Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OGBL: Globalverhandlunge vum ganzen ëffentleche Secteur
https://moien.lu/usernames-for-online-dating/

OGBL: Globalverhandlunge vum ganzen ëffentleche Secteur

Um 11. Februar huet sech d’Delegatioun vum OGBL, zesumme mam

who is kylie jenner dating travis scott
https://moien.lu/usernames-for-online-dating/

https://moien.lu/dating-place-in-ktm-valley/

Den Donald Trump an de Xi Jinping un e Samschdeg

Géint de Kriibs rocken!
https://moien.lu/usernames-for-online-dating/

Géint de Kriibs rocken!

De Kampf géint Kriibs kennt vill Fronten, awer och vill

Zwielef GIFs fir et duerch de Gemengewahlkampf ze packen

Zwielef GIFs fir et duerch de Gemengewahlkampf ze packen

De Gemengewahlkampf zitt gläich un. Spéitstens mat der Rentrée geet et esou richteg lass, a mir wëssen all, wat dat heescht: Masseg Diskussiounen op Facebook, Twitter a co. A wéi sou oft, seet e Bild méi wéi honnert Wieder. E beweegt Bild kann souguer nach méi Wieder couvréieren, an dofir hu mir hei zéng GIFs, déi iech hëllefen, Adequat op Diskussiounen ze reagéieren, ouni iech d’Fanger Wonn ze tippen.

Facepalm

 Et ass de Klassiker, de Must vun alle Reaction-Gifs: De Facepalm. Wann et mat engem Facepalm net duer geet, da muss een se all huelen. A fir all déi Kéieren, wou s de d’Dommheet vun engem Kommentar einfach net begräife kanns, geet dat och schonn net méi duer.

Popcorn

Ech sinn nëmmen hei, fir d’Kommentaren ze liesen! Ëmmer da passend, wann s de vu vir era weess, datt den Ënnerhalungswäert vun de Kommentare gréisser ass wéi all inhaltlech Diskussioun. Gëtt et an endlose Varianten, hei déi aus dem Clip um Michael Jackson sengem Thriller.

Ewech domat

Wann de Facepalm einfach net duergeet, hëlleft dës Gif aus Parks and Recreation weider

Blinking Guy

Vir denger genereller Verwonnerung iwwert e Kommentar Ausdrock ze verleeën ass de Facepalm oft ze staark. Mee keng suerg, dëst Geblinzels ass subtil, mee eendeiteg!

Slowclap

Dir gefält e Kommentar extrem gutt? Do hëlleft Slowclap weider! Mee opgepasst, d’Cinephiler wëssen datt de GIF aus Citizen Kane kënnt an do enger extrem schlechter Duerstellung geklappt gëtt… kann also och ironesch gebraucht ginn!

You are tearing me apart, Lisa!

Dës herrlech Gif aus dem Kult-Trash-Film The Room kann deng ënnerlech Zerraptheet kloer zum Ausdrock bréngen. Kann och praktesch sinn, fir kënschtlechen Melodrama oppen ze leeën.

Fingerquotes

Ëmmer gutt, wann ee mengt, e misst alles tëscht Gänseféisschen setzen, obwuel et net néideg wier.

Dr Evil

E Kommentar ass laut dem Schreiwer iwwerméisseg gescheit, mee an dengen An tatsächlech fuerchtbar domm? Den Dr Evil aus Austin Powers hëlleft do weider.

YAAAARGHFL!!

E Kommentar ass iwwerméisseg hysteresch? De Stephen Colbert huet eng passend Reaktioun parat.

Nothing to see here!

Eng Variatioun op d’Popcorn Gif: Du weess, datt et an enger Kommentar-Sektioun gläich fuerchtbar abgeet oder wëlls einfach onnéidegen Drama (ouni Erfolleg ze hunn) verhënneren.

But that’s none of my business

E Gif deen einfach resuméiert: Mee dat geet mech näischt un.

Und ab…

Eng Kommentar-Sektioun gëtt esou lächerlech an domm, datt s de näischt méi mat ze dinn wëlls hunn? So heimatter einfach Äddi!

 

Ähnlech Sujeten Gemengewahlen 2017, Gifs, Internet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel