Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerger Automobilsbranche am Gléck
another word for dating a girl classified hookup

mit hookup culture

Ugangs September hat de STATEC nach iwwer réckleefeg Verkafszuele beriicht,

https://moien.lu/online-dating-is-hard-reddit/
another word for dating a girl classified hookup

Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt

Et huet nëmme Minutte gebraucht, mee dat schrecklecht Onwieder dat

What the Fakt – Lëtzebuerger Widderstand mat uerge Folgen
another word for dating a girl classified hookup

What the Fakt – Lëtzebuerger Widderstand mat uerge Folgen

Um 25. Februar 1944 sinn 23 Bierger aus Lëtzebuerg no

Regierung éiert d‘Zwangsrekrutéiert zu Tambov

Regierung éiert d‘Zwangsrekrutéiert zu Tambov

No hirem Openthalt zu Moskau, wou de Xavier Bettel an den Etienne Schneider an Handels- a Wirtschaftsfroen ënnerwee waren, war et e Mëttwoch Zäit sech ze erënneren. Mat enger Delegatioun där sech och Zwangsrekrutéiert ugeschloss haten, waren de Premier- an de Vizepremier op Tambov gefuer.

Et war dann och en ergräifende Moment, wéi d‘Gerbe zu éiere vun den a Gefaangenschaft verstuerwene Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten zu Tambov a Kirsanov (Gare vu Rada) beim Monument néiergeluecht ginn ass. E Bild dat sech um internationale Kierfecht a virum Monument fir den onbekannten Zaldot, widderholl huet.

Zwangsrekrutéiert

De Premierminister leet eng Gerbe néier zu éiere vun de verstuerwenen Zwangsrekrutéierte vun Tambov. © ME/SIP

De Xavier Bettel an den Etienne Schneider si bei dëser Geleeënheet och dem Gouverneur vun Tambov, dem Alexandre Nikitin begéint. Bei engem Aarbechtsiessen ass déi politesch Aktualitéit ugeschwat ginn.

D‘Entrevue war awer och emotiounsgelueden. „De Numm vun Tambov ass an der kollektiver Erënnerung vun alle Lëtzebuerger agravéiert a meng Matbierger komme reegelméisseg eis Verstuerwen éieren, affer vun Nazi-Verbriechen“, esou de Premierminister. Hien huet och gewarnt, well „déi Monumenter a Kierfechter vun eise Bouwen, 2.500 Kilometer vun doheem ewech, loossen ee bescheide ginn“, esou de Premierminister.

Zwangsrekrutéiert

Blumme beim Monument um internationale Kierfecht zu Tambov. (v.l.) Den Etienne Schneider, Vizepremier; de Xavier Bettel, Premierminister; den Alexandre Nikitin, Gouverneur vun Tambov an den Jean-Pierre Dohm, Prisonéier zu Tambov. © ME/SIP

D‘Griewer sinn awer och eng Warnung an eng Opmonterung, bis hin zu enger Verflichtung fir eis all. Den Dialog weiderzeféieren an de Kontakt ze erhalen“, ënnersträicht de Xavier Bettel.

Am Kader vun der Russlandrees, huet de Premierminister och un der Ënnerschrëft vum Vertrag mat de Militärarchiven deelgeholl. Bei dëser Geleeënheet huet de Xavier Bettel erkläert: „Ech sinn zefridden, datt mir haut en Accord mat de Militärarchiver vu Russland konnten ënnerschreiwe. Elo ass et méiglech Kopië vun den Dossieren zu eisen Zwangsrekrutéierten, Gefaangener vu Russland um Enn vum Krich, ze kréien“.

Zwangsrekrutéiert

D‘Néierleeë vun der Gerbe um Monument vum onbekannten Zaldot. (v.l.) De Premierminister Xavier Bettel an de Gouverneur vun Tambov, Alexandre Nikitin. © ME/SIP

Et ass och grousse Wäert drop geluecht ginn, d‘Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an der Regioun Tambov ze ënnerhalen an ze verstäerken. De Premierminister huet dann och d‘erhéije vun de Studiëboursse fir russesch Studenten ugeschwat. Eng Moossnam déi am Kader vum Austauschprogramm tëscht Lëtzebuerg a Russland stattfënnt.

Ofschléissend huet de Xavier Bettel den Alexandre Nikitin agelueden, zu Lëtzebuerg d‘Regioun. vun Tambov virzestellen. Dat wier eng gutt Occasioun fir Handelsbezéiungen unzegoen an eng wirtschaftlech Zesummenaarbecht an d‘A ze faassen.

Foto: D‘Monument zu éiere vun de verstuerwenen Zwangsrekrutéierte vun Tambov. © ME/SIP

mam SIP

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Russland, Tambov, Xavier Bettel, Zwangsrekrutéiert
Nächsten Artikel Virrechten Artikel