Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Shutdown: Kee Fortschrëtt a Siicht
https://moien.lu/dating-at-35-years-old/

Shutdown: Kee Fortschrëtt a Siicht

Si haten sech op e „Sommet“ gëeenegt ouni allzevill Erwaardungen

https://moien.lu/bumble-dating-profile/
https://moien.lu/dating-at-35-years-old/

Dës Manga-Zeechnerin enthüllt d’Geheimnisser vum Ischpelter Schlass fir dech

Et ass nach guer net esou laang hier, do wousst

Aus Israel e jiddeschen Nationalstaat gemaach?
https://moien.lu/dating-at-35-years-old/

Aus Israel e jiddeschen Nationalstaat gemaach?

Wat fir déi eng d‘Bestätegung ass, gesinn déi aner als

Zur Lag vun der Natioun: …no der Ried den Debat

Zur Lag vun der Natioun: …no der Ried den Debat

Well de Xavier Bettel a senger Ried zur Lag vun der Natioun, ofgesi vum Klima, net op déi u sech offensichtlech Prioritéite vum Land agaangen ass, huet sech gëschter d‘Oppositioun deene vum Premierminister ausgeloossenen Themen ugeholl. Woubäi si och iwwert dat gesoten „hiergefall“ sinn an esou munch „Pick“ usetze konnten.

Déi éischt Feiler hunn déi chrëschtlechsozial ofgeschoss, an e liicht satireschen Ënnertoun gouf sech hei net verwiert. D‘Fraktiounspresidentin Martine Hansen: „Aus dem Energieministère ass näischt Konkretes ervirgaangen, ausser de Beamten déi sech verfuusst hunn“. Prinzipiell muss der CSV-Fraktiounspresidentin hei gutt gehale ginn, dann dës Attack zimlech fundéiert ass.

Esou stellt si d‘Fro wou se dann all sinn déi versprache Solaranlagen, an iwwerhaapt, firwat et nees nëmme sougenannt Kooperative wieren, déi vum de staatleche Subventiounen dierfte profitéieren, an net d‘Menagen, déi och wéilte Solar-Panneauen op hirem Dag installéieren? Datt dierft mat dem wirtschaftlechen „Imperativ“ ze dinn hunn, deem sech eis Regierung verflicht huet, woubäi…

Interessant dogéint d‘Motioun vun der CSV, an där d‘Regierung invitéiert gëtt bis 2040 dofir Suerg ze droen, datt déi staatlech Administratioun Klimaneutral gëtt. Bei der ADR, wou sech de Gast Gibéryen nach ëmmer net erkritt, esou lamentabel huet hien d‘Ried vum Premierminister empfonnt, versteet een och weiderhin net, datt d‘Regierung um Google-Projet zu Biissen festhält.

Gläiches halen se bei der ADR iwwregens och vum Projet „Jughurtsfabrick“ zu Beetebuerg. Bei déi lénk sinn et d‘Handelsverträg deenen sech Lëtzebuerg uschléisst, déi eng reell Gefor fir de Klima géifen duerstellen, wat net doduerch besser gëtt, datt de Pensiounsfong bal eng hallef Milliard Euro an d‘Verwendung vu fossillen Energien investéiert. Jo dem Klima hëlleft dat elo net wierklech…

Wou war de Logement?

Wann een d‘Engagement géintiwwer dem Klima vun der Regierung net novollzéie kann, esou dierft awer dem Fait, datt de Logement an der Ried zur Lag vun der Natioun bal komplett ausgeblend ginn ass, méi Opmierksamkeet zougewennt ginn. An hei huet den Deputé-Maire Marc Lies (CSV-Hesper) véier Gesetzprojeten an zwou Motiounen deponéiert. Si stëtzt och Virschléi vun de Piraten.

Zum enge wëll d‘CSV d‘Ariichtung vun enger nationaler Steier fir géint d‘Spekulatioun virzegoen, dat besonnesch am Kontext vum „eidele Wunnraum“ an de Bauplazen déi „zréckgehale ginn. Fir déi Jonk soll e Plafong beim Loyer an Héicht vun 10 Euro/M² agefouert ginn, datt begrenzt op fënnef Joer, awer am Zesummenhang mat enger Kaf-Optioun. Op et gutt Iddi ass?

D‘Piraten hunn déi Fuerderung schonn eppes méi laang opstoen a si setzen deem keen Zäitlimitt. Och déi lénk maache säit längerem drop Opmierksam, datt et längst Gesetzer gëtt, déi et méiglech maachen „eidele Wunnraum“ ze taxéieren, just datt sech bis ewell kee getraut huet, de Frënn a Kollegen domatter op d‘Nerven ze goen. An da wonnert ee sech datt d‘Leit ufänken sech ze wieren.

Aus der Fayot-Dynastie kënnt d‘Warnung, datt esou Moossnamen net gëeegent sinn de Bau vun den dréngend benéidegte Wunnenge virunzedreiwen. Wann awer gewosst ass, datt de Gros vun den Terrainen déi bebaut kënne ginn, an den Hänn vu wéinege Familljen an sougenannt Fongen ass, sollt eng Steier, zumindest dëse Leit de Spaass um spekuléiere versauen. Dat wier net verkéiert.

D‘ADR weist nach frëndlech drop hin, datt jo nach en Gesetz unhänglech ass, mat deem den Zougang zu engem Prêt reguléiert soll ginn. Dat an Zesummenhang bruecht mat de „Spekulanten“ géif dozou féieren, datt sech geschwë kee Mënsch méi eng Wunneng leeschte kann. Dat stëmmt, well mëttlerweil kënnen net emol méi Staatsbeamten hir véier Maueren zu Lëtzebuerg leeschten.

Gutt, awer net zu Enn geduecht

Gëschter hunn och d‘Pirate wéi ugekënnegt hir zwou Motiounen agereecht. An enger fuerdert de Sven Clement, datt d‘Regierungsmemberen hir „Deplacementer an déi vun hire Servicer“ duerch de kaf vun Zertifikater sollte kompenséieren. Eng u sech duerchaus éierbar Fuerderung, déi awer net zu Enn geduecht war, an dem Cattenom-Aktivist François Bausch eng Ouverture gebueden huet.

Deen huet dergéint gehalen, an dem jonke Politiker de Dicks gebéit. Esou ass de Minister an dësem Fall eppes verwonnert doriwwer, datt déi Fuerderung sech net un all d‘Membere – also och un d‘Deputéiert – riicht an, wann ee schonn derbäi ass, ob et net richteg wier, datt ënnert allen Deputéierten, et e gewësse Sven Clement wier, deen sech als de reesfreedegste géif presentéieren.

An och déi zweet Motioun: „Schafung vun engem Deontologieskodex fir Lokalpolitiker“ berout op de beschten Absichten, kritt awer vun der Inneministesch och de Wand aus de Flilleke geholl. Si verweist op d‘Reform vum Kommunalgesetz, an deem dat enthale wier. Dat soll dann awer net bedeiten datt d‘Pirate mat hire Fuerderunge falsch léichen, an nach ass jo näischt konkret decidéiert.

Bleift nach op ee liichten Disput tëscht dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser an der Regierung hinzeweisen. Den Oppositiounspolitiker huet den Ausseminister – deen net uwiesend war – als Schutzpatroun vun de Verbriecher bezeechent, woubäi et hei ëm déi lax Asyl- a Migratiounspolitik geet. Dorops wollt d‘Regierung hirer Wee goen, wat u sech verständlech gewiescht wier.

De Vizepremier François Bausch huet vehement a mat ganz vill Engagement de Fernand Kartheiser opgefuerdert sech ze entschëllegen. Dës Méi war vergiewens an de Chamber President, Fernand Etgen, huet esoulaang mam Chamber-Reglement gestridden, bis dëst de richtege Passage offenbaart huet, an hien dem „onfrëndlechen“ Deputéierten eng formell Warnung ausgeschwat huet.

Illustratioun: StefanieWiebach/Pixabay

Ähnlech Sujeten Chamber, Debat, Krautmaart, Oppositioun, Ried zur Lag vun der Natioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel