Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

laughinglove
Galerie: Dag vun der aler Karosserie am Fonds de Gras
International Neiegkeeten

Galerie: Dag vun der aler Karosserie am Fonds de Gras

Um Sonndeg huet um Site vum Train 1900 am Fonds

Big Mouth weist, wéi rëffeg Pubertéit ka sinn – an ass grad dowéinst erfrëschend
International Neiegkeeten

Big Mouth weist, wéi rëffeg Pubertéit ka sinn – an ass grad dowéinst erfrëschend

Einfach nëmme krass si geet am Beräich vun der Animatioun

De Kollektivvertrag an der Fonction Publique ka kommen
International Neiegkeeten

De Kollektivvertrag an der Fonction Publique ka kommen

Et war e wäite Wee bis zum Ofschloss vum Kollektivvertrag

D’Zwiebelfreunde an Däitschland geroden an d’Viséier vun der Police

Si se Affer vu falsche Konklusioune ginn?

D’Zwiebelfreunde an Däitschland geroden an d’Viséier vun der Police

Et ass e Fall, dee staark kritiséiert gëtt. An Däitschland koum et den 20. Juni zu enger Hausduerchsuchung beim Veräin Zwiebelfreunde e.V.. Kléngt no enger Gaardekommun, ass awer a Wierklechkeet e Veräin, dee sech fir en anonymmen Zougang zum Internet asetzt. Mee dowéinst sinn se net vun der Police ënnert d’Lupp geholl ginn.

Firwat ass dëst geschitt? Well eng Internetsäit, déi zu Gewalt géint d’AfD oprifft, hiren E-Mail-Account bei der Plattform Riseup huet. Well een dës Plattform ënnert anerem iwwert d’Zwiebelfreunde ka mat engem Don ënnerstëtzen, schéngt ee bei der däitscher Police op d’Iddi komm ze sinn, datt d’Zwiebelfreunde d’Bedreiwer vu Riseup wieren. An domat och d’Bedreiwer vun der Protestsäit sinn. Tatsächlech gëtt Riseup – eng Email-Plattform, däer hir Offer sech als eng anonym Alternativ zu Gmail positionéiert – an den USA bedriwwen.

D’Kritik kënnt vu ville Säiten

Op mannst resuméieren d’Frënn vun der Ënn, eng A.S.B.L, déi sech hei zu Lëtzebuerg fir dat selwecht asetzt, d’Situatioun. Tatsächlech huet dës Hausduerchsuchung fir héich Wellen an der Press gesuergt. Ënnert anerem beim Spiegel ass nozeliesen, wéi et zur Hausduerchsuchung komm ass. U Kritik huet et dann dëser Deeg net gefeelt, esou beispillsweis säitens dem Chaos Computer Club Däitschland. Déi schreiwen dann och, datt en Openlab zu Augsburg am gläiche Kader duerchsicht gi sinn.

“Wann Police aus Däitschland sech an deem Fall och nëmmen 5 Minutten Zäit geholl hätt, dann hätt een séier erausfonnt, datt dat esou net ka sinn”, schreiwen d’Frënn vun der Ënn am Communiqué a bezéien sech op d’Schlussfolgerungen vun der däitscher Police an dësem Kontext.”Einfach eemol uruffen oder eng E-Mail hätt ville Leit, vill Misère kënnen erspueren.” D’Frënn vun der Ënn kritiséieren an hirem Communiqué op d’Schäerfst d’Virgoe vun der Däitsch Justiz.

A Beschlag geholl goufe ganz spezifesch d’Donnéeën vun all deenen, déi iwwert d’Zwiebelfreunde en Don u Riseup gemaach hunn. Si betounen op hirer Säit dës Weideren, näischt mat der eigentlecher Infrastruktur vu Riseup ze dinn ze hunn. Bei netzpolitik.org erzielen se, wéi genau alles geschitt ass.

 

Ähnlech Sujeten Chaos Computer Club, Frënn vun der Ënn, Riseup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    0

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    4

  • WTF

    1

  • Crazy

    0

  • Love

    0