Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schwéiert Äerdbiewen an der Tierkei fuerdert Mënscheliewen
Neiegkeeten

Schwéiert Äerdbiewen an der Tierkei fuerdert Mënscheliewen

Bei engem heftegen Äerdbiewen an der Osttierkei si mindestens 18

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 19. Juli 2020
Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 19. Juli 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

Wier déi lénk eng Ratingsagence…
Neiegkeeten

Wier déi lénk eng Ratingsagence…

Et war dee selwechten idyllesche Kader wéi am leschte Joer,

Zwee Frënn, en Tandem an eng Missioun

Dës zwee jonk, engagéiert Männer setzen sech fir Déieren, d'Natur a Mënschen an. Si fäerte keen Aventure a si sportbegeeschtert. Ausserdeem sinn si esou motivéiert, datt si sech nach Jore beschäftege kënnen. An dat fir e gudden Zweck!

Zwee Frënn, en Tandem an eng Missioun

De Gilles an de Pier sinn d’Grënner vum Lët’z Fetz Projet an der gemengnëtzeger ASBL mam nämmlechten Numm. Vun elo ass hiert Zil, all Joer eng nei Organisatioun, e Veräi fir e gudden Zweck auszewielen, fir déi d’Frënn et wichteg a richteg fannen ze spenden – klengen, groussen, sozialen, sportlechen, kulturellen a sportlech Associatiounen.

Hiert Markenzeechen ass en Scirocco, en ass hiert éischt Transportmëttel a Maskottchen. De Freiden, den 21 August starten si mat hirem Tandem. De Projet gouf zesumme mat Natur&Ëmwelt op d’Been gestallt – Dir kënnt si gäre mat enger Spend ënnerstëtzen.

  • Bankkonto:
  • LU26 0019 5355 9671 9000
  • BCEELULL
  • (All Spend ab 50€ gëtt mat engem vegane Sticker vun hirer ASBL belount.
  • Oder via Paypal
  • https://www.paypal.com/paypalme/letzfetzasbl

Zil vum Projet ass et e Fiichtgebitt am Riedergrënn zu Ell ze amenagéieren.

D’Redaktioun huet de Sportler e puer Froe gestallt:

Wou huet dann alles säin Ufank fonnt? Gouf et en Ausléiser?

Alles huet säin Ufank fonnt, dat war Enn 2018. Wou mir aus enger spontaner Laun eraus decidéiert hunn um Pothole Rodeo deel ze huelen, eng Autosrallye duerch Osteuropa. Konditioune vum Rallye waren dass den Auto mindestens 20 Joer al huet misse sinn an och net méi wéi 500 € huet kaschten dierfen. Séier ass aus der spaasseger Iddi e seriöe Projet fir de gudden Zweck entstanen, mat Sponsoren a ville Leit déi eise Projet suivéiert hunn.

De Succès, de Spaass a d’Challenge dee mir d’lescht Joer mat eisem Projet haten, esou wéi och de schéine Montant vu bal 5000 € dee mir dono un „Mir wëllen iech ons Heemecht weise“ spende konnten, hunn eis esou motivéiert dass mir dëst Joer d’Lëtz Fetz ASBL gegrënnt hunn. Eng ASBL, déi Zil huet all Joer grouss a manner grouss Projete fir de gudden Zweck ze organiséieren.

Frënn

© Lët’z Fetz Asbl

Duerch de Covid19 sinn all eis Iddien natierlech ausgebremst ginn a mir haten am Fong guer net méi domat gerechent dass dëst Joer iwwerhaapt nach eppes méiglech wär. Mir sinn allen zwee awer, wéi sou munch aneren och vill Vëlo gefuer. Sou dass dunn no der Oplockerung vun der Situatioun sech spontan d’Iddi entwéckelt huet mat engem Tandem ze fueren a wisou net och ob d’Belsch Plage, ass bestëmmt net esou wäit …

D’Iddi an d’Kafe vum Vëlo ass alles innerhalb vun 3 Deeg geschitt, esou dass mir ouni grouss no ze denke bemol Besëtzer vun engem 35-40 Joer alen Hollänneschem Tandem waren. An och innerhalb kuerzer Zäit, 2 Méint fir genau ze sinn, de Projet Lët’z Fetz Tandem (Na)tour opgebaut hunn.

Mam Tandem duerch d’Land fuere fir Spenden ze sammelen? Firwat? Wisou?

Déi ursprénglech Iddi déi jo elo nach ëmmer de groussen Deel vun der Rees ass war esou kuerz wéi méiglech ob d’Belsch Plage ze fueren, geschätzt +- 400 km. Duerch zesumme schaffe mat Natur & Ëmwelt, eise Partner a Spendenempfänger vun dësem Joer, an d’organiséiere vun eisem Projet „Lët’z Fetz Tandem (Na)tour huet sech dunn eng aner Stréckeféierung erginn.

De Projet huet an enger éischter Phase als Haaptzil ee Fiichtgebitt/Biotop, deen zu Lëtzebuerg am meeschte bedreete Liewensraum, mam Numm “ „Riedergrënn“ zu Ell ze amenagéieren. D’Spende ginn ënnert anerem benotzt fir d’Waasserflächen ze ënnerhalen an ee „Lehrpfad“ fir Edukativen Zwecker deen an d’Jore komm ass rëm ob ze wäerten. Spéider soll dat Gebitt vergréissert an an Zesummenaarbecht mam ORT en flotte Wanderwee entstoen.

Secondaire Zieler vun eisem Projet sinn allgemeng Opmierksam- a Reklamm maachen ob d’Wichtegkeet vun Naturschutzgebidder hei am Land. An awer och an der grouss Regioun. Dofir fuere mir och elo 600 km an net wéi ursprénglech geplangt 400 km. Mir fueren zu Lëtzebuerg 4 Naturschutzgebidder un a jee no Form vun de Been an der Belsch nach eng Kéier 8 weiderer. An der Hoffnung esou ob en wichtegt Thema, den Naturschutz, speziell dee bei eis an der Géigend opmierksam ze maachen.

Huet all neie Projet mam Vëlo ze dinn?

Nee net onbedéngt. Mir hunn als ASBL jo opgehalen an all Richtung kënnen ze goen. An mir sinn ëmmer motivéiert e bëssi méi speziell Saachen ze maachen, och ouni Auto oder Vëlo. Allerdéngs schenkt sech en Trend ze entwéckelen dass mir eis all Joer en néit Fortbeweegungsmëttel zou leeën. D’lescht Joer war et en ale VW Scirocco dëst Joer en alen Tandem, mol kucke wat mir an Zukunft nach fir Iddien hunn.

Ären Tuer geet de Freiden un, wat erwaart oder erhofft Dir Iech?

Wat mir erwaarde wësse mir nach net genau, mir loossen eis iwwerraschen esou wéi och d’lescht Joer, mir haten och esou vill ze dinn mat der Virbereedung, dass mir nach net vill doriwwer konnten no denken. Mir wëssen dass et extrem ustrengend gëtt mat nëmmen 3 Gäng 600 km duerch d’Ardennen a 7 Deeg bis ob d’Belsch Plage ze fueren.

Mir erhoffen eis dass mir gutt viru kommen, net ze vill Problemer ënnerwee kréien an natierlech, dass mir mat eiser Spezieller a ganz sportlecher Aktioun d’Leit areechen an ënnerhale fir se sou ob dat wichteg Thema Naturschutz opmierksam ze maachen. Mir wäre stolz wann mir mat eisem Projet dëst Joer och erëm esou en schéine Spende Montant zesumme géife kréien.

Ass vill Ënnerstëtzung do?

Mir si ganz frou dëst Joer mat Natur&Ëmwelt zesummen ze schaffen, do kënnt extrem vill Ënnerstëtzung wat de Projet ugeet. Och ob eis Kolleege vum Kamellebuttek, déi eise Vëlo esou wéi d’lescht Joer de Scirocco zu engem richtege Konschtwierk verschafft, gesprayt hunn, ass ëmmer Verlooss

Frënn

© Lët’z Fetz Asbl

An natierlech wéi och d’lescht Joer kënne mir eis ob ganz vill Léit verloossen déi eis an alle Formen ënnerstëtzen. Eise Merci geet virun allem un eis Partner, Famillen a Kolleegen déi ëmmer rëm begeeschtert hëllefen an och vill Zäit mat eis investéieren dass eis Projet en Erfolleg ginn. All eis Aktivitéite kënnt dir ob Facebook Instagram oder eiser Internetsäit suivéieren, dir fannt eis ëmmer ënner Lët’z Fetz asbl. Mir poste vill an dir sidd ëmmer um Courant wat mir grad maachen.

Wichteg fir eis ass och nach ze erwänen dass 100 % vun de Spenden déi bei eis erakommen och gespent ginn. Reeskäschten, Iessen a Material finanzéiere mir alles mat eiser privater Kees.

Ass et schwéier sech openeen ze verloossen – wann de Vëlo en Tandem ass?

Dat gi mir oft gefrot mee domat hunn mir iergendwéi kee Problem. Am Ufank war et e bëssi wackeleg an et huet een sech missen dru gewinnen. Mee no mëttlerweil 130 Test Kilometer ass dat schonn eng Routine ginn. Mir wiesselen eis och reegelméisseg of esou dass d’Verantwortung och ëmmer opgedeelt gëtt.

Dat ass wuel awer och drop zeréck ze féieren, dass wann een Zesummen e Projet gemaach huet wou een a 16 Deeg mat engem Auto ouni Airbag an Assistenzsystemer deelweis 19 Stonnen den Dag an am ganzen 8.272 km iwwert de Balkan gefuer ass, keng grouss Vertrauensproblemer méi huet.

Da bleift nëmmen nach eppes ze soen:

Bonne Route!

Ähnlech Sujeten Gilles, Lët'z Fetz, Natur an Ëmwelt, Pier, Scirocco, Spendenaktioun, Tandem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel