Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Belsch: Iwwer 500 nei Covid19-Infektiounsfäll den Dag
Neiegkeeten

Belsch: Iwwer 500 nei Covid19-Infektiounsfäll den Dag

Entspriechend den Zuelen, déi vun der staatlecher Agence Sciensano virgeluecht

OPYOS GIN – Mir gin(n) dann mol een huelen!
Neiegkeeten

OPYOS GIN – Mir gin(n) dann mol een huelen!

Den Opyos ass zwar nach jonk, vum Goût hir awer

Kosovo: Am Sträit ëm d‘Covid19-Strategie gëtt d‘Regierung gestierzt
Neiegkeeten

Kosovo: Am Sträit ëm d‘Covid19-Strategie gëtt d‘Regierung gestierzt

Et ass wuel net wierklech de beschte Moment, déi kosovaresch

Chamberwahlen: Eng Zukunft déi lëtzebuergesch schwätzt a keng Steiere méi bezilt

Chamberwahlen: Eng Zukunft déi lëtzebuergesch schwätzt a keng Steiere méi bezilt

E Méindeg huet déi Demokratesch Partei (DP) hire leschte Volet am Programm fir d‘Chamberwahle vum 14. Oktober virgestallt. Hei geet et, wéi d‘Presidentin Corinne Cahen, an de Finanzminister Pierre Gramegna erkläert, ëm d‘Wirtschaft an d‘Finanzen.

Konjunkturell betruecht, geet et dem Land gutt, a fir datt dat och esou bleift, sinn sech déi Liberal sécher, datt Lëtzebuerg och weiderhin e staarke Wuesstem brauch. E Wuesstem deen, esou d‘DP-Presidentin, ganz wichteg ass, fir de lëtzebuergesche Sozialsystem ze nohalteg ze sécheren.

De Finanzminister war wéi gewinnt „hie selwer“ an huet op neits säi Bilan verdeedegt. E Bilan deen, och wann e vun der Oppositioun „zerrappt“ gëtt, esou schlecht eigentlech net ass. An de Pierre Gramegna géif dann och gären do weider maachen, wou hien Erfolleger Opweises huet.

Manner Steieren, méi Entrepreneursgeescht

Geet et dem fréiere Chef vun der Handelskummer no, da sollen d‘Menagen an d‘Entreprisen och weiderhi steierlech entlaascht ginn. Hire Programm schwätzt hei eng däitlech Sprooch: „De Bierger steierlech entlaaschten an den Entrepreneursgeescht encouragéieren“.

Déi Liberal, wou sech erfreeën dierfen eng virsiichteg Finanzpolitik bedriwwen ze hunn, weisen op de Spillraum hin, deen de Budget duerch eng gutt a beduechte Regierungspolitik erhalen huet. Laut dem Programm, sollten dann och d‘Familljen an de Mëttelstand steierlech besser gestallt ginn.

Bei der DP verdeedegt een dann och d‘Individualiséierung vun der Besteierung. Et wëll e vum steierleche Privileg, dee bestuete Koppele mat nëmmen engem Akommes bevirdeelegt, ewech kommen, an zu engem „neutrale“ Steiersystem kommen. Dat dann awer ouni eppes ze verléieren.

Steierklass 1A: „Fort domatter“

Am Kontext vun der Steierreform, esou de Finanzminister, ass d‘Steierlaascht vun de Menage ëm 300 Milliounen Euro erofgesat ginn. Et ass dann och de feste Wëlle vun der DP, den Elengerzéier, Singlen a Leit mat mëttlerem Akommes, iwwert e Steierkredit de Réck ze stäipen.

Mee och den Entreprise soll et steierlech besser ergoen. Heibäi geet et an éischter Linn dorëms, den Entreprisen hir Kompetitivitéit ze stäerken. Bei der leschter Reform ass de Steiersaz vun 21 op 18% erofgesat ginn, fir kleng a mëttel Betriber esouguer op 15%.

A wann den affichéierten Taux bei 26,1% läit, dann ass et verständlech, datt déi Liberal dat a Fro stellen. D‘Moyenne vun der OECD, läit schliisslech bei 23%, firwat de Pierre Gramegna sech engagéiert, deem esou no ewéi méiglech ze kommen.

D‘DP verwiert sech dann och Steieren op Ierfschaften an direkter Linn, a huet esouguer wëlles, déi Steierlaascht nach ze reduzéieren. De Finanzminister erënnert och drun, datt d‘DP schonn 2018 déi bestueten oder gepaxte Koppelen, vun der Ierfschaftssteier befreit huet.

Gréng Technologie fërderen

Am Kontext vum Wuesstem, ass dann och fir déi Liberal wichteg, datt een déi richteg Choixen trëfft. Si setzen op d‘Entwécklung vun ekonomesche Modeller mat enger héijer Plus-value a engem groussen Innovatiounspotential. D‘DP wëll deemno och e koordinéierte Wuesstem.

Si setzen, no den éischten Erfolleger vun der „digitaler Industrie“ op d‘Entwécklung vu Lëtzebuerg als „Wëssenschaftszentrum“, a sinn decidéiert esouwuel déi „gréng Technologien“, wéi och déi „kreativ an digital Ekonomie“ – beispillsweis am Beräich Cyber-Sécherheet – ze encouragéieren.

Well een am Internet ronderëm d‘Auer alles kafe ka wat een esou begiert, ass d‘DP gläichfalls decidéiert, eng gréisser Flexibiliséierung bei de Geschäftszäiten anzeféieren. Esou soll den Handel mat senge ronn 50.000 Salariéeën, d‘Chance erhalen sech dem neie Konsumverhalen unzepassen.

An dësem Kontext weist d‘Corinne Cahen drop hin, datt duerch déi systematesch Reduktioun vun der administrativer Laascht fir kleng a mëttel grouss Betriber, esou wéi d‘Offer Terrainen zur Verfügung ze stellen, fir datt déi sech néierloosse kënnen, den Entrepreneursgeescht gefërdert gëtt.

Wéi elo déi demokratesch Partei déi kleng a mëttelstänneg Betriber am Detail begleeden a fërdere wëll, ass net gewosst. Gewosst ass awer, datt d‘DP fir dëse Programmpunkt ëmzesetzen, e staarke Koalitiounspartner brauch. Net ze vergiessen, datt si hei d‘Gewerkschaften erausfuerderen.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Demokratesch Partei, Finanzen, Steieren, Wahlprogramm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel