Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chantier op der A1 vum 28. – 30. Juni 2019
International Neiegkeeten

Chantier op der A1 vum 28. – 30. Juni 2019

Wéi d’Stroossebauverwaltung matdeelt, wäert vun haut, den 28. Juni 20.30

Brexit: eng verhandelt Scheedung no 40 Joer Bestietnes ouni léift
International Neiegkeeten

Brexit: eng verhandelt Scheedung no 40 Joer Bestietnes ouni léift

No laangen a schmäerzvolle Verhandlungen, hunn d‘EU a Groussbritannien e

Dossier Khashoggi: 11 Persoune zu Ryad viru Geriicht
International Neiegkeeten

Dossier Khashoggi: 11 Persoune zu Ryad viru Geriicht

Saudiarabien huet en Donneschdeg bekannt ginn, datt 11 Persounen, déi

Groussbritannien: Parlamentaresch Zwangspaus ass Rechtswiddreg

De „Supreme Court“ zu London gesäit keng Rechtfäerdegung fir esou eng Moossnam

Groussbritannien: Parlamentaresch Zwangspaus ass Rechtswiddreg

D‘Uerteel vum ieweschte Geriichtshaff (Supreme Court) ass eestëmmeg geholl ginn, firwat d‘Paus déi de britesche Premierminister Boris Johnson den Deputéierten operzwénge wollt, Rechtswiddreg ass an de „Congé“ elo annuléiert ass. Elo muss de Parlamentspresident entscheede wéi et weider geet. Vun New York aus huet de BoJo awer schonn emol e méigleche Récktrëtt ausgeschloss.

ZwangspausObwuel de Mann mat de gefleegter Frisur vum Supreme Court den Dicks gebéit krut, bleift hien onbeiirt op Kurs. De Boris Johnson huet sech virgeholl den EU-Austrëtt -ënnert allen Ëmstänn – bis zum 31. Oktober virunzedreiwen a léisst sech dovunner net ofbréngen. „Esou wéi d‘Rechtslag et bis ewell presentéiert, verléisst Groussbritannien d‘EU den 31. Oktober“, esou de BoJo zu New York.

Zwangspaus

Hien ass dann och weiderhin zouversiichtlech, datt hien nach en Ofkommes mat Bréissel erreeche kann an en haarde Brexit ze verhënneren ass. Seng Regierung géif ganz motivéiert dorunner schaffen. E Récktrëtt kënnt net a Fro an de Boris Johnson huet seng Presenz op der UNO kuerz ënnerbrach fir sech mat senge Minister per Telefonskonferenz iwwer déi nächst Schrëtt ze beroden.

Récktrëttsfuerderungen

Kuerz viru Mëtteg haten den déi 11 Riichter vum ieweschte Geriichtshaff eestëmmeg entscheet, datt d‘Zwangspaus en extremen Impakt op d‘Parlament huet, dat esou sengem, vun der Verfassung bestëmmten Optrag, net nokomme kann. Esou déi virsëtzend Riichterin Lady Brenda Hale. Si huet bestätegt, datt d‘Parlament un esou enger wichteger Decisioun muss bedeelegt ginn.

ZwangspausD‘Riichterin huet weider erkläert, datt et sech hei ëm en „eemolege“ Fall handelt, deen et ënnert dësen Ëmstänn nach ni ginn hat, an héchstwahrscheinlech och ni méi wäert ginn. De John Bercow, Parlamentspresident, huet seng Freed iwwert d‘Uerteel net verstoppt, an direkt kloer gestallt, datt d‘House of Commons esou séier wéi méiglech seng Aarbecht nees ophuele muss.

ZwangspausFir de President vun de schotteschen Nationaliste bedeit dat Uerteel awer och, datt de Boris Johnson elo direkt zréckzetrieden hätt. Dësen Avis deelt de Leader vun der Oppositioun, Jeremy Corbyn (Labour) deen sech och geäussert a gemengt huet, datt de Boris Johnson „dee kierzten amtéierende Premierminister sollt sinn deen et jeemools ginn huet“. Esou „einfach“ wäert et awer net ginn.

mat indymedia/lon

Foto: Déi Virsëtzend Riichterin vum ieweschte Geriichtshaff zu London huet dem Boris Johnson seng erzwonge Paus vum Parlament „verkierzt“. Dat soll schonn haut nees siegéieren. © Supreme Court

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, John Bercow, Lady Brenda Hale, Récktrëtt, Zwangspaus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel