaschtung vun de klengen a mëttlere Menagen an der Ofschafung vun der Steierklass 1A.

Logement a Mobilitéit

Dat villt Geld kéint och dofir genotzt ginn, am Kader vun der Aféierung vun der 38 Stonne Woch an enger sechster Congéswoch, fir d‘Handwierk an den Handel ze entlaaschten. Zudeem wier et net verkéiert finanzielle Spillraum ze hunn, fir Initiativen am Beräich „Logement“ ze stäipen. An hei ass de Besoin ganz reell. Ouni bezuelbare Wunnraum mécht Wuesstem wéineg Sënn.

A wa vum Logement rieds ass, muss d‘Mobilitéit och ugeschwat ginn. Och hei gëtt sech d‘LSAP selbstbewosst, a betount sech vun den anere Parteien duerch weiderféierend Iwwerleeungen ze ënnerscheeden. Nieft dem Ausbau vun den Infrastrukturen am ëffentlechen Transport an de Verkéiersweeër, gëtt et nach eng ganz Palett u weideren „Alternativen“, déi ee sech ukucke soll.

„Homeoffice“ an déi ugestrieften zäitlech „Verschibung“ vun de Schoulufankszäiten, kann zu enger Entlaaschtung vun der Verkéiersweeër an de Spëtzestonne bäidroen. Et sollt en an dësem Kontext och un dat „autonoomt Fueren“ denken. Bei grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht mat eisen däitschen a franséischen Noperen, kéint de Verkéier bannent 5 Joer duerch 10 gedeelt ginn.

Vollbeschäftegung a Soziales

Déi kuerz- bis mëttelfristeg Prioritéit op aarbechtsmaartpoliteschem Niveau, ass e Chômage-Taux vun ënner 4%. Op dësem Gebitt huet de Nicolas Schmit, Aarbechtsminister a Spëtzekandidat am Osten, Ahnung. Hie seet: „Hannert all Mënsch deen Aarbecht sicht, verstoppt sech e perséinlecht Schicksal, steet eng Famill. Dat dierfe mir ni vergiessen“. An hei wëll d‘LSAP méi erreechen.

Geet et der LSAP no, da soll d‘ADEM zur „Ausbildungsagentur“ ausgebaut, déi berufflech Aus- a Weiderbildung (en zentraalt Uleies vun de Sozialisten) dem Aarbechtsministère ënnerstallt ginn. Zu der Digitaliséierung: „Déi stellt eng Chance duer, dierf awer net unilateral dem Patronat zerguttst kommen“, betount de Nicolas Schmit, dee sech och fir e méi soziaalt Europa asetze wëll.

Fir Sozialversécherungsberäich ass de Romain Schneider, Sozialminister a Spëtzekandidat am Norden, zoustänneg. Hie stellt kloer, datt et mat der LSAP mëttel- a laangfristeg keng 2 Klasse-Medezin wäert ginn. „All Bierger muss onofhängeg vu sengem Akommes déi gläich medezinesch Behandlung erhalen“. D‘Sozialisten halen dann och un der Aféierung vum Tiers-payant fest.

Identitéit dierf keng Fro sinn

Wann et ëm „Identitéit“ a „Mënscherecht“ geet, da schécken d‘Sozialisten de Jean Asselborn, Ausseminister a Spëtzekandidat am Süden, an d‘Rennen. Dat sech d‘LSAP an dësem Beräich däitlech vun deenen anere Parteien ënnerscheet, dat mécht de Jean Asselborn däitlech: „Mënschen ausschléissen, Barrièren opbauen (…) dat ass ee geféierlecht Spill, bei deem mir all Verléieren“.

„Als LSAP stelle mir eis all Form vun Ausschloss entgéint. Mir wëllen ‚inklusiv‘ handelen. Mir wëlle matenaner, zesumme liewen, ouni en Ënnerscheet ze maachen, weder am Bezuch op d‘Sprooch, nach op déi sozial Positioun, d‘Relioun oder déi kulturell Hierkonft“, betount mat iwwerzeegtem Ausdrock den Ausseminister. An wou hie schonn ugefaangen hat, dann nach eng…

„De Problem, dat ass net deen ‚Aneren‘. De Problem dat ass d‘Schéier tëscht Räich an Aarm déi ëmmer wieder ausenaner geet. Hei muss mir als Sozialisten den Hiewel usetzen, an am Géigesaz zu den anere Parteien, déi tatsächlech Problemer upaken“. Dat wier keng liicht Aufgab an eng zolidd Erausfuerderung fir déi ganz Gesellschaft, mee richteg ugepaakt, ass se ze léisen.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Etienne Schneider, Jean Asselborn, LSAP, Nicolas Schmit, Romain Schneider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel