Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Wahl 2019: Déi béis Russen hu Falschmeldunge verbreet
welkom dating site Neiegkeeten

belgische dating app

Nodeems déi tschechesch EU-Kommissärin Vera Jourova hirer Iwwerzeegung, datt d‘Russen

free dating website winnipeg
welkom dating site Neiegkeeten

Fënnef Mënsche stierwe bei Onwieder a Südfrankräich

Et ass scho fir d‘Drëtt bannent e puer Wochen, datt

Kritik un der Vergab vun den EU-Spëtzeposten
welkom dating site Neiegkeeten

Kritik un der Vergab vun den EU-Spëtzeposten

Beim EU-Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel (2.

Zwee Muséeën op der Sich no Artefakten – Är Mathëllef ass erwënscht

De militärhistoresche Musée vun Dikrech an den nationale Widderstandsmusée zu Esch géifen sech iwwert Hëllef net beschwéieren

Zwee Muséeën op der Sich no Artefakten – Är Mathëllef ass erwënscht

Am Kader vum 75. Anniversaire vun de Befreiung vu Lëtzebuerg duerch déi alliéiert am September 1944, organiséieren d‘Gemengen Dikrech a Péiteng eng Ausstellung. Et geet heibäi ëm eist Land am Kontext vum zweete Weltkrich. Eng Zäit déi net einfach war a vill Affer gefuerdert huet.

Bis ewell ass gewosst, datt eng 200 Fotoen, Artefakten an Dokumenter sollen Ausgestallt ginn. Dat zu Péiteng am November/Dezember 2019, an dann zu Dikrech am Januar/Februar 2020. Dës Ausstellunge ginn an Zesummenaarbecht mam militärhistoresche Musée vun Dikrech (MnhM), an dem nationale Widderstandsmusée zu Esch-Uelzecht (MnR) organiséiert.

An dësem Kontext erënnere mir drun, datt den nationale Widderstandsmusée zu Esch-Uelzecht grad renovéiert gëtt. Den urspréngleche Charakter vun dësem Musée soll erhale bleiwen. Dat heescht dat eenzeg de Konzept an den Inhalt vun der permanenter Ausstellung, den Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert ugepasst ginn, an esou de wëssenschaftlechen Uspréch gerecht ginn.

Ee Musée verstoppt bekanntlech en aneren, an och zu Dikrech ass de Musée den Ament éischter e Schantjen. Hei gëtt vergréissert, an déi nei Annex soll déi aktuell Aarbechtsperspektiven erweidere wat notamment derzou géif bäidroen, datt een temporär Ausstellungen organiséiere kéint. De Musée ass gutt besicht, an dat net nëmme vun den Touristen, firwat dat ganzt Sënn mécht.

Wéi dir äre Beitrag leeschte kënnt

Déi betraffen Equippe sinn enk matenaner verknäppt, an un Aarbecht feelt bei all dëse Projeten net. Et kënnt e wuel gutt virun, mee esou ganz zefridde mam aktuelle Fundus ass een nach net. An do kommt dir – léif Lieser a Lieserinnen – an d‘Spill. Béid Muséeë sinn op der Sich no Artefakten, Fotoen an Dokumenter. Besonnesch gefrot si Bréiwer, Tagebicher, Zeechnungen an Ähnleches…

Un Themeberäicher feelt et och net: Evakuatioun, Besatzung, Zwangsrekrutéierung, Widderstand, Streik, Kollaboratioun… d‘Lëscht ass laang, fir net ze soen onendlech. Zu all dësen Theme géifen sech béid Institutiounen iwwert „neit“ Material freeën. Och „Material“ aus de Jore virum an nom Krich, ass fir d‘Muséeë vun Interessi, well et derzou bäidréit d‘Zesummenhäng besser ze verstoen.

Jiddereen deen e Beitrag leeschte kann ass häerzlech invitéiert sech bei enger vun den Institutiounen ze mellen: zu Esch ënnert dem Telefon 2754 5995 an zu Dikrech ënnert dem 808 908. Op Wonsch ginn all d‘Saachen un hir Proprietairen zréck, et sief et wéilt een, datt d‘Material an d‘Kollektioune vun de Muséeën integréiert ginn. Hei géifen se gutt versuergt a virum vergiesse gerett, soen se.

Foto: De 25. Dezember 1944 gouf Wolz an der Ardennenoffensiv vun den Amerikaner zréckeruewert; de Lëtzebuerger Fändel um zerschossene Spidol. © 4th armoured Division/US-Embassy collection

Ähnlech Sujeten Befreiung, Dikrech, Esch-Uelzecht, MNHM, MnR, Péiteng, Zweete Weltkrich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel