Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall
Neiegkeeten

Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall

Um Freidegowend war et dann no den Halleffinalle vun den

IndustriAll Global Union: Weltwäit Kollaboratioun tëscht Gewerkschaften an ArcelorMittal?
Neiegkeeten

IndustriAll Global Union: Weltwäit Kollaboratioun tëscht Gewerkschaften an ArcelorMittal?

Zwee Deeg laang huet déi éischt Reunioun vum weltwäite Gewerkschaftsnetzwierk

Japan wëll nees kommerzielle Walfang bedreiwen
Neiegkeeten

Japan wëll nees kommerzielle Walfang bedreiwen

Um haidege Mëttwoch huet Japan säin Ausstig aus der internationaler

Zukünfteg Gestaltung vun Europa am Debat

Zukünfteg Gestaltung vun Europa am Debat

Et war an engem briechend vollen Auditorium vun der Universitéit op Esch Belval, wou de Jean-Claude Juncker mat de Studenten de Sujet „Shaping the Europe of the future“ debattéiert huet. Am fléissende Wiessel tëscht de Sproochen, huet den EU-Kommissiounspresident seng Positioun duergeluecht.

Organiséiert vum neie lëtzebuergeschen Zenter fir zäitgenëssesch an digital Geschicht (C²DH), an Zesummenaarbecht mam Institut Robert Schuman fir europäesch Ugeleeënheeten, der „Fondation du Mérite européen“ an dem Informatiounsbüro vum EU-Parlament zu Lëtzebuerg, hat d‘Konferenz groussen Zousproch bei de Studente fonnt.

An de Jean-Claude Juncker huet sech dann och gewinnt staatsmännesch mat engem „Moien“ un de Public geriicht. Engem Public deem de fréiere Premier och an Erënnerung geruff huet, datt hie keng 600 Meter vun der Universitéit opgewuess ass an dat zu „senger Zäit“ den Uni-Campus nach d‘Gewan war.

A sengem Resumé zu de wichtegsten Erausfuerderungen deenen Europa géinteniwwer steet, huet den EU-Kommissiounspresident de Studente virgerechent wéi den Afloss vun Europa an der Welt an den nächste Joer wäert ofhuelen. Keen EU-Land wier a 25 Joer nach Member vun der G7-Grupp, also de wichtegsten Industrienatiounen. An dat hätt ganz einfach demographesch Grënn.

Zesummen ass ee staark

Hätt Europa nach ugangs dem 20. Joerhonnert ronn e Véierels vun der Weltbevëlkerung duergestallt, esou wier dat haut nach 8%. Laut dem Juncker wieren et 2050 nach 5% an dat eleng wier e gudde Grond innerhalb vun Europa op e gréisseren Zesummenhalt ze drängen.

An der Causa „Katalounien“ huet de Jean-Claude Juncker kloer drop higewisen, datt eng Mediatioun säitens Bréissel ausgeschloss ass. D‘Kommissioun géif nëmmen tëscht de Länner vermëttelen. Dat war de Fall am Sträit tëscht Mazedonien a Griicheland, wou et ëm de Numm gaangen ass. Och bei kléngen Ausenanersetzungen tëscht Noperen um Balkan wier deem esou gewiescht.

Europa

D‘Zukunft vun Europa Gestalten, datt ass virun allem en Optrag deen d‘Generatioune vun haut hunn. Villes, wéi de Studentenaustausch am Programm Erasmus, misst ausgebaut an och fir Kolléisch-Schüler a Léierbouwen a -Meedercher opgemaach ginn. Europa a seng Virdeeler kenneléiere fërdert den Zesummenhalt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Der Onofhängegkeet vu Katalounien kann den EU-Kommissiounspresident näischt Guddes ofgewannen. Dat zouzeloossen oder guttzeheesche géif och aner Regiounen animéieren esou e Schratt ze maachen. En Europa zu „98“ wier net realistesch, gëtt de Juncker ze bedenken a weist drop hin, datt et zu 27 scho räichlech komplizéiert ass.

Politesch Rhetorik

Déi zukünfteg Gestaltung vun Europa gesäit den EU-Kommissiounspresident net an engem „Europa vun den zwou Vitessen“. Dat wier e geféierlecht Konzept an kënnt dem Zesummenhalt net entgéint. Europa misst sech ëmmer zu 27 weiderentwéckelen.

Et kéint just an Ausnamefäll an béi kloer definéierte Sujeten dozou kommen, datt Länner zesummeschaffe wat net jidderee wëll matmaachen. An d‘Beispill huet de Jean-Claude Juncker dann och parat. Den EU-Procureur, deen iwwregens säi Sëtz zu Lëtzebuerg kritt, wier net vun all de Memberlänner ugeholl ginn.

Zum Virstouss vum franséische President, e gemeinsame Budget fir d‘Euro-Zon an d‘Asetze vun engem europäesche Finanzminister, sou ass och hei den EU-Kommissiounspresident net ganz iwwerzeegt. Zu 90% wier een op enger Linn, et ass awer esou datt de Jean-Claude Juncker virun der Komplexitéit vun den „einfachen“ Konzepter warne muss. Zudeem géif et grouss Differenzen tëscht dem Juncker, der Merkel an dem Macron, wann et drëms geet déi virgeluechte Propose mat Liewen ze fëllen.

Foto: D‘Vertrieder vun der Uni an d‘Partner hunn sech mam EU-Kommissiounspresident eng Familljefoto geleescht. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, EU-Kommissiounspresident, Europa, Jean-Claude Juncker, Universitéit Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel