Search

You may also like

Äishockey: Beaufort Knights géint Bulldogs vu Léck
Neiegkeeten

Äishockey: Beaufort Knights géint Bulldogs vu Léck

De Match, deen e Samschdeg um 19:30 Auer ugepaff ginn ass, huet sech

Franséisch an eise Crèchen a Schoulen, erkläert
Neiegkeeten

Franséisch an eise Crèchen a Schoulen, erkläert

Vum Hierscht u soll an alle Crèche souwuel Lëtzebuergesch ewéi

Basket-Welt am Trauer
Neiegkeeten

Basket-Welt am Trauer

Hie war een vun de beschte Basketspiller deen d‘Welt jee

Reaktiounen zum Helmut Kohl sengem Dout

Reaktiounen zum Helmut Kohl sengem Dout

Helmut Kohl, Papp vun der däitscher Wiedervereinegung 45 Joer nom 2. Weltkrich, Fundament vum europäesche Gedanken a längsten Amtszäit als Kanzler (1982-98) am modernen Däitschland ass ee Freideg am Alter vu 87 gestuerwen. Ee Mann deen net nëmme Geschicht ass, mee se och a wäiten Deeler matgeschriwwen huet.

Hie „war ee Gléck fir all déi Däitsch an den Helmut Kohl huet och mäi Liewen op enge entscheedend Aart a Eis verännert“ reagéiert d’Angela Merkel op den Doud vun hirem politesche Mentor. „Hie wäert an eiser Erënnerung als groussen Europäer an Kanzler vun der Eenheet bleiwen“, sot d’Merkel zu Roum, wou si haut eng Entrevue mam Poopst François huet.

De Kohl hat d’Angela Merkel, déi an der DDR opgewuess ass, no der Wiedervereinegung ënnert seng Fittiche geholl. Si huet hien dunn 1999, no verschiddene Kontroversen, aus dem politesche Liewe verdrängt. Esou koum d’Angela Merkel un d’Spëtzt vun der CDU, no enger kuerzer awer hefteger Schluecht innerhalb vun der Partei. De Kohl huet hir dat ni verzeit.

Wei esou oft, war och an dësem Fall déi populär BILD-Zeitung déi éischt, déi d’Nouvelle verbreet huet. Laut dëser Zeitung, där hir Direktioun enk verbonne mam Kohl a senger Famill ass, wier den Helmut Kohl friddlech a sengem Haus zu Ludwigshafen verstuerwen.

Affekot vun Europa

An engem Communiqué vun der Trump Administratioun heescht et „Hie war net nëmmen de Papp vun der däitscher Wiedervereinegung, mee och en Affekot vun Europa an den transatlantesche Bezéiungen (…) säin Ierwe wäert weidergefouert ginn.“ Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres, dee laut sengem Spriecher „sichtlech betraff“ ass, huet ee „perséinleche Frënd“ verluer.

Och de franséische President reagéiert: „Gestalter vun engem vereenegten Däitschland an der däitsch-franséischer Frëndschaft; mam Helmut Kohl verléiere mir ee ganz groussen Europäer“, sot den Emmanuel Macron. De Kohl war mam François Mitterrand, deemolege President vu Frankräich, ee vun den Initiatore vun der wirtschaftlecher EU an der Eenheetswährung.

Zu Bréissel sinn d’Fändelen op Hallefmast gehaange ginn, een besonneschen Tribut an eng Éierung fir den ex-Kanzler. Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, deemools Premierminister wéi den Helmut Kohl Kanzler war, huet sech an engem Tweet matgedeelt: „Dem Helmut säin Doud trëfft mech schwéier. Hie war mäi Mentor, mäi Frënd, d’Essenz vun Europa. Hie wäert batter vermësst ginn“.

Bei der CSV gëtt och dem Helmut Kohl geduecht. „Mam Dr. Helmut Kohl huet eis ee groussen Europäer, däitsche Staatsmann an iwwerzeegte Chrëschtdemokrat verlooss. Hien hat ee groussen Undeel um Opbau vun Europa, dat hien am Geescht vun de Grënnungspappen als Friddensprojet verstanen a gestalt huet. Mat Wäitsiicht, vill Asaz, Kontinuitéit am politeschen Handelen an Iwwerzeegungskraaft huet hien Europa zu neie Perspektive verhollef“.

mam Antoine Lambroshini/AFP

Foto: En Archivbild vum 4. September 1990 weist de Kanzler Helmut Kohl, begréisst vun dausenden DDR-Bierger op der Friddensplaz während der éischter Wahlcampagne an Ost-Däitschland no der Wiedervereinegung. (© Mark-Olivier Multhaup/DPA-AFP)

Related topics Däitschland, EU, Helmut Kohl
Next post Previous post