Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OPGEPASST: Net gekennzeechente Sesam am Humus vu „Boni Selection“
Neiegkeeten

OPGEPASST: Net gekennzeechente Sesam am Humus vu „Boni Selection“

Wéi d’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet matdeelen, enthält den Humus

Brasilien baut Stadien zu Nout-Lazaretten ëm
Neiegkeeten

Brasilien baut Stadien zu Nout-Lazaretten ëm

Wann d‘Mënschheet net Amstand ass aus der Geschicht seng Léieren

De „Green Deal“ vun der EU-Kommissioun
Neiegkeeten

De „Green Deal“ vun der EU-Kommissioun

Fir de Klimaschutz soll d‘EU-Wirtschaft komplett ëmgebaut ginn, fir datt

Summer 2020: Zweetwäermsten August zënter den Temperaturopzeechnunge vun 1838

Summer 2020: Zweetwäermsten August zënter den Temperaturopzeechnunge vun 1838

Zum Ofschloss vum meteorologesche Summer 2020 huet de staatleche Wiederdéngscht AgriMeteo vun der ASTA vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, seng Analys vum 1. Juni 2020 bis den 31. August 2020 verëffentlecht. Dobäi stieche besonnesch déi iwwerduerchschnëttlech Summertemperaturen (+ 0,7°C) an eng Hëtztwell vun 12 Deeg am August ervir.

Am Juni a Juli 2020 sinn d’Temperaturen relativ duerchschnëttlech ausgefall. Dofir konnt sech awer den August als zweetwäermsten säit dem Ufank vun den Temperaturopzeechnungen am Joer 1838 presentéieren, dat mat iwwerduerchschnëttlechen Temperaturen (bis zu + 3,3°C zu Kënzeg).

Zu Steesel huet den Thermometer um 9. August ganzer 38,3°C ugewisen. Un der Statioun zu Kënzeg konnten Dagesmëtteltemperaturen un 12 konsekutiven Deeg iwwert 20°C an u 5 konsekutiven Deeg souguer iwwert 25°C gemooss ginn.

Generell ass de Summer 2020 den zéngtwäermsten, deen zu Lëtzebuerg säit 1838 gemooss ginn ass. Nodeems mir als éischt eng kleng summerlech Begréissung erlieft hunn, koum am Juni d’Schofskeelt, bei där d’Temperaturen ënnert 10 °C gefall sinn. An den éischten dräi Woche vum Juli hu mir eis liicht ënnert dem Normalwäert befonnt, wärend den August eis mat enger ongewéinlech laanger Hëtztwell getraff huet.

An dësem Kader erënnert AgriMeteo och nach emol un den Hierschtstuerm „Kirsten“, bei deem zu Reiler Wandstéiss vu 85 km/h opgezeechent goufen.

August

© Ali Saadat / Unsplash

En dréchene Summer

D’Reenzommen vum Summer 2020 louche landeswäit signifikant ënnert den Duerchschnëttswäerter vun der Referenzperiod 1981-2010. Ma, bis op e puer lokal Wiederen sinn de Juli an August immens dréchen ausgefall. Besonnesch de Süden an d’Musel hunn ënnert der Dréchent gelidden. Am Stäerksten konnt een dat zu Gréiwemaacher (-86 mm) an am Mannsten zu Wëntger (-1 mm) feststellen.

Wärend de Juni nach liicht iwwerduerchschnëttlech ausgefall ass, konnt een, duerch d’Wäerter un alle Statiounen, de Juli schonn ënnert déi 10 dréchenst Juliméint säit 1851 areien. Dës Dréchent huet sech a August weider duerchgesat.

Doduerch koum et zur staarker Ausdréchnung vum Buedem, dee sech nach net vum Reemangel am Fréijoer erholl hat.

D’Wiederdaten kommen aus dem Miessnetz vun 32 automatesche Wiederstatiounen aus alle Regioune vum Land. Dobäi gi besonnesch d’Wäerter vun de 4 representative Statiounen zu Aassel (Norden), Kënzeg (Süd-Westen), Réimech (Musel) a Gréiwemaacher (Musel) mat den Duerschnëttswäerter vun der Referenzperiod 1981-2010 verglach. Déi detailléiert Daten vun den 32 ASTA Wiederstatiounen fannt Dir op www.agrimeteo.lu.

Opmaacherbild: ©Keagan Henman / Unsplash

Ähnlech Sujeten AgriMeteo, ASTA, Dréchent, Hëtztwell, Kënzeg, Kirstin, Landwirtschaftsministère, Meteorologesche Summer, Schofskeelt, Summer 2020, Waarm, Zweetwäermsten August
Nächsten Artikel Virrechten Artikel