Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stenia Zapalowska – ee Liewe fir den Danz
https://moien.lu/matchmaking-fortnite-keys/ Neiegkeeten

https://moien.lu/how-to-tell-someone-you-dont-want-to-keep-dating-them/

Um 8. Mee invitéiert den Centre National de Littérature (CNL)

trieste dating
https://moien.lu/matchmaking-fortnite-keys/ Neiegkeeten

10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen

Scho säit 2009 ass et d’Missioun vun der Fondatioun EME,

money
UNI.LU: Eng global Recherche an der Finanz-Technologie
https://moien.lu/matchmaking-fortnite-keys/ Neiegkeeten

UNI.LU: Eng global Recherche an der Finanz-Technologie

Dräi Rechtsprofessere vun der Universitéit Lëtzebuerg, der Universitéit vun Hong

Zwee wéi Pech a Schwiefel: Orban empfänkt Salvini

Kënnt et zu enger neier Unioun vun de „Riets-Baussen“ ?

Zwee wéi Pech a Schwiefel: Orban empfänkt Salvini

An dräi Woche sinn d‘EU-Wahlen, an den Interessi ass éischter geréng. Dovunner profitéieren, dat ass verwonnerlech net genuch, net d‘Banken an d‘Konzerner. Bei dësen europäesche Wahle sinn et d‘Populisten, d‘Nationalisten an déi ultrakonservativ Parteien, déi beschte Chancen hunn d‘Figuren um politesche Schachbriet ze ersetzen.

Gëschter war den italieneschen Inneminister Matteo Salvini beim ungaresche Ministerpresident Victor Orban op Besuch, an et ass net ëm bilateral Gespréicher gaangen. De charismatesche Leader vun der rietsextremer Lega Nord, géif et nähmlech begréissen, wann et no de Walen zu enger neier Allianz vun „Gläichgesënnten“ géif kommen. A Gläichgesënnt, dat trëfft bei deenen Zwee de Punkt.

Woubäi jo eigentlech, de Victor Orban a seng Fidesz nach Member vun der EPP sinn, wou si sech awer wéi de spréchwiertlechen „Elefant am Parzeläinsbuttek“ behuelen, an zuweilen an den eegene Reien zolidd ënnert de Rimm fachen. Elo versicht den ungaresche Ministerpresident d‘EPP vun enger wuel fundéierter Kooperatioun mam Salvini senger neier „Riets-Allianz“ ze iwwerzeegen.

„Europa brauch Parteie wéi déi vum Salvini. Jonk, frësch Kräften!“, esou de Victor Orban, deen dem Italiener seng Zesummenaarbecht versprach huet. „Entscheedend“, esou de Ministerpresident weider „entscheedend ass wie fir d‘Migratioun, a wie géint d‘Migratioun ass“. A mir erënneren eis: Populismus ass déi grouss Konscht de Leit einfach Äntwerten op komplex Froen ze ginn.

Europäesch Allianz vun de Vëlker an de Natiounen

Esou behaapt de Victor Orban, datt alles wat lénks vun der EPP ass, sech fir d‘Migratioun asetzt, a Parteien „riets“ vun der EPP, esou wéi dem Matteo Salvini seng geplangten „Europäesch Allianz vun de Vëlker an de Natiounen“ sinn dergéint. Et géif also ersiichtlech Grënn, déi fir eng enk a gutt Zesummenaarbecht géife schwätzen. Dat dobäi den europäesche Gedanke fleete geet, ass egal…

An den Italiener weess sech och gutt ze ëmginn. Wéi et heescht géif et entspriechend „Interessi“ un dëser neier Allianz: zougesot hunn de franséische „Rassemblement National“ vum Marine Le Pen, an natierlech dierfen esou „grondsätzlech demokratesch orientéiert“ Parteie wéi déi däitsch AfD an éisträichesch FPÖ an esou enger Allianz „vun der Toleranz an dem Fortschrëtt“ net feelen.

Déi grouss Fro déi sech duerch dat Treffen, an déi dorausser resultéierend Aussoe stellt: „Ass dat schonn dee berühmte Feeltrëtt, deen aus de Suspendéierung vun der Fidesz innerhalb der EPP, den Ausschloss erbäiféiert?“. A fir déi ze beäntwerte muss de Bléck op eis däitsch Noperen, méi Prezis, op Bayern fixéiert ginn. An der CSU huet den ungaresche Ministerpresident net nëmme Frënn.

Schwiefel

De Matteo Salvini, deen dofir gesuergt huet datt kee Schëff mat Migranten/Flüchtlingen en italieneschen Hafe kann ulafen, wëll eng nei Fraktioun zu Stroossbuerg aféieren: d‘Europäesch Allianz vun de Vëlker an de Natiounen. © © Gergely Botar/kormany.hu

Grenzen tëscht „Frënd“ a „Feind“ si fléissend

Während den CSU-Politiker a Kandidat fir d‘Amt als EU-Kommissiounspresident, Manfred Weber dem Victor Orban de Réck stäipt, spillt den CSU-Parteipresident a bayresche Ministerpresident, Markus Söder, de Spillverdierwer. Deen huet zum Treffen tëscht Orban a Salvini och esou seng Meenung, an dat ass erwisenermoossen net grad déi beschten. Hie gesäit an der Allianz eng Gefor.

Esou stellt de Markus Söder fest: „Wann ee sech dat Bündnis vum Salvini mat aneren esou ukuckt, dat zudeem dat erkläerten Zil huet Europa ze destabiliséieren, dann ass dat Treffen tëscht dem Victor Orban a Matteo Salvini méi wéi nëmmen e Staatsbesuch. Et ass d‘Ukënnegung vun enger schlechter Entwécklung“. Woubäi dat wat sech gutt „unhéiert“, dann och misst ëmsetze loossen.

Fir den Drock entspriechen héich ze halen, huet och d‘CDU-Cheffin Annegret Kramp-Karrenbauer dem ungaresche Ministerpresident ze verstoe ginn, datt hie sech mat senger Entscheedung de Wee zréck an d‘EPP verspäert. Esou kuerz virum Wahltermäin kritt dann och de Manfred Weber „kal Féiss“ behaapt: „…et gëtt kengerlee Zesummenaarbecht mat rietse Partien no der EU-Wahl“.

Fokusséiert op Migranten a Flüchtlingen

Angscht maachen an d‘Liichtfankegkeet vu Mënschen ausnotzen, déi de Projet „Europa“ engersäits ni mam néidege Seriö erkläert, an anersäits – am Kontext vun der Nationalpolitik – als bürokratescht Monster verkläert kruten, ass ëmmer méi einfach, wéi e liewensfäege Géigeprojet ze presentéieren an deem Mënscherechter an Humanitéit hir Plaz hunn. An de Geschäftsmodell schéngt opzegoen…

Esou hu béid Politiker dann och ee ganz besonneschen Uert fir hiert Treffen ausgewielt. Si hunn sech vun de Medie beim flanéiere laanscht deen 2015 gebauten Zonk un der Grenz zu Serbien filmen a fotograféiere gelooss, fir ze betounen: „D‘Positioune vun der ungarescher an italienescher Regierung sinn identesch. (…) Mir mussen d‘EU-Grenze virun der Migranteninvasioun schützen“.

Eng interessant Ausso, wa gewosst ass, datt zanter Méint, dat wat déi zwee Faschisten als Invasioun bezeechnen, esou kee Bestand méi huet. Si profitéiere vu ville Feeler déi gemaach gi sinn, an dem Mangel u Solidaritéit innerhalb der europäescher Communautéit. Dat awer féiert onweigerlech zur Ofschottung, wat an der Konsequenz och wirtschaftlech Repercussioune mat sech brénge wäert.

mat indymedia/bud/rom

Foto: (v.l.n.r.) den italieneschen Inneminister, Matteo Salvini, an den ungareschen Inneminister Sandor Pinter hu grousse Wäert drop geluecht ze betounen, datt Ungarn an Italien déi selwecht Siichten deelen. © Gergely Botar/kormany.hu

Ähnlech Sujeten EU-Wahlen, Italien, Matteo Salvini, Migratioun, Ungarn, Victor Orban
Nächsten Artikel Virrechten Artikel