Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’DP-Fraktioun féiert den Télétravail an
Neiegkeeten Stories

D’DP-Fraktioun féiert den Télétravail an

Duerch d‘Digitaliséierung vun eiser Aarbechtswelt wäerten an Zukunft ëmmer méi

What the Fakt – Den Emblème vu San Francisco gëtt gebaut!
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Den Emblème vu San Francisco gëtt gebaut!

Et muss wuel een iwwerwältegenden Ubléck sinn, wann een déi

Aluedung zur 6er Editioun vum Salon Hifi & Homecinéma
Neiegkeeten Stories

Aluedung zur 6er Editioun vum Salon Hifi & Homecinéma

Et ass een eenzegaartegt Event an der Groussregioun. Hei kritt

Elo ersetzen zwee Covid19-Gesetzer den Etat de Krise

D‘Koalitiounsparteien hunn als eenzeg fir dës Gesetzer gestëmmt – De Widderstand vun der Oppositioun war opportun net awer symbolesch

Elo ersetzen zwee Covid19-Gesetzer den Etat de Krise

Fir datt no der Beendegung vum Etat de Kris net d‘Chaos ausbrécht, well d‘Normalitéit, wéi mir se virum Ausbroch vun der Covid19-Pandemie kannt hunn, net esoubal méiglech ass, war d‘Chamber gëschter noutgedronge gehalen, d‘Gesetzer 7606 & 7607 unzehuelen. Gesetzer déi laut allen an der Chamber vertrueden Oppositiounsparteien esou onprezis sinn, datt d‘Rechtssécherheet net ginn ass.

Dat huet net verhënnert, datt de Mars di Bartolomeo – als Rapporter vum wuel kontroverste Gesetz 7606 – sech mat engem wierklech fundéierte Plaidoyer massiivst fir d‘Zoustëmmung vun den Oppositiounsparteien agesat huet. Seng Behaaptung, datt d‘Chamber trotz Noutstand ëmmer voll a ganz vun der Regierung agebonne soll gewiescht sinn, huet awer scho fir eppes Irritatioun gesuergt.

Et ass wuel richteg, datt sech d‘Presidentekonferenz an d‘Regierung bannent de leschten dräi Méint 18 mol „gesinn“ hunn; et ass och stëmmeg, datt et am selwechten Zäitraum net manner wéi 189 Kommissiounssëtzungen an 21 Plenarsëtzunge ginn huet, wou iwwer 60 Gesetzer ugeholl goufen. Dat war allerdéngs och dem Accord zur nationaler Eenheet geschëlt, ee Fait deen en Roll spillt.

Datt et – bezunn op déi gëschter gestëmmte Gesetzer – och gelongen ass d‘Kompetenze vun der Gesondheets- a Justizkommissioun ze vereenen, dierf ee begréissen, schliisslech ass d‘Zil vun de Gesetzer jo de Relais vun den Noutstandsgesetzer ze iwwerhuelen, a vun engem „Verbuet“ zu enger „ageschränkter Fräiheet“ iwwerzegoen. A wann ee bedenkt wéi séier alles huet misse goen…

Méi Kritik wéi Wuelgefalen

Et ass awer grad dës „Urgence“, oder besser ausgedréckt, dës „Hetz“ déi sech queesch duerch béid Gesetzer zitt, firwat ee frou muss sinn, datt déi nëmmen eng Liewensdauer vun engem Mount hunn. De Claude Wiseler (CSV), deen zwar begréisst, datt vill Awänn vun der Oppositioun zu gudder Lescht berécksiichtegt goufen, woubäi och de Staatsrot eng zolidd Hand ugepaakt huet, kann awer net anescht wéi feststellen, datt den Text esou „schlecht“ ass, datt si deen net stëmme kënnen.

Hien huet drop verwisen, datt d‘Regierung sech glécklech schätze sollt, datt de Staatsrot den Text esou reformuléiert huet, datt dësen iwwerhaapt virgeluecht konnt ginn. An dat ass ganz kloer net der héijer Kierperschaft hir Aufgab. Dofir wier den Text zwar schlussendlech nach ëmmer net gutt, mee entschidde besser, wéi datt eng Regierung – an där fënnef Volljuriste sëtzen – hi kritt huet.

Mee och de Staatsrot huet, laut eegener Ausso, just dat „Grafft“ riicht gediebelt kritt, firwat een dann och just ee puer „Verbesserungen“ notéiere kéint, esou den CSV-Deputéierten. Op et ëm den Tracing, d‘Zwangshospitalisatioun oder de forcéierte Confinement geet, näischt vun all deem wier kloer formuléiert, an awer heescht et, datt d‘Bierger gehale sinn d‘Gesetzer à la Lettre anzehalen.

De Roy Reding bedauert, datt nodeems d‘Bierger am Land vill Efforte gemaach hunn, sech gutt a vernënfteg un d‘Reegele gehalen hunn, d‘Regierung mat dëse Gesetzer d‘Chance verpasst huet, d‘Leit zur Kooperatioun ze animéieren. Mat dëse Gesetzer wier de Risk, de Mënschen d‘Flemm anzedreiwe vill méi héich ass, well keen se wäert verstoe kënnen. „De Bierger schikanéieren ass an dësem Kontext de falsche Wee“, esou den ADR-Deputéierten. Och si hunn dergéint gestëmmt.

Gesetzer

Fir de Marc Baum (déi lénk) ass et net méiglech Texter zouzestëmmen, well d‘Informatiounen déi der Oppositioun zougedroe goufen, keng objektiv Meenungsbildung erlaben. Et wier entspriechend schwéier ofzeweien an eigentlech misst ee scho frou sinn, datt villes vum Dësch ass, wat ganz kloer inakzeptabel war. Trotzdeem bleift den Text bal exklusiv „restriktiv“ an de Schutz vum Bierger ass éischter en „Accessoire“ wéi dann de roude Fuedem. Eng Siicht déi och vun anere gedeelt gëtt.

Esou huet de Sven Clement (Piratepartei) nach emol drun erënnert, datt an enger Demokratie, d‘Fräiheet d‘Reegel ass an d‘Privatioun d‘Ausnam muss bleiwen. Hie stellt net a Fro, datt et Moossname fir den Extremfall brauch, mee esou eppes hätt een dann de Leit esou ze erklären, datt si dat verstinn. Besonnesch wann et ëm d‘Beschneidung vun de Fräiheete geet, muss et kloer sinn.

Hien ass zudeem net glécklech iwwert d‘Behaaptung, datt d‘Oppositioun agebonne gi wier, an dës Texter och hir „Handschrëft“ géifen an sech droen. Villméi hätt et sech esou verhalen, datt säitens der Regierung „informéiert“ gouf, wann d‘Decisioune längst beschloss waren. Hei misst ee scho Frou sinn, datt zumindest minimaalst Grondrechter nees gräifen, firwat ee sech kann enthalen.

Mat sech an der Welt zefridden

Säitens de Majoritéit, déi – esouvill dierf ee virausschécken – d‘Akzenter manner op d‘Texter, wei dann op déi fantastesch Zesummenaarbecht an de Konsens mat der Oppositioun bezunn hunn, war, ofgesi vun der Motioun zur Reform vum 1980 Gesetz (an deem de Volet Zwangshospitalisatioun behandelt gëtt) vill Onverständnis fir d‘Analys vun der Oppositioun, bezunn op d‘Texter ze héieren.

Dat soll net bedeiten, datt dem Gilles Baum (DP) seng Feststellung, datt am Vott vun dësen Texter um Virowend zu Nationalfeierdag vill Symbolkraaft stécht falsch ass. Wéi awer dës Gesetzer, déi wann se da vu Bierger sollte gelies ginn, sollen interpretéiert ginn, konnt den Deputéierten net erläuteren. De Goerges Engel (LSAP) begréisst, datt nom Etat de Kris d‘Chamber nees voll a ganz d‘Suitte um legislative Plang encadréiere kann a weist drop hin, datt de Schutz muss Virrang hunn.

Seng Ried gouf vu villen Tëscheriff begleet, wat awer och dem Fait geschëlt ass, datt hie ganz oppen d‘CSV kritiséiert huet, déi jo awer ganz aktiv un dësen Texter matgewierkt hätt, déi si elo net géife stëmmen. En „Nee“ wier absolut onverantwortlech, esou den LSAP-Fraktiounspresident, dee wuel Versteesdemech fir eng Enthalung gehat hätt. Dat huet eng Interventioun vun der CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen mat sech bruecht, déi dem Sozialist de bass gehalen huet.

Och d‘Fraktiounspresidentin vun déi gréng, Josée Lorsché, huet sech drop konzentréiert der Regierung de Réck ze stäipen a huet ee ganz positive Bilan gezunn. D‘Demokratie hätt gutt funktionéiert an net ënnert dem Etat de Kris gelidden. D‘Aarbechtsopdeelung tëscht Regierung a Chamber wier deemno virbildlech gewiescht an et hätt een zu all Ament d‘Méiglechkeet gehat anzegräifen. Dat wier erwisenermoossen de Beweis dofir, datt de Konsens bestanen hätt.

GesetzerAn egal wéi gutt oder schlecht dës Gesetzer sinn, hiren Appell un d‘Bierger sech un d‘Gesetzer an d‘Recommandatioune vun der Regierung ze halen, bedierf kenger Kritik. An och hir Partei well eng Reform vum 1980er Gesetz virundreiwen. En digitalen Tracing kënnt och weiderhin net a Fro, an de Verweis vun der CSV, datt déi däitsch APP dateschutztechnesch onbedenklech ass, a mir och esou sollten hunn, konnt d‘Josée Lorsché mat zolitten Argumenter zréckweisen.

D‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) där hire Krisemanagement net a Fro gestallt ginn ass – d‘Kommunikatiounsstrategie vun der Regierung dofir ëm esou méi – ass zouversiichtlech, datt wann d‘leit sech weiderhi virbildlech behuelen, och den Après-Kris sollt gutt ze geréiere sinn. Si huet ze bedenke ginn, datt d‘WHO rezent op nei beonrouegend Evolutiounen higewisen huet.

Tatsächlech sollt sech elo och jidderee bewosst sinn, datt eng zweet Well komme wäert. Et gëtt Plazen op der Welt do ass et schonn de Fall an mir sollten net mengen, datt mir dovunner géife verschount bleiwen. Dofir muss alles esou gereegelt ginn, datt een d‘Moyenen huet deem esou ze begéinen, ouni op en Neits mussen an de Noutstand-Modus zréckzefalen. Déi wirtschaftlech Folge vun engem zweete Lockdown wieren esou wäitreechend, et wëll ee sech et net ausmole mussen.

Wat d‘Komplexitéit vun de Gesetzer ugeet, esou sollen allen Froen um Internetsite vun der Regierung ënnert der Rubrik „FAQ‘s“ (Oft gestallte Froen) zäitno eng (verständlech) Äntwert zougefouert kréien. Dës Gesetzer, wieren awer absolutt noutwenneg fir weiderhin a besonnesch wéinst de Gefor vun enger zweeter Well, handlungsfäeg ze bleiwen. Dat ass esou och richteg.

D‘Justizministesch Sam Tanson (déi gréng) versteet déi vill Kritik, déi bezunn op déi privativ Punkten hire Berechtegung hunn, weist awer drop hinn, datt déi nëmmen als leschte Recours sollen ëmgesat ginn. Et hätt een alles dru gesat den „Zwang“ besser ze encadréieren an dës Léisung wier wäitaus méi zefriddestellend wéi d‘Applikatioun vum 1980er Gesetz. An och dat ass richteg.

Illustratioun: © Chambre des Députés/Flickr

Ähnlech Sujeten Chamber, Covid-19-Gesetzer, Etat de Kris, Nei Normalitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel