Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De kuerze Sommet vu Stockholm
International Neiegkeeten

mv dating

Um Sommet vu Stockholm, sollten sech Nordkorea an d‘USA no

https://moien.lu/heart-dating-login/
International Neiegkeeten

D‘CSV setzt bei den Europawahlen op eng jonk Equipp

Nodeems de Frank Engel als President vun der CSV net

Spuenien: Méintelaang verhandelt an awer keng Regierung zustane kritt
International Neiegkeeten

Spuenien: Méintelaang verhandelt an awer keng Regierung zustane kritt

Vum spueneschen Haff ass matgedeelt ginn, datt den amtéierende Ministerpresident

Zwee „Dommer“ ee Gedanken

US-President erkennt per Dekret d‘Golanhéichten als Deel vun Israel un

Zwee „Dommer“ ee Gedanken

E Méindeg huet den Donald Trump en Dekret ënnerschriwwen, mat deem d‘USA déi syresch Golanhéichte formell Israel zouerkennen. Domatter huet sech dem israelesche Premierminister, Benjamin „Bibi“ Netanyahu seng Visite beim 45. US-President ausbezuelt.

Während den UN-Sécherheetsrot déi lescht Woch, Israel mat enger Resolutioun opgefuerdert huet mam Bau vun de Siidlungen an annektéierte Gebidder opzehalen, war de Mike Pompeo op Besuch, a war als éischten Diplomat bei d‘Klomauer begleet ginn. Bei dëser Geleeënheet huet den Donald Trump getweet, datt et no 52 Joer un der Zäit, Israel déi annektéiert Golanhéichten zouzegestoen.

Dekret

© White House

Elo ass dat ganzt dann och offiziell. Den US-President huet déi annektéiert Gebidder formell als israelescht Staatsgebitt unerkannt. Eng entspriechend Proklamatioun ass am Bäisinn vum Benjamin Netanyahu, natierlech mat enger Zeremonie, ënnerschriwwe ginn. Deen huet sech erfreet gewisen, datt him déi 1981 eruewert Gebidder endlech gehéieren, an d‘Blohelmer elo och kéinten ofzéien.

D‘Golanhéichten, déi historesch betruecht zu Syrien gehéieren, waren am Krich vu sechs Deeg (1967) besat ginn, an nom „Jom Kippur“ Krich endgülteg annektéiert ginn. Op der Plaz si vun der UNO Blohelmer stationéiert ginn, fir d‘Anhale vum Waffestëllstand ze iwwerwaachen. Hei huet et dann och eréischt duerch de syresche Biergerkrich, nees signifikant „Aktivitéite“ ginn.

Dekret

Fir Israel ass den 1.150 Quadratkilometer grousse Biergplateau vun essentieller Bedeitung: deen huet eng militär-strategesch Roll ageholl, well déi „natierlech Grenz“ déi de Golan mat sengem Plateau duerstellt, eng Aggressioun behënnert. An et d‘Golanhéichte verbierge wichteg Ressource, wourënner d‘Waasser déi wichtegst dierft sinn. Vill Grënn also, dat eruewert behalen ze wëllen.

Souveränitéit? Drop geschass…

Natierlech geet Damaskus op d‘Barrikaden, a „kritiséiert“ dem Milliardär seng Entscheedung ganz schaarf. Méi ass net dran, an et dierf een dovunner ausgoen, datt et och beim „beleidegte Gesiicht“ bleift. Dem Assad säi russesche Partner protestéiert zwar mat, woubäi et Moskau ganz geleeë kënnt, datt den Donald Trump Israel d‘Golanhéichte „schenkt“. D‘Zukunft vun der Krim ass elo russesch.

A während sech am syreschen Ausseministère lamentéiert gëtt: „Dat ass en abscheilechen Ugrëff op d‘Souveränitéit an d‘Integritéit vu Syrien“, versicht och déi arabesch Liga (LAS) den Androck oprecht ze erhalen, si wiere veriergert. Zu New York, bei de Vereenten Natiounen, ass een och net erfreet. Mee den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet keng Moyenen sech deem ze erwieren.

Dekret

Den US-Vizepresident Mike Pence an den israelesche Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu. Zwee déi wuel un ënnerschiddlech „Bicher“ gleewen, soss awer zimlech aus dem selwechten Holz geschnidde sinn. © White House

Vun tierkescher Säit gëtt de Virfall genotzt fir nees op sech opmierksam ze maachen. Esou e Kaddo, wou engem erlaabt sech de schéine Männchen ze maachen, där kritt de Sultan vun Ankara net all Dag gemaach, a schonn emol guer net vun Donald Trump. Seng Aussoe sinn awer irrelevant, well antisemitesch a beleidegend. Déi latent Feindséilegkeet tëscht Ankara a Jerusalem huet Traditioun.

D‘Europäer – deene mat zimlecher Sécherheet wéineg un de Golanhéichte geleeën ass – hunn wéi gewinnt kee gemeinsame Standpunkt. Oder wéi léisst sech erklären, datt d‘Veruerteelung duerch d‘EU-Kommissioun, nach emol eegestänneg vun Däitschland, Frankräich a Groussbirtannien muss widderholl ginn? Deene geet ëm Geltung, well Agräifen oder Sanktioune géint Israel gëtt et net.

mat indymedia/was/tlv/bru

Foto: Mat senger „Ënnerschrëft“ huet de 45. US-President Donald Trump, als éischte Staatschef enger anerer Natioun d‘Annexioun vu frieme Staatsgebitt legitiméiert. E Prezedenzfall, dee vu Moskau mat grousser Opmierksamkeet verfollegt gëtt. © White House

Ähnlech Sujeten Benjamin Nehanyahu, Dekret, Donald Trump, Golanhéichten, Israel, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel