Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E Fënneftel vun de Lëtzebuerger fëmmt a virun allem bei de Jonken ass den Tubak beléift
Neiegkeeten Stories

E Fënneftel vun de Lëtzebuerger fëmmt a virun allem bei de Jonken ass den Tubak beléift

Laut enger Ëmfro vun der Fondation Cancer fëmmen 21% vun

Weess du, wien an dëse Gemenge Buergermeeschter ass?
Neiegkeeten Stories

Weess du, wien an dëse Gemenge Buergermeeschter ass?

2017 ware Gemengewahlen an op ville Plazen huet sech eppes

Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!
Neiegkeeten Stories

Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!

Vergaangene Samschdeg kruten um Rock the South véier Lëtzebuerger Bands

Zwee grénger an Erklärungsnout

De geheime Casier a wat d‘Ministeren derzou soen...

Zwee grénger an Erklärungsnout

No der Sëtzung vun der Sécherheetskommissioun ass d‘Lag net besser ginn, an dobäi haten sech de Justizminister, Félix Braz (déi gréng), wéi och de Minister fir Bannesécherheet, François Bausch (déi gréng) gutt op d‘Froe virbereet. D‘Oppositioun awer konnten si rassuréieren.

Am Kontext zum Dossier dee mëttlerweil als „Casier-bis“ verkläert gëtt, haten déi CSV-Deputéiert Laurent Mosar a Gilles Roth eng schrëftlech Fro agereecht, déi am Delai op sechs Säite beäntwert ginn ass. Mee d‘Kand war an de Buer gefall an et ass eng Sëtzung agefuerdert ginn. Déi ass dann och gëschter Mueren ofgehale ginn. Erauskomm ass: „Hei brauch et eng Enquêtëkommissioun!“

„Wou dréckt de Schong?“ freet sech den opgekläerte Bierger, deen, och wann hie sech sécher wéineg Gedanken driwwer gemaach sollt hunn, eigentlech längst weess, datt de Staat och un den Daten a „klenge“ Geheimnisser vu senge Bierger interesséiert ass. An esou gëtt et nieft dem „Casier“ (deen aus dräi Volete besteet) och eppes wéi e „Back-up“, deen elo net méi ganz esou geheim ass…

Opgeflunn – wann een dat esou nenne kann – sinn déi illegal Aktivitéite vu Justiz a Regierung, nodeems ee Kandidat fir eng Carrière am Justizwiesen, Valentin Fürst, seng Demande refuséiert kritt huet, well et do „Informatiounen“ iwwert seng Vergaangenheet ginn huet, déi wuel ni viru Geriicht gelant sinn, awer an engem Dossier iwwert d‘Joren ewech gutt opgehuewe goufen.

Kee Vull fir d‘Kaz

An op den Alarmknäppchen huet keen aneren, wéi den allsäits bekannten a beléifte Kregéiler, den Affekot Maître Gaston Vogel, gedréckt. Domatter war de Won an d‘Rulle geroden, a wien de Maître kennt, dee weess, dat gëtt kee Kannergebuertsdag. Recht huet hien, an et ass iwwerdäitlech, datt et heizou eng politesch Decisioun brauch. Dat ass net einfach, well eigentlech gëtt et de Casier jo net.

Wat bis nach viru kuerzem „dat normaalst vun der Welt“ war, a vun deem auszegoen ass, datt et och net verschwanne wäert, féiert elo zum Dissens tëscht Regierung an Oppositioun. Esou wéi et vum Gaston Vogel duergestallt gëtt, berout esou e „Casier“ op kenger legaler Grondlag, a seng Analys vun den Äntwerten, géif de Skandal eigentlech nëmme bestätegen. Hie léisst net labber…

Seng schrëftlech Notiz vermierkt, datt d‘Police ouni rechtlech Grondlag esou gutt wéi méiglech hir Informatiounen (Rapporten an Avisen) archivéiert hunn, an en Archiv ass jo och geduecht fir eppes méi laang Bestand ze hunn. Datt een déi Informatiounen elo net „offiziell“ benotzen dierf, well dat och strikt illegal ass, dat mussen se alleguerte gewosst hunn. Mee ee Feeler an alles flitt op.

Wat en Trallala

Eigentlech misst een doriwwer laachen, wann zwee Ministere bestätegen datt et dëse Casier gëtt. Dat vergeet engem awer spéitstens dann, wa gewosst ass, datt eng 2.000 Polizisten (OPJ) an dësem net existente Casier hir Nofuerschunge verdéiwen an nei Informatiounen aspeisen. Total illegal awer net ufechtbar, zumindest wann ee sech richteg uleet a weess wéi ee mat Informatiounen ëmgeet.

Wann dann de Felix Braz an de François Bausch dann awer affirméieren, datt d‘Gesetz vum August 2018, am Bezuch op den Dateschutz fir perséinlech Donnéeën zukünfteg déi legal Grondlag vun dësem „Casier-bis“ duerstellt, dierf ee verwonnert sinn. Wéi kann et e legale Kader fir eppes ginn dat et eigentlech guer net gëtt? Zudeem ass am Gesetz esou eng Datebank guer net ernimmt ginn.

Fir den Deputéierte Gilles Roth kann dëse „Problem“ nëmme mat engem spezielle Gesetz geléist ginn. Hei muss d‘Ofspäichere vun den Informatioune méi strikt encadréiert ginn  an och d‘Zuel vun de Persounen déi drop zougräifen dierfen, sollt „iwwersiichtlech“ bleiwen. Den net méi geheime Casier schéngt op mannst bei der CSV net de skandaléisen Touch ze hunn, deen den Affekot him ginn huet.

Dat héiert net op

Den ëmstriddene Casier bleift eis, egal wéi mir eis dréinen a kéieren, bestoen. Fréier war et d‘Angscht virun de Kommunisten, haut ass et den Terror deen esou eng Datebank „noutwenneg“ mécht. Si soll jo eigentlech just zu informativen Zwecker genotzt ginn an net „offiziell“ als Informatiounsquell genannt ginn. Dat gesäit de Maître Vogel eppes anescht an huet natierlech absolut Recht domatter.

Begrënnen deet hien dat esou: „Informatiounen iwwert eng Persoun, Rumeuren déi kolportéiert ginn an/oder Verdachtsmomenter déi sech net bestätegen – also eng Affär déi um Enn zu kengem Resultat féiert – awer d‘Éier vun enger Persoun ugräifen, fir dann an engem geheime Fichier klasséiert ze ginn an et da Jore méi spéit virgehäit ze kréien, dat féiert derzou datt et kee Grond méi iergendengem ze vertrauen, och oder grad wann et ee vun der Police Judicaire (OPJ) ass“.

Dat baséiert um Fait datt an dësem „Casier“ Informatiounen enthale sinn, déi explizit repressiv sinn an eigentlech nëmmen de Geheimdéngscht op dësen „zentrale Fichier“ zougräife sollt. Woubäi dës Informatioun alles anescht wéi berouegend ass. Laut dem streideregen Affekot géifen d‘Protokoller an d‘Rapporten och dann archivéiert, wann eng Persoun fräigeschwat gëtt. Ass jo geheim…

Eng Sauerei sonnergläichen

Wann dann eng Persoun vun engem Geriicht fräigeschwat gëtt, d‘Virwërf awer weider an engem heemlechen Dossier op „Weiderverwäertung“ waarden, ass et eng Sauerei sonnergläichen. An dat ëmsou méi, wann dëse „Fräisproch“ – aus wellechem Grond och ëmmer – dësem Dossier net méi bäigefüügt gëtt. Fir d‘Police bleift déi inkriminéiert Persoun dann zumindest „verdächteg“.

Dat widdersprécht net nëmmen nationalem Recht. Fir den Affekot léisst sech dat net verhandelen: „All Mënsch muss d‘Recht hunn, sech géint Informatiounen déi iwwert hien néiergeschriwwe gi mat engem Widdersproch ze verdeedegen. Dat besonnesch dann, wann dës Informatiounen heemlech gesammelt ginn, an eng Kontroll faktesch onméiglech ass. Esou een Dossier muss der Regel vum ‚absolute Vergiessen‘ ënnerworf sinn, also integral geläscht ginn“, esou de Maître.

Wéi awer kann ee mat enger Praxis, déi et zanter engem Joerhonnert gëtt an un déi sech déi genannte Service gewinnt hunn, ophalen? Guer net, muss ee soen, well och obsolet Informatioune bleiwen Informatiounen. Hannert dem Rideau muss dann elo no Mëttel a Weeër gesicht ginn, wéi dat Geheimt och geheim bleift. Et wier dann ubruecht, och entlaaschtend Material opzehuelen.

De Schock sëtzt déif

No enger ustrengender Sëtzung huet den CSV-Deputéierte Gilles Roth kloer gemaach, datt déi ganz Saach vill méi wäit geet, wéi dat op den éischte Bléck den Uschäin hat. Et hätt een net gewosst datt et esou eng „Datebank“ gëtt an et wier ongeheierlech, datt esouvill Persounen Zougrëff drop hunn. Hien ass dann och schockéiert, vun der Virstellung, datt bei enger einfacher Verkéierskontroll, de Polizist op der Zentral (RIFO) all dës Informatioune soll ofruffe kënnen, och bei Mannerjäregen.

Als Oppositiounspolitiker huet de Gilles Roth natierlech absolut Recht, déi vollstänneg Transparenz ze fuerderen an ze verlaangen, datt déi Verantwortlech alles op den Dësch leeë sollten. Géif dat net behäerzegt, misst eng Enquêtëkommissioun aberuff ginn, esou den CSV-Politiker. Hei dierf een ze bedenke ginn, datt de Gilles Roth an de Laurent Mosar keng politesch „Ufänger“ sinn, firwat et muss erlaabt sinn, hinnen de Spigel virzehalen. Dëse Casier gëtt et schliisslech scho méi laang.

A mat „méi laang“ sinn déi gefillten honnert Joer CSV-Regierung gemengt. Et wier jo och bosseg, wann dëse geheime Casier ëmmer dann, wann d‘Regierung vun der CSV geleet ginn ass, ausser Kraaft gesat gi wier. Gutt deem ass net esou, mee esou eng gelleg Geleeënheet der Regierung d‘Box bis op Knéien erofzezéien, bitt sech der Oppositioun elo och net grad all Dag. Also: Affär à suivre?

Illustratioun: Chris Stermitz/Pixabay

Ähnlech Sujeten Casier, Felix Braz, François Bausch, Gaston Vogel, Geheim, Gilles Roth, Laurent Mosar, Sécherheetskommissioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel