Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Keen ageschriwwene Bréif well s de geblëtzt gi bass
Neiegkeeten

Keen ageschriwwene Bréif well s de geblëtzt gi bass

Fir déi „schnell“ hannert dem Steier gëtt et geschwënn eng

E staarkt Benevolat am Naturschutz – eis Insekten
Neiegkeeten

E staarkt Benevolat am Naturschutz – eis Insekten

Scho säit méi wéi 400 Millioune Joer existéieren Insekten op

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Déi éischt Projete goufen opgeholl
Neiegkeeten

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Déi éischt Projete goufen opgeholl

Ab dem 19. Dezember 2019 gëtt ee ganzt Joer laang

Gratulatioun: Zwee nei Schäffe goufe vereedegt

Gratulatioun: Zwee nei Schäffe goufe vereedegt

Gëschter sinn bei enger offizieller Zeremonie zwee nei Schäffe vun der Inneministesch Taina Bofferding vereedegt ginn.

Sou ass de Raphael Gindt zum Schäffe vun der Gemeng Leideleng ginn. D’Carole Krier krut d’Fonktioun vun der Schäffin vun der Gemeng vun der Vallée de l’Ernz zougesprach. Um fréie Mëtteg hunn si zwee der Inneministesch Taina Bofferding hiren Eed ofginn, den nom Artikel 6 aus dem Gemengegesetz, wat um 13. Dezember 1988 geännert ginn ass, folgendermoosse geet:

„Je jure fidélité au Grand-Duc, d’observer la Constitution et les lois du pays, et de remplir avec zèle, exactitude, intégrité et impartialité les fonctions qui me sont confiées.?

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Carole Krier, Schäffin vun der Gemeng vun der Vallée de l’Ernz; Raphael Gindt, Schäffe vun der Gemeng Leideleng; Taina Bofferding, Inneministesch © MINT

Ähnlech Sujeten Carole Krier, Leideleng, Raphael Gindt, Taina Bofferding, Vallée de l'Ernz, Vereedegung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel