Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Houere Miel, gëtt houere Paangech
Neiegkeeten Stories

Editorial: Houere Miel, gëtt houere Paangech

Eigentlech interesséiert et keen an awer kritt jiddereen et mat.

tongue
Esch Uelzecht: ArcelorMittal dréit mat Gewalt géint eng symbolesch Aktioun
Neiegkeeten Stories

Esch Uelzecht: ArcelorMittal dréit mat Gewalt géint eng symbolesch Aktioun

D‘Ukënnegung vun enger symbolescher Aktioun am Schlassgaart, schéngt de Verantwortleche

UniGR: iwwert d‘Grenzen eraus…
Neiegkeeten Stories

UniGR: iwwert d‘Grenzen eraus…

Gutt Nouvelle vun der Bildungsfront: zum 1. Januar lancéieren déi

Bom Caminho! Zwee Jugendlecher um Jakobswee

Bom Caminho! Zwee Jugendlecher um Jakobswee

Et geet ëmmer dem giele Feil no Richtung Santiago de Compostela. Mëtt August hunn zwee jonk Meedercher sech op de Jakobswee gemaach. An 11 Deeg sollt et vu Porto bis bei d’Kathedral vu Santiago goen. Op si hiert Ziel erreecht hunn kënnt Dir a folgender Story liesen.

16.August 2018, 5 Auer moies – déi grouss Rees fänkt un, mam Fliger geet et op Porto. An der portugisescher Stad ass een Dag Sightseeing ageplangt bis de sportlechen Deel ufänkt. Et muss een jo schliisslech och e bëssen eppes vun der Welt gesinn, woubäi een Dag Porto awer déck duergaangen ass.

Fréi ass et dunn endlech lass gaangen. De Rucksak war schwéier a voll gepaakt, mee si ware richteg motivéiert – dat sollt sech am Laf vum Dag awer nach änneren. Vu Porto aus sinn d’Kelly an d’Shari 5 Kilometer getrëppelt, bis si bei de Küstewee komm sinn. Iwwert een Holzpad laanscht d’Mier ass et riicht aus bis op Vila do Conde gaangen. Geplangt ware fir déi Etapp 27 Kilometer, och Google Maps an de Reesféierer hunn dëst sou beschriwwen. Am Endeffekt waren et du bal 40 Kilometer. An nee, si hunn sech net verlaf. Wëll de Wee war mat giele Feiler gutt beschëldert an huet idyllesch Fëscherdierfer passéiert. Tjo, Distanz war awer wuel trotzdeem net korrekt uginn.

Jakobswee

De Küstewee bidd wonnerschéin Vuen

An der Herberg sinn déi zwou Frëndinne mat Bloderen, Sonnebrand a Middegkeet an d’Bett gefall. Et ass just nach duergaange fir eppes Klenges iessen ze goen.

Déi nächst Etapp war dunn d’Stad Barcelos mat enger Distanz vun 29 Kilometer. Et war wierklech schwéier aus dem Bett ze kommen an einfach lass ze goen. Mat gutt 38 Grad am Schied ass et engem och net méi liicht gefall. De Wee war net wierklech schéin, et ass vill iwwert d’Strooss gaangen, mee dofir war d’Etappenziel den Highlight vum Dag. Nodeems eng Stënnchen an der Herberg gerascht an d’Féiss verpléischtert goufen, missten déi zwee onbedéngt d’Ëmgéigend kucke goen, wann och a ganz luesem Tempo. Vun der Architektur an dem generellen Ausgesi vu Barcelos huet dës klengt Stiedchen hinnen däitlech besser gefall wéi Porto.

Mat der nächster Etapp vun 30 Kilometer op Ponte de Lima sollt dann de leschte schmäerzhaft wäite Wee vun dëser Rees ugetruede ginn. An, oh Wonner, et ass richteg gutt viru gaangen. Et hat een sech schonn iergendwéi un d’Gewiicht vum Rucksak (12 Kilo) an d’Blodere gewinnt. Just d’Hëtzt war nach ëmmer schrecklech. Dagesziel huet d’Kelly an d’Shari och net enttäuscht. Ponte de Lima, wat no sengem Floss Lima an der dozou gehéiereger Bréck benannt ass, gëtt mat sengem romaneschen an manuelesche Stil, a Verbindung mat der Natur, einfach ee wonnerschéint harmonescht Bild of.

Déi spuenesch Grenz kennt méi no

No zwou weideren Etappen ass et den 21. August endlech iwwert d’Grenz a Spuenien gaangen. Zu Valenca hunn si Portugal hannert sech gelooss a sinn iwwert déi 318 Meter laang Gitterträgerbréck iwwert de Grenzfloss Minho an d’Nopeschland getrëppelt. An der klenger Stad Pontevedra gouf an engem Pilgerhostel iwwernuecht. Knapp iwwert d’Grenz ass d’Unzuel u Pilger zimlech an d’Luucht gaange, wat een dunn och an der Herberg gesinn huet.

Jakobswee

Endlech a Spuenien ukomm!

Gudd, datt schonn am viraus ee Bett gebucht war. Ab dem Dag sollt da just nach a Mehrbettzëmmere geschlof ginn. Zesumme mat deelweis 60 anere Pilger huet een an engem Zëmmer mat Héichtbetter, déi just Privatsphär duerch eng kleng Rideau gebueden hunn, geschlof. Zu de Reegelen huet da gehéiert, datt d’Schong an een extrat Zëmmer gestallt ginn (wat och dann deementspriechend gericht huet, wann sou vill Leit hir mëffeleg Wanderschong op ee Koup geheien). De Rucksak duerft net op d’Bett, an engem Wäschzëmmer konnt een seng Kleeder per Hand wäschen an ab 22:00 Auer sollt et roueg sinn. An dëst huet alles erstaunlech gutt geklappt!

Jakobswee

Trotz den einfache Verhàltnisser waren d’Better zimlech bequem.

Moies fréi um 5 Auer ass d’Rees firu gaangen. Déi zwou Frendinnen haten aus hire Feeler geléiert a sinn ab dem Zäitpunkt ëmmer virum Sonnenopgank lass getrëppelt, fir net an der praller Sonn goen ze mussen. Nodeems d’Féiss verpléieschter, d’Äerm a Been agecrèmt an de Rucksak erëm gepaakt war, ass et nees viru gaangen.

Mat der Zäit ass een einfach getrëppelt ouni nozedenken. Sou ass de Wee dunn och méi einfach ginn a Strecke vun 20 Kilometer konnte schonn ouni Paus bewältegt ginn. Nodeems dunn an zwou Etappe mam Ziel Redondela a Pontevedra gepackt war, sinn d’Kelly an d’Shari zu Caldas de Reis geland, hirer Meenung no eng wonnerschéin al Stad, déi een onbedéngt gesi muss hunn wann een emol an der Géigend ass. Souwuel al Architektur, wéi och Geschäfter, Muséen an immens gutt Iessen huet des Stad ze bidden. Do war et net schlëmm, datt d’Restauranten eréischt um 20:00 Auer d’Kichen opmaachen, et war schliisslech genuch ze kucken do. Owes hunn si sech fir déi éischt Kéier op der Rees een Dessert an een alkoholescht Gedrénks gegënnt. Esou gutt huet et quasi na ni virdru geschmaacht. Et léiert een déi einfach Saachen ze schätzen.

Op de vergaangenen Etappen hunn vill Restaurante Pilgermenüen ugebueden, déi mat engem Präis vun 8-12 € fir ee Gedrénks, eng Zopp, een Haaptplat an ee Kaffi oder Dessert net ze deier waren.

Padron, virlescht Etappenziel, huet leider an allen Hisiichten enttäuscht. Et hunn sech schrecklech vill Pilger zesumme fonnt, déi de Wee éischter maache fir sech op Social Media ze presentéieren, wéi datt si et fir déi reliéis, spirituell, kulturell oder perséinlech Erfarung interesséieren. D’Stad selwer war och net besonnesch ästhetesch an huet ausser Pulp net vill fir ze iessen offréiert. Gutt, datt een op der Platz just huet missen eng Nuecht schlofen ier déi läscht Etapp fir op Santiago de Compostela ugesteiert gëtt.

Jakobswee

De Giele Feil leed d’Pilger op Santiago de Compostela.

Déi final 21 Kilometer sinn zimlech hiwweleg an doduerch och ustrengend gewiescht. Fënnef Kilometer firum Ziel hat een awer eng pittoresk Vue op déi galizesch Haaptstad. D’Virfreed fir unzekommen ass mat all Schrëtt geklommen a sou ass een scho bal gelaf fir endlech unzekommen. D’Péng vun den Deeg virdru war schliisslech jo zur Gewunnecht ginn.

Santiago de Compostela – leider een Touristemagnéit

D’Uertsschëld vu Santiago huet eng Well u Glécksgefiller ausgeléist. No 20 Minutte war d’Siicht op ee vun de bedeitendste Pilgerzieler, d’Kathedral mat Grafstätt vum hellege Jakobus, fräi. De Rucksak huet net duerfe mat an d’Kierch an ass an engem extrae Büro ofgestallt ginn.

Jakobswee

Si sinn ukomm!

Vu bausse war d’Kathedral am spuenesch gotesche Baustil einfach gigantesch a pompös. Am Géigesaz dozou war d’Ariichtung vum Banneraum zimlech minimalistesch. Et goufe keng Fresken un de Maueren, keng Engelcher un de Sailen an och keng kënschtleresch gestalte Fënsteren. Just de geschéckten Altorberäich an déi riseg Uergel hunn een drun erënnert, datt een sech hei der wichtegster Kierch iwwerhaapt vun dësem Wee befënnt.

Och d’Stad selwer war rëscht enttäuschend. D’Geschäfter a Restaurante sinn op Touristen ausgeluecht, déi sech och a Massen usammelen an Santiago iwwerfëllen. Och d’Schlaang am Pilgerbüro fir den Zertifikat ze kréien, datt een de Wee gaangen ass, war schrecklech laang. Gutt annerhallef Stonn huet et gedauert, fir an 2 Minutten ee Stéck Pabeier an d’Hand gedréckt ze kréien als Belounung fir déi insgesamt 287 Kilometer.

No engem spartaneschen Iessen, well een jo keng 35 € fir eng Paella wollt bezuelen, hunn déi zwou Frëndinnen an der Géigend vun der Universitéit an engem Klouschter geschlof, eng läscht Nuecht an dëser chrëschtlecher einfacher Atmosphär, ier et fir déi zwee mam Zuch op Madrid a vun do aus erëm Richtung Lëtzebuerg gaangen ass.

Eng Erfarung fir d’Liewen

Insgesamt hunn d’Kelly an d’Shari 12 Stied gesinn, 287 Kilometer zeréck geluecht, 2 Päck Blooseplooschteren an eng Rull Leucoplast opgebraucht, mee dofir vill iwwert sech selwer geléiert. D’Rees war deelweis méi entspanend, wéi eng Vakanz um Strand, wëll een ouni Gedanken dobausse war. Et kann ee kierperlech méi packe wéi een denkt, och wann et heiansdo wéi deet. Mee d’Péng vergeet mat der Zäit. Och mat wéineg an einfachem Iessen, dem néidegsten am Rucksak a simpele Schlofméiglechkeete kann een liewen a weess herno ganz banal Saachen, wéi säin eegent Bett rëm ze schätzen.

Trotz Honger a Middegkeet hunn déi zwee sech net an d’Hoer kritt a sinn nach ëmmer als Frëndinne vun der Rees Heem komm. Si géifen esou ee Wee ëmmer erëm maachen, vläicht just an engem net grad sou waarmer Regioun. Et ass eng Erfarung fir d’Liewen, egal aus wéi enge Grënn een sech dozou entscheet de Jakobswee ze goen.

Ähnlech Sujeten Hostel, Jakobswee, Kathedral, Santiago de Compostela, Wanderen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel