Wéi gutt kenns du dech mam Tram aus?
Zënter dem 10. Dezember 2017 fiert deen neien Tram! An
Zënter dem 10. Dezember 2017 fiert deen neien Tram! An
Um Donneschdeg huet d‘Staatssekretärin fir Wirtschaft, d’Francine Closener (LSAP), de
Et ass de Summer 1945. Um Enn vu senge Kräft
Ab muer Dënschdeg dem 22. Mee ass jiddereen deen aktiv um Verkéier deel hëlt gutt beroden uecht ze dinn. De Grond ass einfach, zwee nei fix Radare ginn operationell. Bei engem vun dësen, ass dann och d‘Vitesse op der „Piste“ erofgesat ginn.
Ee vun de Radaren ass op der CR 118 geleeën, direkt tëscht Miersch an Aangelsbierg. Op der Plaz wou de Radar steet, ass dann och d‘Vitesse vun 90 op 70Km/H erofgesat ginn. Hei ass de Chauffeur gutt beroden seng Gewunnechten ze iwwerdenken.
Den zweete Radar hunn d‘Autoritéiten op der N8 tëscht Saeul a Brouch opgestallt. Och dësen ass op enger Streck geleeën, wou déi maximal Vitesse op 70 Km/H begrenzt ass. Zudeem dierf op dësem Stroossenofschnëtt net iwwerholl ginn.
Hale mer nach séier fest, datt e weidere Radar kuerzfristeg um Enn vun der A4 (Esch) an Déngscht geholl gëtt. Den am Volleksmond genannten „Discopoul“ gëtt um Niveau vum Kreesverkéier Raemerech installéiert. De genauen Zäitpunkt vu senger „mise en service“ ass nach net bekannt.