Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spoilers! Einfach driwwer schwätze geet net!
Neiegkeeten

Spoilers! Einfach driwwer schwätze geet net!

Dës läscht souz ech zesumme mat Kollegen op enger Terrasse.

D‘Message vum OGBL (Video)
Neiegkeeten

D‘Message vum OGBL (Video)

Grad an Zäite wou Noutstandsgesetzer d‘Kontroll iwwert eise soss dach

Venom Prison, Bury Tomorrow a Parkway Drive: Metalcore-Bommen am Atelier!
Neiegkeeten

Venom Prison, Bury Tomorrow a Parkway Drive: Metalcore-Bommen am Atelier!

Kee Wonner, datt dëse Concert schonn no esou kuerzer Zäit

Zweet Erdrénken – Wann de klenge Kierper ëm d’Iwwerliewen kämpft

Zweet Erdrénken – Wann de klenge Kierper ëm d’Iwwerliewen kämpft

De Summer ass do – wat gëtt et Besseres ewéi sech um Stauséi, an der Schwemm oder an engem klenge Basseng e bëssen Ofkillung ze verschafen? Zemools wann e kleng Kanner huet, muss een alles mat Virsiicht genéissen. Nieft dem normalen Erdrénken, kann et nämlech och nach zum sougenannten zweeten Erdrénke kommen.

Just e puer Schluppe Waasser an der Long ginn duer, fir uerg Folge mat sech ze bréngen. Direkt nom Verschlécken geet et de Kanner normalerweis gutt. Si spillen a plansche monter weider. Déi éischt Symptomer trieden an der Reegel e puer Stonnen méi spéit op: Nieft Houscht a Féiwer ginn déi Kleng vun Iwwelzegkeet (mat Erbriechen) gequäält. Dacks gëtt un en Infekt geduecht.

T’ass awer vill méi. De klenge Kierper kämpft ëm d’Iwwerliewen, wëll d’Waasser an de Longen um Ootmen hënnert. Schonn zwee Milliliter Waasser pro Kierpergewiicht si bedenklech. Ënnert anerem kann et zu Entzündunge kommen, déi zu Sauerstoffmangel féiere kënnen.

Zweet Erdrénken

© Raphael Biscaldi / Unsplash

Ouni Behandlung verschlechtert sech den Zoustand konsequent an am schlëmmste Fall kann et zum Dout féieren. D’Symptomer kënnen nach 24 Stonnen nom naasse Spaass optrieden. Dofir ass et am Beschten, dass den Dokter en A op de Patient geheit; léiwer emol ze vill, ewéi ze wéineg. E séiert Agräife ka Liewe retten!

Preventioun ass immens wichteg! Kläert d’Kanner iwwer Geforen am Waasser op, zemools déi ganz Kleng fuerderen déi ganz Opmierksamkeet. Loosst Iech net dervunner täuschen, dass d’Waasser net déif ass. Kuckt net op den Handy, gitt keng Glace kafen a loosst d’Fanger vun Ärem Buch – ausser d’Kand ass bei Iech. Oder een aneren huet en A drop! Verloosst Iech net op de Schwammmeeschter, och hien huet net alles am Bléck.

Glécklecherweis kënnt dat Erdrénke relativ seele vir. Just 1 bis 2 Prozent vun den Doudesfäll ginn domat an Zesummenhang bruecht.

An deem Sënn: Genéisst de Summer a passt op Iech op!

Opmaacherbild © Frank McKenna / Unsplash

Ähnlech Sujeten Basseng, Behandlung, Dokter, Dout, Féiwer, Houscht, Kanner, Liewe retten, Longen, Preventioun, Schwämm, Schwammen, Stauséi, Verschlécken, Waasser an de Longen, Zweet Erdrénken
Nächsten Artikel Virrechten Artikel