Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

love
Prost op de Millésime 2017
Kultur Stories

Prost op de Millésime 2017

Net nëmmen de Baueren hunn d‘Laune vum Wieder dëst Joer

tongue
EU-Sommet zu Tallin mat fromme Wonsch ofgeschloss
Kultur Stories

EU-Sommet zu Tallin mat fromme Wonsch ofgeschloss

2018 wëll d’EU-Kommissioun nei Reegele virstelle fir d’Gigante vum digitale

What the Fakt – d’Mauer fält, Däitschland ass nees vereent!
Kultur Stories

What the Fakt – d’Mauer fält, Däitschland ass nees vereent!

28 Joer laang war Ost- a Westdäitschland duerch eng Mauer

Déi zweet Staffel vun Jessica Jones ass anescht, mee huet seng Stäerkten

D’Marvel Serien op Netflix hu bei wäitem net ëmmer dee selwechte qualitativen Niveau. Wie sech un The Iron Fist erënnert, weess nëmmen ze gutt, wéi eng Ofgrënn hei erreecht kënne ginn. Jessica Jones gouf do an der éischter Staffel e gutt Stéck besser opgeholl an huet an The Defenders eng vun deene bessere Personnagen duergestallt. Déi zweet Staffel vum Jessica Jones ass zënter Mäerz op Netflix disponibel. Si packt et anescht, awer weiderhi gutt ze sinn.

Wann et an der éischter Staffel dorëmmer goung, d’Jessica Jones am Kontrast zum Killgrave ze definéieren, esou geet een hei mi wäit an d’Vergangenheet gruewen. Ganz konkret wëll ee gären eraus fannen, wéi d’Jessica Jones u seng Kräfte komm ass a wat no deem Accident geschitt ass. Am Géigesaz zur éischter Staffel ass d’Jessica Jones hei ganz op sech gestallt: De Luke Cage bleift komplett op der Säit an e richtegen Antagonist sicht een och ëmsoss. Dat suergt fir eng aner Dynamik: Et geet méi ëm e Mysterium an d’Hannergrondgeschicht, wéi ëm soss eppes.

Och ouni richtegen Antagonist bleift d’Serie weider spannen

Dat heescht och, datt a punkto Spannung eng Verlagerung stattfënnt. Dat ass net onbedéngt schlecht, mee et kann een e bësschen duerchernee maachen, wann ee mat gewëssen Erwaardungen an dës nei Staffel geet. Well si mer eis eens: De Killgrave war e fantasteschen Antagonist, deen déi éischt Staffel mat ganz vill Energie versuergt huet. Do kënnt dës zweet Staffel e gutt Stéck mi roueg eriwwer an et ass och definitiv eng mi perséinlech Affär.

Wann ee bis dran ass a mat deem Wiessel gutt eens gëtt, da rappt een dës Staffel och fréier oder spéider mat. Mee si braucht dofir e puer Folge mi laang, wéi di éischt, wat mat sech bréngt, datt vill Leit schnell wäerten ofschalten. Dobäi ass vun der Inzenéierung wéi och vun der schauspillerescher Leeschtung hier wéineg heirun aus ze setzen. Villäicht wierkt Duerstellung vun anere Figure mat Superkräft plazeweis enorm platt an de Schluss léisst express Saachen op, fir eng weider Staffel, déi scho confirméiert ass, hannen drun ze setzen. Mee dat sinn am grousse Ganzen nëmmen Klengegkeeten, déi een net dovunner sollen ofhalen, dës Serie weider ze genéissen.

Jessica Jones ass exklusiv op Netflix ze gesinn.

Fotoen: David Giesbrecht/Netflix

Nächsten Artikel Virrechten Artikel